Search

You may also like

Spadséierfaarte mam Moto sinn erlaabt
International Neiegkeeten Stories

Spadséierfaarte mam Moto sinn erlaabt

Nodeems et eppes Hickhack ginn huet, zum wéini dierf een

De Konkurrenzkampf ass bei de Schoulen ukomm, esou d’Gewerkschaften
International Neiegkeeten Stories

De Konkurrenzkampf ass bei de Schoulen ukomm, esou d’Gewerkschaften

Fir den SEW-OGBL ass déi ëffentlech Schoul einfach net méi

Editorial: Loosst mech a Rou… ech si Geimpft
International Neiegkeeten Stories

Editorial: Loosst mech a Rou… ech si Geimpft

Et ass jo richteg, datt engem no elo iwwer 13

Grousse Gewënner: 21 Mol Gold fir d’Crémants de Luxembourg!

De Grand-Duché iwwerzeegt beim Concours National des Crémants de France et de Luxembourg 2019

Grousse Gewënner: 21 Mol Gold fir d’Crémants de Luxembourg!

Um vergaangene Freideg huet déi 28. Editioun vum Concours National des Crémants de France et de Luxembourg stattfonnt. D’Crémants de Luxembourg huet a voller Linn iwwerzeegt an duerften 21 Mol Gold entgéint huelen. Gratulatioun!

Nieft de franséische Wäibauregiounen Alsace, Burgund, Bordeaux, Limoux, Loire, Die, Jura a Savoie ass et der Lëtzebuerger Musel als eenzeg net-franséich Wäibauregioun erlaabt, säi Crémant mat an de Concours ze schécken. Déi iwweraus positiv Bewäertunge vun de franséische Verkoschter beweisen nees, datt de Crémant de Luxembourg mat der Konkurrenz mathale kann.

Crémants

Déi Lëtzebuerger Delegatioun © MA/IVV

Op méi wéi 40 Dëscher sinn d’Cremante vun ënnerschiddleche Vertrieder vun den Ubaugebidder a véier Ënnerkategorien (Blanc Brut, Blanc Brut Millésimé, Rosé Brut, Blanc de Noirs Brut) blann geschmaacht ginn. D’Verkoschter vun de Lëtzebuerger Cremanten hate grousse Gefalen un de ronn 80 gestallte Prouwe fonnt. Insgesamt konnten d’ Crémants de Luxembourg 21 Gold- a 6 Sëlwermedaile mat un d’Musel bréngen.

D’Lëtzebuerger Delegatioun, déi sech aus Vertrieder vun der Genosseschaft Domaines Vinsmoselle, Privatwënzer, dem Wäinhandel, der Press an dem Wäibauinstitut zesumme stellt, huet voller Freed no dësem immense Succès d’Stëpp fléie gelooss!

Opmaacherbild: D’Degustateure vun der Lëtzebuerger Delegatioun © MA/IVV

Related topics Concours National des Crémants de France et de Luxembourg, Crémants de Luxembourg, Domaines Vinsmoselle, Musel, Wäibau
Next post Previous post