Dank dësem Partenariat fanne méi Leit eng Aarbecht
Déi éischt Editioun vum Programm: „Entreprisen, Partner fir d’Aarbecht“, deen
Déi éischt Editioun vum Programm: „Entreprisen, Partner fir d’Aarbecht“, deen
Nodeems de Recep Tayyip Erdogan déi moslemesch Welt opgeruff huet
A senger Ried huet de Minister den Engagement vum IBLA gelueft an de Beitrag fir déi Lëtzebuerger biologesch Landwirtschaft ervir gehuewen, dee sech duerch zuelräich Projeten an der Recherche, virun allem um Niveau vun de Leguminosen, wéi och de Berodungsservicer fir Baueren auszeechent.
Dëst Joer sollt et eng ganz besonnesch Editioun vum Bio-Agrar-Präis ginn. De Jury huet nämlech eng Retrospektiven op déi lescht Joren a Kooperatioun mat alle Gewënner vun 2009 bis 2015 gehäit. Vun de 14 wielbare Kandidaten haten der 9 hir Kandidatur agereecht, woubäi d’Evolutioun vun de Projeten an/oder d’Beméiunge festgehale goufen, wéinst deenen si an de leschte Jore belount gi sinn. De Gewënner ass schliisslech vun engem Jury, deen aus 10 Memberen aus verschiddene Beräicher bestanen huet, ausgewielt ginn.
Mam Bio-Agrar-Präis, dee mat 4000 € dotéiert ass, soll eng Belounung fir déi biologesch Landwirtschaft sinn. De Präis ass destinéiert u Persounen, Organisatiounen an/oder aktiv Entreprisen aus dësem Secteur (Produktioun, Transformatioun, Commerce, Recherche,…), sou wéi och un déijéineg, déi der biologescher Landwirtschaft am Grand-Duché eng grouss Hëllef waren.
Eng éischte Kéier ass de Präis am Joer 2009 iwwerreecht ginn. Dobäi gliddert e sech an den nationalen Aktiounsplang zur Fërderung vun der biologescher Landwirtschaft an, mam Zil, aktiv d’Entwécklung vun der Bio-Landwirtschaft zu Lëtzebuerg ze ënnerstëtzen. An dësem Joer gëtt eng nei Versioun vun dësem nationalen Aktiounsplang opgestallt.
Opmaacherfoto: (v.l.n.r.) Steffi Zimmer, Direktesch vum IBLA; Monique Decker, ASTA, MA; Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung; Claude Felten, President vum IBLA © MA (Landwirtschaftsministère)