Stater Braderie: Vill Leit, vill gutt Geschäfter an e bëssi Politik
De „Fouerméindeg“ op deem an der Stad Lëtzebuerg déi traditionell
De „Fouerméindeg“ op deem an der Stad Lëtzebuerg déi traditionell
[onionbuzz quiz-id=198][/onionbuzz] Och d’Uelzecht ass ee vun de wichtegste Flëss
An engem Communiqué huet den UN-Generalsekretär Antonio Guterres bekannt gemaach,
Et ass net einfach eng Summerlachs-Noriicht: Wann d’Stréibotten bei de Baueren a Flame stinn, dann ass de Schued grouss! Sou goufe mer op Nofro hin vum Service d’Economie Rurale gewuer, datt esou ee Ballen tëscht 25 – 30€ wäert kaschten. De Präis pro Tonne läit bei ongeféier 100€. Dësen ass och wéinst der Drëschend esou héich. Ëmsou méi falen domadder d’Bränn an de leschte Wochen an d’Gewiicht.
D’Police huet déi lescht Woch e puer Bränn gemellt. Zu Weiler-la-Tour huet den 19. Juli ee Balle gebrannt, mee de selwechten Owend sinn tëscht Elveng an Biermereng ganzer 120 Stréibotten ofgebrannt. An dëse Fäll sicht d’Police ëmmer nach no Zeien.
Et waren dëser keng Eenzelfäll. An der selwechter Géigend waren den 18. Juli schonn 90 Stréibotten an den Dag virdrun eng kéier 150 an zwee Stéck. De Schued géif sech deen Ament insgesamt op tëschent 9.000 – 11.000€ belafen. D’Fudder, wat dobäi verluer geet, muss op en neit vun de Baueren kaf ginn. Net ëmmer sinn des Botten verséchert, woumatter de Schued un hinne selwer hänke bleift.
Et bleift ze hoffen, datt des Fäll opgekläert ginn. D’Police schléisst Brandstëftung op alle Fall net aus a sicht weiderhin no Zeien. Esou och hei den Opruff vun der Police, datt wann een an den Owesstonnen opfälleg Autoe an der Géigend vun Munneref/Elveng/Biermereng/Schengen gesinn huet, sech bei der Police vu Réimech ënnert 2447-7500 ze mellen.