Search

You may also like

What the Fakt – Ee laangen Dag, eng kuerz Nuecht!
Neiegkeeten

What the Fakt – Ee laangen Dag, eng kuerz Nuecht!

Um haitegen 21. Juni fënnt d’Summersonnewend statt. D’Sonn steet um

Sperrmüll-Analys 2019/2020
Neiegkeeten

Sperrmüll-Analys 2019/2020

Säit 1994 gouf d‘Sperrmüll-Analys scho fënnefmol vun der Ëmweltverwaltung duerchgefouert.

Wien sech un de Rettungsdéngschter vergräift muss haart bestrooft ginn
Neiegkeeten

Wien sech un de Rettungsdéngschter vergräift muss haart bestrooft ginn

Well et einfach net nei ze erdroen ass, datt ëmmer

Schoulsecteur: Groussflächegt Testen fir e séchere Retour no der Vakanz

Schoulsecteur: Groussflächegt Testen fir e séchere Retour no der Vakanz

Enn lescht Woch goufen d’Invitatioune fir de Large Scale Testing un all Schüler a Professioneller aus dem Bildungsberäich verschéckt. Domat soll no der Ouschtervakanz ee séchere Retour an d’Schoulen erméiglecht ginn.

Concernéiert si Kanner a Jonker vu 4 bis 19 Joer, d’Schoulpersonal, an och Professioneller, déi sech ëm Schüler mat spezielle Bedierfnisser këmmeren, Spezialisten aus de Kompetenzzentren, Léierpersonal aus anere Bildungs- an Accueilstrukturen, an aner Beschäftegter aus dësem Secteur.

D’Invitatioune goufe per Post an/oder per Mail verschéckt. Wie keng erhalen huet, gëtt gebieden sech beim Ministère iwwert testing@men.lu ze mellen. An dësem Kader gëtt dozou geroden, den PCR-Test nach virum Enn vun der Ouschtervakanz duerchzeféieren, sou datt uschléissend déi néideg Sécherheet an de richtegen Fonctionnement vun de Strukturen gebuede kënne ginn.

Related topics Bildung, Covid-19, Groussflächeg Tester, Invitation, Large Scale Testing, Ouschtervakanz, PCR-Test, Schoul, séchere Retour
Next post Previous post