Search

You may also like

Verschmotzt Drénkwaasser an der Stad Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Verschmotzt Drénkwaasser an der Stad Lëtzebuerg

D’Stad Lëtzebuerg informéiert, datt duerch en technesche Problem beim Waasserreservoir

dislike
Wéi verbréngt d’Jugend zu Lëtzebuerg hir Fräizäit?
Neiegkeeten

Wéi verbréngt d’Jugend zu Lëtzebuerg hir Fräizäit?

Mat dëser Fro huet sech de Statec auserneen gesat. An

Neiegkeeten

Konditiounen Gewënnspill Lämmy 2019

Wien dierf deelhuelen? Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min.

Impfzentrum: S.A.R. de Groussherzog huet sech dat emol genee ugekuckt

Haut um fréie Mëtteg hu S.A.R. de Groussherzog Henri, d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert an d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer den Impfzentrum am Hall Victor Hugo um Lampertsbierg besicht. Ganz nom Motto „Just kucken, net upaken“ huet sech awer kee vun den Éieregäscht bei dëser Geleeënheet impfe gelooss.

Wann sech trotz Kontaktbeschränkungen a Pandemie-Zäiten zwou Dose Fotografen enk niefteneen druddelen fir eng gutt Foto hin ze kréien, da muss wuel héije Besuch am Spill sinn. Bei senger Visitt huet de Groussherzog sech vun der Entrée bis zur Sortie all Etapp vun der Covid-Impfung erkläre gelooss. Vum Accueil, wou sech d’Visiteuren umellen goung et eriwwer an déi grouss Hal, an där sech all Fräiwëllegen, sou bal d’Luucht gréng gëtt, de Vaccin dierf sprëtze loossen.

Ma, dobäi wollten d’Gäscht net nëmmen d’Personal kenneléieren an déi verschidde medezinesch Schrëtt erkläert kréien, mee och dat eent oder anert Wuert mat de Geimpfte wiesselen. Nodeems de Groussherzog sech sécher war, dass et alle Persounen am „Rouberäich“ – do soll een no der Impfung nach e puer Minutte zur Beobachtung verbleiwe – gutt ergeet, goung et weider bei de CGDIS. D’Asazkräfte këmmere sech am Noutfall, beispillsweis engem allergesche Schock, direkt ëm déi concernéiert Persoun.

Impfzentrum© Shari Pleimelding/moien.lu

Wéi sympathesch, wann de Groussherzog sech Zäit hëlt, fir sech den Impfzentrum unzekucken. Net esou flott ass et awer, ze vill Fotografen op dëser Plaz zouzeloossen. Och déi responsabel Madamm fir Kommunikatioun fir d’Presse huet zouginn, dass sech immens vill Persounen ugemellt hätten. Ma, och als Fotograf wier et schéin e bësse Récksiicht op d’Leit ronderëm ze huelen, an net de Patienten am Rouberäich op de Schouss ze klammen, nëmme fir eng gutt Foto ze kréien.

Da bleift just nach d’Fro oppen, wisou sech d’Gesondheetsministesch, d’Stater Buergermeeschtesch oder de Groussherzog sech net och impfe gelooss hunn? Méi no hätt een et haut jo net kënne kréien.

Uewen fannt Dir eng Billergalerie © Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics Covid-19, Gesondheetsministesch, Hall Victor Hugo, Impfung, Lydie Polfer, Paulette Lenert, S.A.R. de Groussherzog Henri, Visitt
Next post Previous post