Search

You may also like

BENU Village: Do kënns de aus dem Staunen net méi eraus!
International Neiegkeeten Stories

BENU Village: Do kënns de aus dem Staunen net méi eraus!

Wat Kreeslafwirtschaft a voller Konsequenz bedeiten, weist de BENU Village

CID Fraen an Gender – Schlagzeile mat Folgen
International Neiegkeeten Stories

CID Fraen an Gender – Schlagzeile mat Folgen

D’Gläichheet vum Akommes ass erreecht. Op alle Fall huet den

Lëtzebuerg wiisst a wiisst, mee d‘Problemer ginn net ugepaakt
International Neiegkeeten Stories

Lëtzebuerg wiisst a wiisst, mee d‘Problemer ginn net ugepaakt

Diskussioun ronderëm de Verkéier kënnt an d’Rullen. Dat ass gutt,

S.A.R. Groussherzog Jean: Esou gesäit d’Krypta aus

Nom ergräifende Begriefnis vum 4. Mee ass de Sarg vu S.A.R. dem Groussherzog Jean an d’Krypta vun der Kathedral Notre-Dame bruecht ginn. Elo rout hien un der Säit vu senger verstuerwener Fra, der Groussherzogin Joséphine Charlotte.

Kuerz virun Ouschteren hat sech de Gesondheetszoustand vum Groussherzog Jean, no enger Longenentzündung, nees immens verschlechtert. Um 23. Abrëll huet de Marechalat schliisslech den Dout vun dësem beléifte Mënsch verkënnegt. No kuerzer Krankheet ass hien am Alter vun 98 Joer gestuerwen.

Nodeems bis zu sengem Begriefnis um 4. Mee am ganze Land Staatstrauer ausgeruff ginn ass, konnt een den opgeboerte Läichnam, ëmrënd vun engem Mier aus wäisse Blummen nach emol am groussherzogleche Palais kucke goen an dem Groussherzog eng lescht Éier erweisen, sou wéi een tréischtend Wuert an engem vun den diverse Kondolenzbicher hannerloossen.

Vergaangene Samschdeg huet schliisslech dat emotionaalt Begriefnis vu S.A.R. Dem Groussherzog Jean an der Kathedral Notre-Dame stattfonnt. Zuelräich international Gäscht aus de Kinnekshaiser an der Politik hu sech fir dësen Dag op de Wee a Lëtzebuerg gemaach, fir nach eng Kéier engem groussaartege Mënsch Äddi ze soen.

D’Mass hat hei den Lëtzebuerger Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich gehalen. Zesumme mat der Militärmusek an dem Chouer vun der Kathedral, sou wéi zwee Irish Guards ass dësen Dag zu engem Evenement mat immenser nationaler an internationaler Undeelnam ginn.

Fotoen: © Cours Grand-Ducale / Claude Piscitelli

Related topics Begriefnis, Groussherzog Jean, Kathedral Notre-Dame, Krypta, Seng Altesse Royale, Staatstrauer
Next post Previous post