Search

You may also like

A Poil
Kultur Neiegkeeten

A Poil

Hoer. Mir hunn der um Kapp an um Kierper, an

Stad Lëtzebuerg: D‘Info-Box plënnert!
Kultur Neiegkeeten

Stad Lëtzebuerg: D‘Info-Box plënnert!

Enn dës Mounts plënnert d‘Info-Box, an där d‘Guichete vum Service

Mat de „Scheichen“ am Internet
Kultur Neiegkeeten

Mat de „Scheichen“ am Internet

Wann dem saudesche Kinnek seng Stëmmung net zum beschten ass,

E Monument fir S.A.R. de Groussherzog Jean

E Monument fir S.A.R. de Groussherzog Jean

Um 5. Januar 1921 ass S.A.R. de Groussherzog Jean op d’Welt komm. Haut op sengem 100. Gebuertsdag huet de Premier- a Staatsminister Xavier Bettel annoncéiert, datt am Park Pescatore e Monument a Gedenken un dës grouss Perséinlechkeet installéiert soll ginn.

An dësem Kader wäert e Concours zur Konzeptioun a Realisatioun lancéiert ginn. Weider Detailer zur Prozedur ginn an den nächste Méint verëffentlecht.

Zesumme mat S.A.R. dem Groussherzog Henri, der Stad Lëtzebuerg, dem Kulturministère an der Verwaltung fir ëffentlech Bauten gouf decidéiert, d’Monument am Park zur Säit vun der Côte d’Eich, mat der Skyline vum Kierchbierg a virun allem dem Musée Grand-Duc Jean (MUDAM) am Hannergrond, ze placéieren.

Opmaacherbild: © Cour Grand-Ducale / Jochen Herling

Related topics Erënnerung, Gedenken, Groussherzog Jean, Monument, Park Pescatore
Next post Previous post