Search

You may also like

Véier Filmer beim 72. Festival vu Cannes!
Neiegkeeten

Véier Filmer beim 72. Festival vu Cannes!

Als Minister fir Kommunikatioun a Medie war de Xavier Bettel

Lëtzebuerger Sprooch Wuertschatz, Webinaire, Dictionnaire
Neiegkeeten

Lëtzebuerger Sprooch Wuertschatz, Webinaire, Dictionnaire

Eng nei Publikatioun mat Pärelen aus der Lëtzebuerger Sprooch, e

Neiséiland: Den Dag duerno
Neiegkeeten

Neiséiland: Den Dag duerno

No den Attentater op zwou Moscheeën zu Christchurch, huet d‘Premierministesch

Déif Unerkennung vum Groussherzog fir CHL-Mataarbechter

S.A.R. de Groussherzog Henri huet gëschter, zesumme mat der Gesondheetsministesch Paulette Lenert de Centre Hospitalier de Luxembourg (CHL) besicht. Virun allem den nationalen Institut fir Häerzchirurgie an interventionell Kardiologie (INCCI) stoung am Fokus vun der Visitt.

D’Membere vun der Direktioun hunn heibäi den Impakt vun der Covid-19-Pandemie op de Spidolsservice am CHL presentéiert. D’Klinik huet bis ewell 177 Patiente behandelt. Besonnesch ervir gehuewe gouf den Dag vum 27. Mäerz 2020, wou 62 Patiente gläichzäiteg hospitaliséiert gi sinn.

Bei dëser Geleeënheet huet de Groussherzog alle Mataarbechter vum Spidol seng déifsten Unerkennung fir déi wichteg Aarbecht an der sanitärer Kris ausgeschwat.

Uewen fannt Dir eng Billergalerie © Sophie Margue / Cour grand-ducale

Related topics Cardiologie, Centre Hospitalier de Luxembourg, CHL, Gesondheetsministesch, Häerzchirurgie, INCCI, Pandemie, Paulette Lenert, S.A.R. de Groussherzog Henri, Spidol
Next post Previous post