Search

You may also like

SEW-OGBL virun der Schoulrentrée: „Op ee Wuert!“
Neiegkeeten

SEW-OGBL virun der Schoulrentrée: „Op ee Wuert!“

Ass et Absicht oder nëmme schlechte Wëlle vum Educatiounsminister? Dës

Äddi Malcolm, du waars ee vun de gréissten
Neiegkeeten

Äddi Malcolm, du waars ee vun de gréissten

Gëschter huet AC/DC, déi legendär Hard-Rock Band, ee vu senge

Tschechien: Gëtt et eng Zukunft fir den Andrej Babis?
Neiegkeeten

Tschechien: Gëtt et eng Zukunft fir den Andrej Babis?

Scho fir déi véiert konsekutiv Woch, hunn sech dausenden Tscheche

S.A.R. d’Groussherzogin mat Video-Message fir Kriibspatienten

Ee Video adresséiert un d'Patiente vun der Fondation Cancer

S.A.R. d’Groussherzogin mat Video-Message fir Kriibspatienten

An de leschte Wochen huet S.A.R. d’Groussherzogin Maria Teresa divers Echange mat mobiliséierte Kräft am Kampf géint de Covid-19, wéi och mat de Lëtzebuerger Organisatiounen, an deenen si sech schonn zënter Joren engagéiert, gefouert. Ënnert dësen Acteuren läit Fondation Cancer der Groussherzogin besonnesch um Häerzen, wouduerch si sech mat engem Video-Message un d’Kriibspatiente riicht.

Et goufen Gespréicher mat der Direktioun vun der Fondation Cancer, wéi och Conversatiounen iwwer Telefon mat Kriibspatienten. Elo riicht d’Groussherzogin sech perséinlech mat engem Message un déi u Kriibs erkrankt Persounen. Et wir keng einfach Zäit a grad elo ass et wichteg sech geléift, gestäerkt, verstanen an ënnerstëtzt ze fille vu senge Léifsten.

D’Lucienne Thommes, Direktesch vun der Fondation Cancer, huet verséchert, datt si an hir Collaborateuren alles Méigleches maachen, fir datt sech d’Patienten net eleng fille sollen. Fir selwer aktiv ze ginn kënnegt d’Groussherzogin un, datt si sech selwer als Benevole mellt, fir sech esou iwwer Telefon mat Patienten auszetauschen an hinnen ee Stéck d’Gefill vu Solitude huelen ze kënnen.

 Opmaacherbild: Ausschnëtt aus dem Video-Message vu S.A.R. der Groussherzogin – Fondation Cancer Luxembourg / YouTube

Related topics Covid-19, Eleng, Ënnerstëtzung, Fondation Cancer, Kriibspatienten, Lucienne Thommes, S.A.R. d'Groussherzogin Maria Teresa, Telefonsgespréich, Youtube
Next post Previous post