Search

You may also like

120.000 Aluedungen zum Test a keen dee kënnt
Neiegkeeten

120.000 Aluedungen zum Test a keen dee kënnt

Iert de 24. Dezember déi siwent Modifikatioun vum Covid19-Gesetz gestëmmt

Bréissel mécht Fortschrëtter
Neiegkeeten

Bréissel mécht Fortschrëtter

Statt de 500 Milliarden Euro Zouschëss, sollen et der elo

Parlamentaresche Bilan déi gréng: „Mir si Regierungsfäeg“
Neiegkeeten

Parlamentaresche Bilan déi gréng: „Mir si Regierungsfäeg“

Eemol ass nach keng Ausnam, an datt déi gréng en

Risegen Erfolleg fir déi guidéiert Visitte vum Palais

Risegen Erfolleg fir déi guidéiert Visitte vum Palais

E Besuch vun eisem groussherzogleche Palais, datt ass eppes dat kann sech kaum en Tourist wëllen entgoe loossen an de Luxembourg City Tourist Office (LCTO) bitt jo wierklech ganz interessant an informativ Féierungen un. Dat natierlech wéi gewinnt am Kader vum Summerprogramm „Summer in the City“. D‘Féierunge gi vum 14. Juli bis den 1. September ugebueden.

Wann dat lescht Joer aus bekannte Grënn net ze ernimmen ass, esou huet et dëst Joer endlech nees ganz erfreelech Nouvellen. Fir dës Saison hat et 3.330 Plaze wou konnten ugebuede ginn an alles an allem sinn der 3.266 un de Mann an d‘Fra bruecht ginn. Eng Auslaaschtung vun 98%, dat ass eppes, do dierf sech den LCTO bretzen, an et beweist wéi exzellent dës Déngschtleeschtung muss sinn.

Dat huet wuel eppes mat der Qualitéit vun de Guiden ze dinn, déi jo den direkte Kontakt mat de Leit/Touristen hunn. An si sinn och gefuerdert: mat bis zu siwe Ronnen den Dag, Féierungen a véier Sproochen inklusiv den nach ëmmer gültege sanitäre Reegelen, brauch et Motivatioun. Mee si sinn ëmmer nees zur Stell wa se geruff ginn, wat wuel och eppes iwwert déi gutt Ambiance ausseet.

Dir wollt och luusse goen?

Wien sech elo seet: „Tjö, dat hätt mir nawell och eppes gesot“, dee muss elo awer net bis dat anert Joer waarden, fir sech am groussherzogleche Palais ëmzekucken. Vill Biller, Informatiounen a wat soss och ëmmer huet et um Internetsite vum Luxembourg City Tourist Office.

Hale mir an dësem erfreeleche Kontext nach fest, dat eng gutt Nouvelle net muss eleng dohier kommen, firwat ee sech dann nach sollt dierfen un deenen anere Statistiken erfreeën dierf. Den August 2021 wäert als en erfollegräiche „Karschnatz“ (jo esou heescht den August och) an d‘Analen agoen. Alles zesummegeholl hunn 11.350 Gäscht de Büro um Knuedler besicht.

Richteg ass awer och, datt een nach net konnt un d‘Zuele vun der pre-Covid19-Period uknäppen. Dat hat sech och keen erwaart, vill Gäscht aus dem „wäiten“ Ausland sinn och 2021 ausbliwwen. Géintiwwer dem Pandemiejoer awer, huet ee sech zolidd erkritt, wat dem Engagement vun de Mataarbechter entgéint kënnt. An déi si gewinnt gutt Motivéiert a bidden en entspriechende Service.

Foto: © Martine de Lagardère / moien.lu (Archiv)

Related topics groussherzogleche Palais, Guidéiert Visitten, LCTO, Summer in the City, Tourismus
Next post Previous post