Search

You may also like

De Pavillon vun der virtueller Realitéit am Casino Lëtzebuerg
Neiegkeeten

De Pavillon vun der virtueller Realitéit am Casino Lëtzebuerg

Leschten Donneschdeg huet de Premierminister Xavier Bettel (DP), zesumme mam

„Vaffanculo!“ Frankräich an Italien tausche Frëndlechkeeten aus
Neiegkeeten

„Vaffanculo!“ Frankräich an Italien tausche Frëndlechkeeten aus

Säit der Muechtergräifung duerch déi populistesch Koalitioun an Italien, läit

Tester an den Tunnellen zu Fréiseng a Munneref (11.04.2021)
Neiegkeeten

Tester an den Tunnellen zu Fréiseng a Munneref (11.04.2021)

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt an den Tunnellen zu Fréiseng a

Grouwebrand zu Zowaasch

Grouwebrand zu Zowaasch

Wéi de CGDIS matgedeelt huet, hat e Méindeg Virmëtteg an enger Grouf (Minière) zu Zowaasch e Feier ginn. Éischten Informatiounen no, huet e Grouwebagger feier gefaange gehat, wat an der Minière zu enger grousser Dampentwécklung gefouert huet. D‘Grouf féiert vun Zowaasch bis op Rodange, an huet zum engem gréissen Asaz gefouert.

Well mat esou eppes net ze spaassen ass, waren ëm déi 30 Mann am Asaz. Op der Plaz – also bezunn op déi zwou Entréeë vun der Grouf – waren den CIS Esch-Uelzecht, CIS Suessem-Déifferdeng, CIS Käerjeng-Péiteng, CIS Diddeleng, CIS Kayl an d‘Ambulanz vum CIS Mamer. D‘Koordinatioun hat den CCie (Chef de Companie) Zon Süd, dee vum CPel (Pelotonschef) Kordall ënnerstëtzt ginn ass.

D‘Feier dat géint 11 Auer um Virmëtteg ausgebrach, konnt relativ séier maitriséiert ginn, mee d‘Pompjeeë waren dann awer bis an den Owend eran op der Plaz, fir Brandstell ze sécheren. Och d‘Police (PGD) war op der Plaz. Si wäerten zesumme mat de Pompjeeë kucken, ob et sech bei dësem Virfall net méiglecherweis ëm een intentionéiert Feier handelt. An de leschte Wochen hat et eng Rei Observatioune (Abréch a Grouwen) ginn, déi esou eng Enquête noutwenneg maachen.

Bei dësem Feier ass et dann awer beim Materialschued bliwwen, kengem Mënsch ass e Leed geschitt. Dat professionellt agräife vun de Pompjeeën huet nees gewisen, wéi wichteg hir Aarbecht fir eist Land ass. Schütze, Retten a Biergen… dat ass hir éischt Aufgab, an si sollten dofir och ëmmer mam gebuedene Respekt behandelt ginn.

Related topics CGDIS, CIS, Grouwebrand, Minière, PGD, Rodange, Zowaasch
Next post Previous post