Search

You may also like

Transition Days Festival – Vum 11. bis den 13. Juni am Carré
Neiegkeeten

Transition Days Festival – Vum 11. bis den 13. Juni am Carré

Zënter 9 Méint sichen d’Lëtzebuerger Transitioun Days no Äntwerten op

LTC: Dräi Kandidate kruten den Kälteschein Certificat
Neiegkeeten

LTC: Dräi Kandidate kruten den Kälteschein Certificat

En Dënschdeg sinn déi éischt dräi Beruffsdiplomer (DAP) fir „Mechatroniker

USA: Parlament beschléisst Police-Gesetz
Neiegkeeten

USA: Parlament beschléisst Police-Gesetz

Ee Mount nom Dout vum George Floyd zu Minneapolis huet

Endlech eng Eenegung bei Guardian

Endlech eng Eenegung bei Guardian

Kuerz virum Enn vum Schlichtungsprozess kënnt déi erléisend Nouvelle. Wéi den OGBL matdeelt, konnt endlech en Accord tëscht der Direktioun vu Guardian an der Personaldelegatioun vun der Entreprise fonnt ginn.

Trotz Aarbechtserhalungsplang wollt d’Direktioun jo op de Sozialplang iwwergoen, wat wuel verhënnert konnt ginn. Och ëm e Streik kënnt ee ronderëm. Et huet ee sech op nei Diskussioune gëeenegt, sou datt eng Léisung fir déi 37 concernéiert Salariée fonnt gëtt. Dës weideren gesäit den Accord Folgendes vir:

  • Eng Aarbechtsgarantie fir all Salarié ab 52 Joer;
  • Finanziell Fërderung wärend 4 Méint (bis den 31. Mäerz 2021) fir all Salarié, deen d’Entreprise fräiwëlleg verloosse wëll;
  • Engagement vu béide Säiten , bei deem all méiglech Moossnamen ergraff ginn, déi beim Aarbechtserhalungsplang a senger Annexe (fräiwëllegen Depart, temporäre Prêt vun Aarbechter, internen oder externe Reklassement, intern Formatiounen, Hëllef bei der Sich no enger neier Plaz, …) virgesi sinn, fir datt eng adequat Léisung fir déi 37 concernéiert Salariée fonnt gëtt;
  • Engagement vu béide Säite fir en Dialog zur eventueller Verlängerung vum Aarbechtserhalungsplang wann d’Situatioun an der Entreprise et zouléisst.

Eng schnell Retrospektiv

D’Direktioun vu Guardian huet am August ugekënnegt, fir am August op e Sozialplang hinzesteieren, bei deem ee sech vun 200 Mataarbechter trennt. Den OGBL an d’Personaldelegatioun hunn et hikritt, dëse Sozialplang no hannen ze verréckelen, fir en esou an den Aarbechtserhalungsplang ze verwandelen, deen um 31. August ënnerschriwwe konnt ginn.

Um 19. Oktober koum de Schock: D’Direktioun huet en neie Sozialplang ugekënnegt. Den OGBL kritiséiert dës inakzeptabel Aktioun nach ëmmer op dat Déifst an ënnersträicht, datt duerch schnellst a konsequent Duerchgräifen de sec Kënnegunge konnte verhënnert ginn.

An dësem Kader lueft d’Gewerkschaft de Courage, d’Solidaritéit an d’Determinatioun vun de Salariée vu Guardian wärend dësem Konflikt. Och an Zukunft steet ee fir all Kampf bereet.

D’Matdeelung vum OGBL kënnt Dir HEI noliesen.

Opmaacherbild: © OGBL

Related topics Aarbechtserhalungsplang, Accord, Direktioun, Guardian, Kënnegung, Kritik, OGBL, Sozialplang
Next post Previous post