Search

You may also like

45. US-President hält Ried zur Lag vun der Natioun
Business Neiegkeeten Stories

45. US-President hält Ried zur Lag vun der Natioun

Et ass ewell fir d‘Zweet an dësem nach jonke Joer

D‘Pole protestéiere weider géint ëmstriddent Ofdreiwungsgesetz
Business Neiegkeeten Stories

D‘Pole protestéiere weider géint ëmstriddent Ofdreiwungsgesetz

A ville polnesche Stied sinn och dëse Weekend nees dausende

Eng Sprooch léiert een am Beschten, wann ee se schwätzt!
Business Neiegkeeten Stories

Eng Sprooch léiert een am Beschten, wann ee se schwätzt!

Wie schwätzt, dee léiert. Genee no dësem Prinzip fonctionnéiert de

Guardian bleift zu Lëtzebuerg

De Vertrieder vum US-Konzern huet en neien Uewe fir de Standuert Käerjeng versprach

Guardian bleift zu Lëtzebuerg

Gutt Nouvellen huet et den Ament net am Iwwerfloss. Wéi gutt d‘Annonce vum Wirtschaftsminister um Méindeg Virmëtteg ass, datt Guardian/Luxguard elo awer net méi op de Standuert Lëtzebuerg verzichte wëll – och wann alles eppes méi kleng gëtt – hänkt elo awer och u Personaldelegatioun a Gewerkschaften.

Aus politescher Siicht awer, dierft de Franz Fayot scho ganz zefridde sinn, datt déi vu senge Beamte geleeschten Aarbecht an dësem Dossier finalement seng Friichten dréit. D‘Guardian, déi zanter elo véier Joerzéngten an engem wirtschaftsfrëndlechen Environnement hir Aktivitéiten och dank dem groussen Engagement vun den Lounofhängege konnt entfalen, bleift eis erhalen an investéiert an ee fuschneien Uewen, wann dee Käerjenger Uewe säi Liewensenn erreecht huet.

De leschte Summer hat de Wirtschaftsminister och gréisser Entrevue mat der Personaldelegatioun an dem OGBL. Hei gouf den Interlocuteure verséchert, datt een alles géif maachen, wat politesch méiglech ass, fir Guardian vun den Avantage vum Lëtzebuerger Standuert ze iwwerzeegen. Esou hu mir net nëmmen ee stabilt politescht a wirtschaftlecht Ëmfeld, mä och de sougenannte Lëtzebuerger Modell, an deem de Sozialdialog gefërdert gëtt, ass jo eng Plus-value fir béid Säiten.

Wann de Minister Franz Fayot sech iwwert déi konstruktiv Gespréicher mat Guardian gefreet huet, an och den Aktionäre vum Konzern ee Merci zoukomme gelooss huet, esou muss de Steierzueler fir den Erhalt vum Produktiounsstanduert ee klengen Effort maachen. Wéi vill Subventioun hei soll agesat ginn, hänkt emol dovunner of, wéi héich de Montant vum Investissement an den neien Uewe wäert ausfalen. Eng Prozedur déi gesetzlech gereegelt ass a sech bewäert huet.

Et muss de Moteur geschmiert ginn

Et wäert sech laut dem Minister am ieweschten zweestellege Milliouneberäich usidelen. Genee Zuelen zur „Aide à l‘Investissement“ ginn da genannt, wa Guardian dem Ministère de Plang zur Investitioun um Standuert Käerjeng virgeluecht huet. Guardian selwer gëtt aus Prinzip keng Zuele bekannt, woubäi si jo den Ament wuel och selwer nach Rechnen dierfte beschäftegt sinn. Wichteg sinn den Ament jo och d‘Aarbechtsplazen. An hei huet et richteg Perspektiven.

De Guus Boekhoudt, Executive Vice President vu Guardian Industries, huet sengersäits erkläert, datt esou wéi den alen Uewen zu Käerjeng aus ass, mam bau vum neie kann ugefaange ginn. Mat dësen Aarbechte sollt schonn Enn 2022 ugefaange ginn, well d‘Zil ass et ab 2023 nees vollstänneg operationell ze sinn. D‘Zuel vun de Beschäftegte sollt bei ronn 400 bleiwen, méiglecherweis eppes manner oder méi. Dat hänkt jo dann och vum Besoin an der Produktioun of.

Wat elo de Sozialplang fir déi ronn 200 Beschäftegt betrëfft, vu datt de Standuert Diddeleng ganz verluer geet, esou sinn d‘Verhandlunge bezüglech dem Plan de Maintien dans l‘Emploi (PME) ofgeschloss. Eng 60 Mataarbechter ginn an d‘Preretraite geschéckt, 120 hu sech fräiwëlleg fir ee Changement entscheet an nach emol eng 20 zäitlech befristegt Verträg (CDD) ginn net verlängert. Fir de Site zu Diddeleng géif schonn Interessi, wat jo och Jobs bedeit.

Gréng, nohalteg a laangfristeg gesinn

Den Interlocuteure war et de Moien dann och nach wichteg, drop hinzeweisen, datt mam neien uewen och eng nei Ära, am Kontext vun enger méi grénger an nohalteger industrieller Produktioun, tëscht 20% an 30% CO²-Emissiounen zu Käerjeng kënnen agespuert ginn. Den neien Uewe géif manner Energie benéidegen, an och soss géif u Programmer geschafft fir d‘Entreprise op déi grouss Erausfuerderunge vun der Klimakris effzient auszeriichten.

Wat déi wirtschaftlech Aussiichten ugeet, esou war d‘Demande no Glasproduite scho virun der Covid19-Kris eppes réckleefeg, fir dann an der Pandemie ganz anzebriechen. Dëse Kap schéngt een hannert gelooss ze hunn, d‘Demande no Glas ass nees do. Guardian verweist an dësem Kontext, op hiren „Indicateur“ de Bausecteur. Ofschléissend ass nach emol däitlech drop higewise ginn, datt et tëscht dem Wierk a Polen an dem Standuert Lëtzebuerg keen Zesummenhang huet.

Foto: De Wirtschaftsminister Franz Fayot hat op dësem 10. Mee ee ganz gudde Grond mat sech, de Beamten an der Direktioun vu Guardian zefridden ze sinn. Sécher wäert et ee klenge finanziellen Effort brauchen, mee et goufe ronn 400 Aarbechtsplaze laangfristeg ofgeséchert. © Martine de Lagardère / moien.lu

Related topics Franz Fayot, Guardian, Guus Boekhoudt, Luxguard, OGBL, Wirtschaftsminister
Next post Previous post