Search

You may also like

Bréissel séchert Kiew militäresche Bäistand zou
Neiegkeeten

Bréissel séchert Kiew militäresche Bäistand zou

Déi prorussesch Rebellen am Oste vun der Ukrain schéngen d‘Fréijoer

Hëtztwell iwwer Lëtzebuerg – Et ass Virsiicht gebueden!
Neiegkeeten

Hëtztwell iwwer Lëtzebuerg – Et ass Virsiicht gebueden!

Ugesiichts den aktuelle Wiederkonditiounen, befannen sech eis Waasserleef wäit ënner

Luxport S.A.: Den neie Kollektivvertrag bréngt Cadeaue mat sech!
Neiegkeeten

Luxport S.A.: Den neie Kollektivvertrag bréngt Cadeaue mat sech!

Wéi den LCGB gëschter matgedeelt huet, ass bei Luxport S.A.

Eng Fusioun mat sozialem Sprengstoff

Zesummeleeë vun de Guardian-Standuerter bereet dem OGBL Kappzerbrieches

Eng Fusioun mat sozialem Sprengstoff

Aus engem Communiqué vum OGBL geet ervir, datt déi zwee Guardian-Standuerter: Luxguard1 (Käerjeng) a Luxguard2 (Diddeleng) sollen zesumme geluecht ginn, Dat hätte béid Direktiounen esou vunenaner Getrennt de 17. Juni matgedeelt. Wéi gewinnt hält een sech hei un amerikanesch Standarden, an esou gëtt et weder Detailer nach soss en Zäitplang fir dës Fusioun.

Um Mëttwoch hat schonn de Wirtschaftsminister Franz Fayot (LSAP) an der Chamber sech dozou geäussert a gemengt, datt Guardian dat éischt industriellt Affer vun der sanitärer Kris kéint sinn. Déi zwee „juristesch getrennte“ Standuerter géifen zesummegeluecht well:

„D‘Visioun vu Guardian ass et senge Clienten an der Entreprise Wäertschëpfung ze sécheren. Fir dëst Zil anzehalen, musse regelméisseg d‘Aktiva an d‘Strukture vun der Organisatioun iwwerpréift ginn, fir eng besser Sicht op de Wäert an d‘Potential vun de Standuerter ze hunn“.

Guardian produzéiert Glas entspriechend de Besoine vu senge Clienten, an och déi hunn aner, oder zumindest differenzéiert Bedierfnesser, säit der Covid19-Pandemie. Am Kloertext heescht dat da wuel datt den Ament net genuch Glas bestallt gëtt. A wa manner produzéiert gëtt, da brauch ee wuel net den Ensembel vun de 450 Salariéeën, déi op béide Produktiounsstanduerter beschäftegt ginn.

An dësem ugespaante Kontext stellt den OGBL dann awer eng Rei Fuerderungen. Esou verlaangt d‘Gewerkschaft eng Beschäftegungsgarantie fir dat ganz Personal vu béide Sitten. Weider gëtt eng Garantie am Bezuch op d‘Investissementer fir d‘Entitéite vum Grupp gefuerdert. Dozou kommen den industrielle Projet, an och den Echeancier bezunn op d‘Mesuren an d‘Chantieren.

Related topics Fusioun, Guardian, Luxguard, OGBL, Restrukturéierung
Next post Previous post