Search

You may also like

Chamber: Singapur ass méi kléng wéi Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Chamber: Singapur ass méi kléng wéi Lëtzebuerg

Och am Kontext vun engem Partenariat mat dem demokrateschste vun

D’Lëtzebuerger Kulturgeschicht, presentéiert an dräi Konferenzen
Neiegkeeten

D’Lëtzebuerger Kulturgeschicht, presentéiert an dräi Konferenzen

An de leschte Joren sinn déi kulturell Beräicher duerch de

VERRÉCKELT: SALUT SALON um 3. Oktober 2020 am Cube 521
Neiegkeeten

VERRÉCKELT: SALUT SALON um 3. Oktober 2020 am Cube 521

De fir e Samschden den 3. Oktober 2020 geplangten Optaktconcert mat

Guardian/Luxguard – Et gëllt de Sozialplang ze verhënneren

Guardian/Luxguard – Et gëllt de Sozialplang ze verhënneren

Um Mëttwoch sinn d‘Personaldelegatioune vun de Luxguard Standuerter Diddeleng a Käerjeng, esou wéi och déi majoritär Gewerkschaft OGBL, vu Guardian/Luxguard informéiert ginn, datt si elo bereet sinn, sech Verhandlungen- betreffend der Opstellung vun engem Plang zum Erhalt vun der Beschäftegung (PME), wéi och engem Sozialplang – zur Verfügung ze stellen.

Guardian Glass huet dann och schonn emol ugedeit, dat vun de 453 Aarbechtsplazen, 201 Posten net méi ze hale sinn. Datt et am Kontext vun der „Restrukturatioun“, déi streng geholl näischt anescht wéi d‘Auslagerung vun der Produktioun a Richtung Polen/Ungarn bedeit, war längst kee Geheimnis méi, just d‘Direktioun huet fir néideg fonnt, dës Informatioun zeréckzehalen.

Elo kann ee sech da sécher sinn, datt zu Lëtzebuerg keng weider Investitioune wäerte gemaach ginn, an och d‘Diskussioun zum PME muss ee mat Virsiicht genéissen, vu datt de Sozialplang schonn den 2. September soll stoen. Datt den OGBL an d‘Vertrieder vun der Personaldelegatioun deem Ganzen net iwwert de Wee trauen, huet dann och mam Beholl vu Guardian ze dinn.

Beim OGBL ass een dann och net gewëllt, sech gängelen ze loossen an d‘Gewerkschaft besteet zu Recht drop, datt all Rechtsmëttel musse genotzt ginn (Rekonversiounen, Transferten, Preretraite…) fir ze verhënneren datt d‘Salariéeën hire Job verléieren. Fir den OGBL kann nëmmen de Maintien an der Aarbecht déi eenzeg valabel Léisung sinn. A leider ass hei vill Zäit am Virfeld verbëtzt ginn.

D‘Gewerkschaft hat scho viru Méint gefuerdert, datt een de PME sollt opstellen, wat elo wierklech vu Virdeel fir all déi concernéiert Acteure wier. Mee bei der Guardian huet een – schliisslech muss ee sengen amerikanesche Wuerzele Rechnung droen – op Zäit gespillt, well engem weder eppes un de Mataarbechter nach hire Famillje geleeën ass. Mënschen si jo och nëmmen eng Ressource…,

Mat esou enger Astellung ass et natierlech komplizéiert ee Sozialdialog op d‘Been ze stellen, wat dann och de Verhandlungen net entgéint kënnt. Den OGBL wäert jiddefalls Garantie fir déi zwee Lëtzebuerger Standuerter verlaangen, wat och net einfach ass, well de Glasuewen zu Käerjeng ass 2022 um Enn vu seng betriblecher Liewensdauer. Och dozou muss sech Guardian elo äusseren.

E weidere Problem, oder villméi eng vun de Suergen déi OGBL a Personaldelegatioun hunn, ass de Fait datt sech béid sozialistesch Minister (Franz Fayot, Wirtschaft an Dan Kersch, Aarbecht) nach ëmmer net kloer zu dësem Dossier positionéiert hunn. Eng Entrevue mam Wirtschaftsminister ass fir de 24. August geplangt, déi mam Aarbechtsminister gëtt elo zäitno ugefrot.

Mam Departement „Syndikat Chimie“ vum OGBL

Foto: Jorelaang huet déi Lëtzebuerger Regierung hinnen Zocker an de Aarsch geblosen, si steierlech begënschtegt a villes méi. Als Merci gëtt d‘Produktioun ausgelagert, an awer niewebäi versicht ze erklären datt dat alles der Covid19-Pandemie geschëlt wier. © Martine de Lagardère / moien.lu

Related topics Dan Kersch, Fränz Fayot, Guardian Europe, Luxguard, OGBL, Plan Maintien dans l'Emploi, Sozialplang
Next post Previous post