Search

You may also like

Chantier um Echangeur Hamm un dësem Weekend
International Neiegkeeten

Chantier um Echangeur Hamm un dësem Weekend

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt ab Samschdes, de 15. Februar géint

Houston: Trauerfeier mat Symbolkraaft
International Neiegkeeten

Houston: Trauerfeier mat Symbolkraaft

E Méindeg gouf de Sarg mam Läichnam vum George Floyd,

Äerderwiermung: mat héije Kuelestoffpräisser ausbremsen
International Neiegkeeten

Äerderwiermung: mat héije Kuelestoffpräisser ausbremsen

Op mannst bei 40 bis 80 Dollar soll bis 2020

Guinea: Rebellioun oder Putsch?

Déi brittesch Ambassade huet vu Schosswiessel an der Haaptstad Conakry bericht, säitens dem Verdeedegungsminister heescht et, dat Rebellen de Presidentepalais ugegraff hätten

Guinea: Rebellioun oder Putsch?

An der Republik Guinea (Westafrika) ass d‘Lag zur Stonn ugespaant an unhand widderspréchleche Berichter zimmlech oniwwersiichtlech. Geséchert ass: am Bezierk Kaloum zu Conakry, wou de Presidentepalais steet, huet et en erhiefleche Schosswiessel ginn. D‘Arméi huet d‘Stroosse vun der Haaptstad a Beschlag geholl…

Et hat zimmlech séier Gerüchter a droleg Videoen an de sozialen Netzwierker ginn, laut deenen de President Alpha Condé gestierzt gi wier. Tatsächlech hunn d‘Elittezaldoten de Presidentepalais gestiermt an och d‘Staatstëlee „iwwerholl“. De Chef vun de Putschisten, de Kommandant Mamady Doumbouya, huet erkläert, datt d‘Aarmut a d‘Korruptioun him keng aner Optioun gebueden hunn.

De Mamady Doumbouya, ee fréiere Friemelegionär, huet sech agewéckelt am Fändel vu Guinea an ëmgi vu bedreelech drabléckende Zaldoten, u seng Landsleit geriicht an ganz am eescht statuéiert: „Mir hunn d‘Regierung a seng Institutiounen opgeléist. Mir wäerten zesummen d‘Verfassung nei schreiwen. D‘Personaliseierung vum politesche Liewen ass eriwwer; mir wäerten ni méi engem Mann d‘Muecht iwwerloossen, d‘Muecht gehéiert dem Vollek“. Klengt no engem zolitte Plang.

Aktuell ass d‘Land „ofgerigelt“, wëll heeschen dat Grenzen zou sinn, de Fluchverkéier agestallt ass an och an de Häfen, d‘Schëffer immobiliséiert sinn. Déi nei Hären hunn landeswäit d‘Ausgangsspär verhaangen. An den nächste Stonne sollen all d‘Gouverneure vun de Regiounen, duerch d‘Leit vum Kommandant Mamady Doumbouya ersat ginn. Et soll am Virmëtteg weider Informatioune ginn.

Wéi et dem 83 järege President Alpha Condé geet a wou dësen sech ophält ass net gewosst, mee et heescht dat sech déi konstituéierend Militärregierung „ëm hie këmmert“. Den Alpha Condé war den éischte fräi gewielte President (2010) an dëser fréierer franséischer Kolonie, an hat senge Leit och Wirtschaftswuesstem an d‘Enn vun der Korruptioun versprach. De Sorbonne-Absolvent hat gelunn.

Zu New York huet den UN-Generalsekretär Antonio Guterres déi militäresch Aktioun denoncéiert. Via Twitter huet hien d‘Putschisten, a méi speziell de Mamady Doumbouya, opgefuerdert direkt an ouni weider Zäit ze verléieren, de gestierzte Staatschef fräizeloossen. Och d‘Afrikanesch Unioun, där den Alpha Condé virgestanen huet (2017/18), huet d‘Fräiloossung vum Politiker gefuerdert. De britteschen Ambassadeur huet all déi verschidde Parteien opgeruff, sech un en Dësch ze setzen…

mat indymedia/lon/cky/nyc

Illustratioun: pixabay

Related topics Afrika, Alpha Condé, Conakry, Guinea, Mamady Doumbouya, Putsch, Rebellioun
Next post Previous post