Search

You may also like

What the Fakt – den Internationale Fraendag
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – den Internationale Fraendag

All Joer gëtt um 8. Mäerz den internationalen Dag vun

Belval: Eng modern Maison Médicale empfänkt ab haut Patienten
Kultur Neiegkeeten

Belval: Eng modern Maison Médicale empfänkt ab haut Patienten

No der Maison Médicale um Val Fleuri ass gëschter dat

Medezineschen Tourismus: „e Mythos!“ esou MdM
Kultur Neiegkeeten

Medezineschen Tourismus: „e Mythos!“ esou MdM

En Donneschdeg huet d‘ONG „Doktere vun der Welt“ (MdM) säi

De Lëtzebuerger Film „Gutland“ – haut am CineKinosch

De Lëtzebuerger Film „Gutland“ – haut am CineKinosch

Et ass wuel ee vun de beschte Lëtzebuerger Filmer vum Joer. Haut hutt Dir d’Chance „Gutland“ vum Govinda van Maele um 20:00 Auer am Kinosch ze gesinn. Ee Stéck Lëtzebuerger Kultur erwaart Iech!

Et ass ee Film, den och op internationalem Buedem Uklang fonnt huet, an dat beispillsweis op 30 internationale Festivalen oder bei den Oscar-Verleiungen, wou „Gutland“ de Grand-Duché representéiere sollt. Beim Lëtzebuerger Filmpräis ass e souguer als beschte Film ausgezeechent ginn.

D’Geschicht geet ëm een däitschen Déif, den Schutz an engem klenge Lëtzebuerger Duerf sicht. Lues a lues kann hien sech an eisem Land integréieren, an awer mierkt hien schnell, datt hien net den eenzegen mat Geheimnisser ass.

De Film vun 117 Minutte gëtt den Owend um 20:00 Auer a Lëtzebuergesch-Däitscher Versioun mat franséischem Ënnertitel gewisen, an dat am Kinosch (116 Rue de Luxembourg, 4221 Esch-Uelzecht). Den Entrée kascht 5 €.

Related topics Film, Govinda van Maele, Gutland, Kinosch, Kulturfabrik
Next post Previous post