Search

You may also like

Postscheckzwang fir Staatsbeamten opgehuewen
Kultur Neiegkeeten

Postscheckzwang fir Staatsbeamten opgehuewen

Wéi d‘Ministère vun der Fonction Publique an der Finanz bekannt

Den 11. Mee gëtt Netflix ëm eng Teenie-Komödie mi räich
Kultur Neiegkeeten

Den 11. Mee gëtt Netflix ëm eng Teenie-Komödie mi räich

Mëttlerweil vergeet kaum eng Woch, ouni datt net en neie

UN-Sécherheetsrot: US-Veto géint den Text zum Schutz vun de Palestinenser
Kultur Neiegkeeten

UN-Sécherheetsrot: US-Veto géint den Text zum Schutz vun de Palestinenser

US-Ambassadrice bei der UNO, Nikki Haley, huet schonn um Donneschdeg

Gutt Laun – Gutt Wieder – Gutt Mënschen

Mat der Schëfflenger Kavalkad geet déi Lëtzebuerger Fuesent op en Enn

Eigentlech war den 10. Mäerz als Datum fir d‘Schëfflenger Kavalkad festgeluecht ginn. De Péitruss duecht sech do wier et deene meeschte Leit nach ze kal, an huet seng ganz Muecht agesat, dësen Termäin ze verréckelen. Et war him gelongen, firwat déi 30. Editioun elo gëschter stattfonnt huet.

An wien um Sonndeg de Wee op Schëffleng fonnt hat, sollt dann och fir dës Ännerung belount ginn. Den Thermometer war op Fréijoer agestallt, et gouf Leckeres fir Mo a Liewer, e sëlleche léif Gecken hunn d‘Stroossen onsécher gemaach, d‘Police huet uecht gedoen, datt keen de Spaass stéiert an d‘Pompjeeën hu mat hire Secouriste bereet gestanen, sollt Hëllef gebraucht ginn.

Esou huet et sech den Organisateur „Folklorama Asbl“ datt och gewënscht an erhofft. Eng Equipp déi sech zudeem net gelangweilt huet. Mat 57 Gruppen déi de Cortège forméiert hunn, war dann och keng Hand ze vill. Si hunn alles mat Bravour gemeeschtert kritt, an dofir e grousse Merci.

De Public huet dat gewierdegt an ass mat vill séissem vir d‘Krapperten a eppes flëssegem wier déi eeler belount ginn. Esou huet déi Käerjenger Brauerei 12 Fässer vum beschten Happ a Malz gestëft, a vun de Musel gouf et zur Feier leckere Cremant. D‘Kanner si mat allen erdenkleche Séissegkeeten (ënnert anerem gouf et 30.000 Tute Popcorn) agedeckt ginn. Et war fest fir jonk an al…

Eppes no 17 Auer war et dann nees eriwwer, woubäi kee presséiert war ze goen. D‘Stëmmung war einfach grandios, an esou konnt een genéisserlech den Dag ofklénge loossen. D‘Fuesent awer, déi ass mat dëser „leschter“ Kavalkad endgülteg eriwwer. Mee no der Fuesent ass virun der Fuesent…

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Folklorama Asbl, Fuesent, Happy Hippos, Kavalkad, Schëffleng
Next post Previous post