Search

You may also like

Wéi se am héijen Haus mat de Covid19-Reegelen eens ginn
Neiegkeeten

Wéi se am héijen Haus mat de Covid19-Reegelen eens ginn

Wa gewosst ass, datt et ënnert der Bevëlkerung schonn eppes

Ëffentlech Observatioun vu Stäreschnäizen a Laurentiustréinen
Neiegkeeten

Ëffentlech Observatioun vu Stäreschnäizen a Laurentiustréinen

Tëscht dem 10. an dem 15. August 2018 si se

Wann eppes gutt ass gëtt et bäibehalen
Neiegkeeten

Wann eppes gutt ass gëtt et bäibehalen

D‘Stroossebauverwaltung huet beschloss d‘Vitessereguléierung op den Autobunnen „A6“ an „A1“

Gutt Nouvelle fir d‘Salariée beim Staat

Minister ënnerschreift Avenant zum Kollektivvertrag

Gutt Nouvelle fir d‘Salariée beim Staat

Fir d‘Aarbechter beim Staat (net d‘Fonctionnairen) fänkt d‘Woch gutt un. Si hunn hire Kaddo vum Kleesche kritt. Dat an der Form, datt de Minister vum ëffentlechen Déngscht an der administrativer Reform, Dan Kersch, den Avenant zum Kollektivvertrag, mat de Vetrieder vun de Gewerkschaften, dem Céline Conter fir den LCGB an dem Christian Sikorski fir den OGBL, ënnerschriwwen huet.

De Minister huet, iert et zum eigentlechen Akt komm ass, drop higewisen, datt dëse Vertragszousaz eigentlech nach virun de Chamberwahlen hätt kënnen ënnerschriwwe ginn. Aus vertrietbare Grënn ass dat op haut verluecht ginn. Mat dësem Avenant gëtt de Kollektivvertrag fir all d‘Aarbechter beim Staat ëm eng hallef Dose Punkten erweidert, an d‘Lafzäit zum 31. Dezember 2020 verlängert.

An dat mécht Sënn. Bedenkt een, datt den „Accord Salarial“ vum ëffentlechen Déngscht och op dësem Stéchdatum ausleeft, kënnen an Zukunft mat de Vertrieder vu béide Beruffsgruppen, déi respektiv Konventioune verhandelt ginn. Den Dan Kersch begréisst ausdrécklech d‘Seriositéit mat där d‘Verhandlunge gefouert goufen. D‘Resultat géif all concernéiert Acteuren zefriddestellen.

Wat ass nei?

Et gouf villes verhandelt, an dat éischt wat d‘Aarbechter dierft freeën, ass d‘Prime „unique“, an Héicht vun 1% vum Akommes aus 2017, am Mee 2019 ausbezuelt gëtt. Et gëtt dann och Ofstand vun der Referenzperiod vun engem Joer geholl. Déi gëtt elo op maximal zwee Méint begrenzt. Déi sougenannten „sonner Zoulag“ gëtt elo no Punkte (+4) berechent an lant direkt an der Paitut.

Bei de Fonctionnairen ass déi ominéis 80/80/90 Reegel ofgeschaaft ginn, an esou ass et dann elo och bei den Aarbechter. Dat sinn an der Pai och nach emol 8 Punkten. Gläiches gouf am Kontext vun der Familljenzoulag accordéiert. D‘Botzpersonal gëtt elo och mam Aarbechter gläichgestallt. Insgesamt ass et eng Upassung un den Accord salarial vun de Beamten. Et gouf awer och Zäit.

Béid Gewerkschaftsvertrieder hunn déi gutt Zesummenaarbecht an de Verhandlunge begréisst, an ginn sech mat dësem Resultat zefridden. Laang genuch hunn OBGL an LCGB sech fir en Reform vum Kollektivvertrag agesat. Et huet een der Moderniséierung an de spezifeschen Ufuerderungen, déi de Staat u seng Aarbechter huet, respektéiert. Dat ouni op Errongenschaften ze verzichten.

Eng gutt Grondlag fir d‘Zukunft

De Christian Sikorski huet bemierkt, datt ee wuel net all Fuerderung duerchgesat krut, mee et elo eng gutt Grondlag fir zukünfteg Verhandlung gëtt. Hie begréisst, datt d‘Aarbechtskonventioune vun den Aarbechter an de Fonctionnaire elo synchroniséiert sinn. Alles wat haut offiziell aktéiert ginn ass, léisst de Vertrieder vum OGBL zouversiichtlech an d‘Zukunft blécken. An déi ass net wäit…

Fir d‘Céline Conter vum LCGB, waren d‘Gespréicher ganz konstruktiv, an den Avenant, deen haut ënnerschriwwe ginn ass, wier e grousse Schratt an déi richteg Richtung. Et huet een d‘Statute méi no unenanergeréckelt, wat bei weidere Verhandlungen eng Roll spillen dierft. Vum Kollektivvertrag profitéiere ronn 2.400 Salariéen, an et kascht de Staat strukturell 5,5 Milliounen Euro d‘Joer.

Net vun dësem Kollektivvertrag betraff, sinn d‘Salariée vu LuxTram S.A. Wann ee bedenkt, datt et eng „staatlech“ Privatentreprise ass, dierf ee verwonnert sinn, datt een engersäits d‘Leit statutaresch zesummeféiert, an op där aner säit en neit Zweeklassesystem aféiert. Den OGBL, dee mat senger Sektioun „Landesverband“ fir deenen hir Rechter kämpft, wëll awer béides propper trennen.

De Christian Sikorski huet awer duerchblécke gelooss, datt och d‘Sektioun, déi sech ëm d‘Salariat beim Staat këmmert, vun dësem „Konflikt“ betraff an net begeeschtert ass. Dat géif dann awer och fir d‘Salariée vun der Post gëllen. „Beim“ Staat, oder „fir“ de Staat schaffen, ass nu emol net dat selwecht, an dat féiert dozou, datt et um Enn d‘Gläichstellung an den Hänn vun der Regierung läit.

Foto: (v.l.n.r.) Céline Conter (LCGB), Minister Dan Kersch (LSAP), Christian Sikorski (OGBL). © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Dan Kersch, LCGB, Ministère vum ëffentlechen Déngscht an der administrativer Reform, OGBL, Staatsaarbechter
Next post Previous post