Search

You may also like

Den Aarbechtsmaart an d‘Lëtzebuerger Sprooch
Sport

Den Aarbechtsmaart an d‘Lëtzebuerger Sprooch

Zu Lëtzebuerg, wou dat Online-Wierderbuch LOD esou wéineg léift kritt

Och de Wochemaart feiert seng Rentrée
Sport

Och de Wochemaart feiert seng Rentrée

Um Freideg ass zu Esch Uelzecht eng vun den eelef

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 11. Abrëll 2021
Sport

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 11. Abrëll 2021

Vu Musek a Konscht, iwwert Atelieren a Workshops, bis hin

Haart ëmkämpft: De Cochonnet um Tournoi vun der Boule d‘Or

Mat engem flotten, oppenen Turnéier am „Tête a Tête“, huet de Petanque‘s Veräin „La Boule d‘Or“ ee Samschdeg fir vill spannend Momenter Gesuergt. 38 Eenzelkämpfer sinn ugetruede fir den éischte Präis mat Heem ze huelen. Et huet nëmmen een e kritt…

Um Escher Gaalgebierg also, stoungen se sech géinteniwwer. Déi Gutt, déi Besser an déi wou verstanen hu wéi et geet. Am „Tête à Tête“ wou ee sech, wéi de Numm et scho seet, een deem anere géinteniwwer steet, si Nerven, Strategie an och Kënne verlaangt.

Gespillt ginn ass op dräi Ronnen. Well heeschen, datt wann een eng Partie verluer huet, ass een an d‘Auspillen vun der B-Klass gerutscht. Huet een och do verluer, ass engem nach eng Chance an der C-Klass bliwwen. Duerno war dann awer endgülteg e Patt drénken ugesot.

Et muss net am Reen gespillt ginn

Den Tournoi war dann och haart, keen huet e Punkt geschenkt kritt. Géint der Enn vum Tournoi, d‘Spannung war schonn héich an d‘Nerve liicht gereizt, do fänkt et op emol och nach un mat reenen. Da kann ee schonn emol de Granzert kréien. Zum Gléck huet „La Boule d‘Or“ eng Hal, an et ass sech dann och ënner Dach verzu ginn.

Géint sechs Auer war et dunn esou wäit. D‘Gewënner an den dräi Klasse stounge fest an op een Hoer hätte mer net emol een vrun d‘Lëns kritt. An der C-Klass huet sech de Fritz Ongaro an der Finale géint den Kayser Guy duerchgesat. D‘B-Klass geet un de Boris Brunetta, deen de Kay Weiland kloer geschloen huet.

Vum Garage Losch zu Bouneweg, huet de Luciano „Lucky“ Zaurini, dem gléckleche Gewënner, Ronald Richter e gutt gefëllte Präiskuerf iwwerreecht – © Martine de Lagardère/moien.lu

An der A-Klass steet als Gewënner de Ronald Richter (vum Club de Petanque Audun-le-Tiche) fest. De Mann dee schonns 40 Joer am selwechte Veräin säin Onwiesen dreift, huet awer och um Gaalgebierg seng Frënn. „Mir gefält dee Spillmodus ganz gutt. Och hei bei d‘Boule d‘Or kommen ech nawell gären, hunn vill Frënn hei“ verréit eis de sympathesche Mann aus dem Frankräich.

Vu näischt kënnt näischt

En Tournoi bedeit fir e Veräin natierlech och e ganze Batz Aarbecht. Déi frëndlech Pensionären hunn de Grill um lafen, an d‘Frittefett op Temperatur gehalen. D‘Salsiccia war nees e genoss an dozou gouf um Comptoir och e passend Gedrénks. Och en interesséierte Public war komm, fir ze gesinn, wien dann um Enn dee Bessere wier.

E besonnesche Merci muss een dann allerdéngs och de ville Sponsoren ausschwätzen. Heibäi e sëlleche Privatleit, déi dozou bäigedroen hunn datt net nëmme Kaddoe mee och e Präisgeld konnt ausgedeelt ginn. An der Hoffnung elo hei keen ze vergiessen: Heng Tintinger, Jean-Paul Tintinger, Nico Jost, Alain Paci, Marc Massuro a Jeff Quintus.

Et huet och Entreprise ginn, déi de Veräi schonn zanter Joer op déi eng oder aner Weis begleeden. Esou d‘Sportsgeschäft Lombardi vu Rëmeleng, Stoll Safety Sàrl aus dem ZARE vun Éilereng an de Garage Losch vu Bouneweg. Alleguerten hunn se hire Bäitrag geleescht, fir datt et sech och gelount ëm all Punkt ze kämpfen.

Randnotiz: All Mëttwochs gëtt op der „Boule d‘Or“ eng oppe Melée ugebueden. Ab 14 Auer geet et lass. Avis aux Amateurs.

Related topics Esch/Uelzecht, Petanque, Tournoi
Next post Previous post