Search

You may also like

Kënschtlech Intelligenz: Lëtzebuerg als fortschrëttlechsten EU-Member
International Neiegkeeten

Kënschtlech Intelligenz: Lëtzebuerg als fortschrëttlechsten EU-Member

Während Kids op der rouder Bréck domatter beschäftegt waren sech

HEN – Eng ausgeflippte queer Show am Kinneksbond zu Mamer
International Neiegkeeten

HEN – Eng ausgeflippte queer Show am Kinneksbond zu Mamer

De 4. a 5. Juni 2021 invitéiert de Mamer Kinneksbond

Solidaritéit!
International Neiegkeeten

Solidaritéit!

Virum Hannergrond vum Protestpiquet géint d‘Luxair-Spuermoossname virum „Héichhaus“ op der

D‘Belsch mobiliséiert sech géint haislech Gewalt

Zu Bréissel hunn Associatiounen d‘Autoritéiten alarméiert: de Confinement kéint eng Zounam vun der Gewalt an de Famillje mat sech bréngen. D‘Police an der Haaptstad huet de Message verstanen.

D‘Belsch mobiliséiert sech géint haislech Gewalt

D‘Police vu Bréissel-Nord (déi ass zoustänneg fir Evere, Schaerbeek a Saint-Josse) huet nom Appell vun den Associatiounen ugekënnegt, datt si mat alle Persounen, déi an de leschten dräi Méint eng Plainte fir haislech Gewalt deponéiert hunn, wëlle Kontakt ophuelen. Et wier grad elo wichteg, datt dës Mënsche wëssen, datt si an dësen Zäiten net op sech eleng agestallt sinn.

Fir d‘Direktesch vun „Solidarité Femmes et Refuge pour femmes battues Asbl“, Josiane Coruzzi, ass dës Initiativ ee Schratt an déi richteg Richtung: „Alles wat derzou bäidréit, datt d‘Affer sech net verlooss an isoléiert fillen, ass eng gutt Initiativ“. Besser wier et natierlech, wann déi aner Police-Zonen sech vun dësem Beispill kéinten inspiréiere loossen. Gewalt beschränkt sech net op Bréissel.

De gréisste Problem stellt de Confinement duer. Sech 24 op 24 Stonne mat engem Mann a Kanner op klengstem Raum mussen ophalen, wier ënner „gudde Konditioun schonn eng Erausfuerderung“, esou d‘Josiane Coruzzi. Wann dann d‘Gewalt am Menage souwisou scho present ass, da brauch et just e Fonken, eng deplacéiert Äntwert, fir eng banal Sitautioun eskaléieren ze loossen.

Eng Suerg déi vun de belschen Autoritéite gedeelt gëtt. Esou hu scho leschten Donneschdeg, d‘Wallonie, d‘Federatioun Wallonie-Bréissel an d‘Cocof sech derzou entscheet, eng Eenheet opzestellen, déi sécherstelle soll, datt et genuch Infrastrukture gëtt, fir Fraen (méiglecherweis mat hire Kanner) relogéieren ze kënnen, wann dës polizeilech Mesure sech sollt imposéieren.

Zousätzlech gouf eng Sensibiliséierungscampagne lancéiert. Hei ginn d‘Noutruffnummere vun den zoustännege Service nach emol widderholl. Et gëtt och eng Hotline (gratis) an ënnert dem 0800 30030, gëtt de Leit nogelauschtert. Gëschter huet den interministerielle Grupp „Fraerechter“ fir den 2. Abrëll eng (Video)Konferenz beschloss. Do soll iwwer weider Mesure berode ginn.

Wéi gesäit et bei eis am Land aus? Informatioune gëtt et zur Stonn keng, zumindest näischt säitens der Regierung. D‘Associatioune kommunizéiere wuel via Facebook an op hiren Internetsäiten, och d‘Gewerkschaften hunn de Problem oppen ugeschwat. Ob mir genuch Fraenhaiser oder ausräichend Raimlechkeeten hunn, a wéi d‘Police mat dësem Problem ëmgeet, ass aktuell net gewosst.

mat indymedia/bru

Illustratioun: © Raj /unsplash

Related topics Belsch, Confinement, Gewalt géint Fraen, haislech Gewalt, Pandemie
Next post Previous post