Search

You may also like

Tacheles: De Litty [ouni d‘Bobby]
Meenung Neiegkeeten

Tacheles: De Litty [ouni d‘Bobby]

Ongleeflech; Am neie Band vum „De Litty“, deen als Schoulmaterial

Regierungsrot: Prioritéite vun der Benelux-Presidence
Meenung Neiegkeeten

Regierungsrot: Prioritéite vun der Benelux-Presidence

Ënnert der Presidence vum Premierminister Xavier Bettel, huet dëse Freideg

D‘Damme vum VFL Bochum op Besuch beim SC Beetebuerg
Meenung Neiegkeeten

D‘Damme vum VFL Bochum op Besuch beim SC Beetebuerg

Huele mir d‘Resultat direkt an de Grapp: SCB 0 –

Eng Hotline géint haislech Gewalt (kommentéiert)

Eng Hotline géint haislech Gewalt (kommentéiert)

Haislech Gewalt ass besonnesch am Confinement ee Kappzerbrieches a vläicht géif dës Erkenntnis der Petitioun vum Oktober, haut eppes méi Zousproch zoukomme loossen, an där no méi stramme Gesetzer gefuerdert goufen. Enn Mäerz hate mir iwwert déi vun der Bréisseler Police ergraffe Mesure bericht an eng Rei Froen opgeworf, déi awer galant vun den Autoritéiten ignoréiert goufen.

Och an eisem Beitrag „De Confinement a seng Niewewierkunge“ wollte mir d‘Opmierksamkeet vun der Ëffentlechkeet op den imminente Risk vun der haislecher Gewalt erwächen. 14 Deeg méi spéit hunn sech fënnef Organismen/Veräiner/Associatiounen an de Gläichheetsministère mëttels Communiqué zu Wuert gemellt an eng Hotline géint eben déi genannten haislech Gewalt agesat.

Wann een eigentlech sollt dovunner Ausgoen, datt d‘Police déi Instanz ass, déi sech ëm haislech Gewalt ze këmmeren huet, an d‘Affer et schonn do net einfach hunn „Kontakt“ opzehuelen, esou stellt sech d‘Fro iwwert den Notze vun der Telefonsnummer 2060 1060. Mee déi fënnef Veräiner an de Ministère schéngen iwwerzeegt, datt hire Wee dee richtegen ass. Dat steet esou elo am Raum.

Hannert dëser Hotline stinn: d‘Fondatioun Pro Familia, d‘Fondatioun Haus vun der Oppener Dier, infoMann / actTogether Asbl, Fraen an Nout, den Nationale Rot vun de Fraen, de Ministère spillt – esou zumindest de Communiqué – hei éischter eng ënnerstëtzend Roll. Nieft dem 2060 1060 gëtt et och nach d‘Méiglechkeet, sech iwwer info@helpline-violence.lu  ze mellen…

Haislech

© Thought Catalog / unsplash

Elo ass dës Hotline all Dag vun 12 bis 20 Auer personell besat, an et gëtt verséchert, datt hei nëmme Leit Ried an Äntwert stinn, déi berufflech op haislech Gewalt spezialiséiert sinn. Am Communiqué sinn dann awer och vill vun de Problemer, déi mir eisen Artikel opgefouert hunn, iwwerholl ginn, net awer wéi eng Léisungen, respektiv Hëllefe konkret ugebuede ginn. Ass vläicht och geheim…

Onglécklech dann och d‘Formuléierung „afin de réagir à la hausse projetée des violences“, déi jo awer däitlech mécht, datt een entweder ze spéit oder net éischter reagéiere konnt. Zudeem léist et de Schluss zou, datt dëse Veräiner an dem Ministère keng konkret Fäll bekannt sinn. Ee Mënsch deen dëser Form vu Gewalt ausgesat ass, egal ob Mann oder Fra, brauch dann och kee Rot mee Hëllef.

Datt d‘Plazen an de Fraenhaiser begrenzt sinn, ass dat eent, datt ee keen der haislecher Gewalt ausgesat dierf loossen, dat anert. Wien tatsächlech betraff ass, dierft sécher frou sinn anzwousch kënnen unzeruffen, an wann eng Persoun sech iwwerwonne kritt huet dëse Schratt ze goen, da läit méi wéi just een Hoer an der Zopp. Iwwert Mesure awer, steet am Communiqué net ee Wuert.

Illustratioun: © Artem Maltsev / unsplash

Related topics Coronavirus, Covid19, haislech Gewalt, Hotline, Tabuthema
Next post Previous post