Coronavirus: D’Luxexpo als éischten Zenter fir erweidert Fleeg
Wéi et de Gesondheetsministère ugekënnegt hat befënnt Lëtzebuerg sech mëttlerweil
Wéi et de Gesondheetsministère ugekënnegt hat befënnt Lëtzebuerg sech mëttlerweil
Grad elo wou déi sozial Kontakter nees méi limitéiert musse ginn, kënnt et méi heefeg zu haislecher Gewalt. D’Affer hunn Angscht sech ze wieren, an esou bleift d’Peng hannert de véier Wänn verstoppt. En Auswee gëtt et ëmmer, och wann et als concernéiert Fra schwéier schéngt.
„Haislech Gewalt ass keng privat Affär: De Kampf géint haislech Gewalt geet eis all un“, sou d’Ministesch. De Problem muss gemeinsam bekämpft ginn, an esou weist si sech houfreg iwwert d’Ënnerstëtzung vun der Zivilgesellschaft, den Organisatiounen an de Gemengen bei der Initiative vun der Orange Week. Méiglech mécht d’Aktiounswoch den nationale Rot vun de Lëtzebuerger Fraen an Zonta International, mat finanzieller Ënnerstëtzung vum Ministère fir Gläichheet tëscht Fraen a Männer (MEGA).
An dësem Kader huet d’Taina Bofferding nach erneit op d’Zesummenaarbecht mat der Police erënnert, fir de Betraffenen déi néideg Hëllef ze bidden. Zousätzlech ginn folgend Moossnamen ugebueden:
Denkt drun: Dir sidd net eleng a kritt Hëllef, wann Dir der braucht!
Opmaacherbild: © Claudia Soraya