Search

You may also like

Geheim Fichieren: Et geet virun
Neiegkeeten

Geheim Fichieren: Et geet virun

An de Kommissiounen „Justiz“ & „Bannesécherheet“ stoung op der Dagesuerdnung:

Wéi gewaltbereet ass eis Jugend?
Neiegkeeten

Wéi gewaltbereet ass eis Jugend?

Nodeems et déi vergaange Woch an de soziale Brennpunkten: Quartier

Et herrscht Covid19 an elo ass Schluss mat Lëschteg
Neiegkeeten

Et herrscht Covid19 an elo ass Schluss mat Lëschteg

Leschten Donneschdeg hu se an der Chamber en neit Covid19-Gesetz

Lockdown an Deconfinement: Éischte Schätzungen no, soll haislech Gewalt net zougeholl hunn

E Freideg huet d’Taina Bofferding, Ministesch fir d’Gläichheet tëscht Fraen a Männer sech mat Organisatioune getraff, déi sech ëm Fraen an Nout an Affer vun haislecher Gewalt këmmeren, fir esou e Bild iwwert hire sozialen Engagement ze kréien. Dobäi gouf et grousst Luef fir déi professionell Ënnerstëtzung säitens den Ekippen.

Besicht goufe verschidden Opnamestrukturen a Berodungsplazen, dorënner d’Fondatioun Maison de la Porte Ouverte (FMPO), d’Fondatioun ProFamilia, Femmes en Détresse Asbl (FED) an den Nationale Rot vun de Lëtzebuerger Fraen (CNFL). Ugefaangen huet den Dag mat enger Visitt am Eeschwëller Haus Edith Stein vun der FMPO, souwéi dem Fraenhaus vun der FED.

Um Nomëtteg goung et dunn weider vun der Stad aus op Diddeleng an d’Fraenhaus vu ProFamilia, dunn an de Foyer Sud vum CNFL zu Esch-Uelzecht. Bei de Visitte goung e virun allem ëm den Echange, Kritik a Meenungsaustausch tëscht de Responsabele vun de Strukturen.

Thema war och d’Krisesituatioun wärend dem Lockdown, eng Situatioun déi duerch verschidden Erausfuerderunge besonnesch schwéier war. Haislech Gewalt huet zougeholl an esou ware grad dës Strukture gefrot mat engem oppenen Ouer d’Affer ze empfänken. Duerch Permanencen op der Plaz, sou wéi um Telefon konnten de Confinement an den Deconfinement awer gutt gemeeschtert an d’Assistenz fir potentiell Affer garantéiert ginn.

Ma, mat dëse Visitten hat een och wëlles, en éischte Bilan zur haislecher Gewalt wärend der Kris maachen ze kënnen. Wéi et ausgesäit, hätt d’Angscht virun enger massiver Erhéijung sech glécklecherweis net bestätegt, sou d’Ministesch. Scho bei der Presentatioun vum Bilan 2019 zur haislecher Gewalt dëse Juni, huet een ënnerstrach, datt et keng substantiell Erhéijung an den éischte sechs Méint vun 2020 géif ginn. Et goufen zwar 126 Expulsiounen (+20 % am Verglach zu 2019) ugeuerdent, mee et wéilt een awer keng hasteg Schlëss zéien an déi detailléiert Analys ofwarden. Trotzdeem ass all Affer vun haislecher Gewalt, een Affer ze vill!

Uewen fannt Dir eng Billergalerie zu de verschidden Treffen © MEGA

Related topics CNFL, Confinement, Covid-19, Deconfinement, Femmes en Détresse Asbl, Fondatioun Maison de la Porte Ouverte, Fondatioun ProFamilia, haislech Gewalt, Hëllef, Lockdown, MEGA, Ministesch fir Gläichheet tëscht Fraen a Männer, Noutsituatioun, Pandemie, Taina Bofferding, Telefon
Next post Previous post