Search

You may also like

Bei den Oscars ass net alles Gold wat blénkt
International Neiegkeeten

Bei den Oscars ass net alles Gold wat blénkt

All Joer, wann d’Oscar-Nominéierungen eraus sinn, ginn et di selwecht

Belsch: Coronavirus erméiglecht eng Iwwergangsregierung
International Neiegkeeten

Belsch: Coronavirus erméiglecht eng Iwwergangsregierung

Déi belsch Regierungskris schéngt sech dem Enn zouzebeweegen, déi zéng

Viru 25 Joer huet de Michael Schumacher déi éischte Kéier mat Ferrari gewonnen
International Neiegkeeten

Viru 25 Joer huet de Michael Schumacher déi éischte Kéier mat Ferrari gewonnen

No zwee Weltmeeschtertitele mam Team Benetton huet de Michael Schumacher

Haiti: Ee Mount nom Äerdbiewe feelt et u Geld

Eréischt 5% vun de benéidegter Hëllef si geséchert – Eng CARE-Ëmfro op der Plaz weist datt et iwwerproportional Onsécherheete fir Fraen a Meedercher huet

Haiti: Ee Mount nom Äerdbiewe feelt et u Geld

Jérémie, Haiti – Ee Mount nom schwéieren Äerdbiewen am Südweste vun Haiti, weist d‘ONG CARE op déi massiv Ënnerfinanzéierung vun der humanitärer Hëllef hin. Beim Äerdbiewen de 14. August sinn iwwer 2.200 Mënsche gestuerwen an aktuell sinn op d‘mannst 800.000 Mënschen op hëllef ugewisen.

Den Appell vun der UNO, dee ronn 160 Milliounen Euro fir déi onmëttelbar Nouthëllef virgesäit, ass zur Stonn grad emol zu 5% finanzéiert.

CARE huet an de betraffene Gebidder, Fraen, Männer a Kanner no hirer Situatioun a Bedierfnesser gefrot. Dat wichtegst sinn hinnen zur Stonn: sécher Ënnerkënften, Waasser a Liewensmëttel. 60% vun de Befroten hu bericht, datt si zanter dem Äerdbiewe kee proppert Waasser zur Verfügung hunn. Et huet awer och ganz ënnerschiddlech a verwonnerlech Standpunkte jee no Geschlecht.

Haiti

Wa beispillsweis 25% vun de Frae besuergt sinn, datt si duerch kontaminéiert Waasser kéinte krank ginn, deelen dës Angscht nëmme 5% vun de Männer. Fraen a Meedercher bekloen allerdéngs déi „enk Liewensverhältnisser“ an de Lager fir Mënschen, déi duerch d‘Biewen hiren Daach iwwert dem Kapp verluer hunn. An dëse Lager géif et dann esou zimmlech un allem noutwennege feelen.

Kaum Luucht, keng Privatsphär an Toiletten „ouni Trennung“. Besonnesch beängtescht sinn eeler Mënschen a kleng Kanner. Si hunn esouwuel Angscht virun engem neien Äerdbiewen, wéi datt sech Banden un hinne vergräife kéinten. Et wier also schonn dréngend néideg, dës Situatioun séier ze verbesseren. Ganz allgemeng muss een awer och agestoen, datt villes nach oniwwersiichtlech ass.

Et brauch méi Inklusioun

„Mir Fraen hu villes zu eiser Situatioun ze soen, mee et lauschtert eis keen no“, esou eng Fra aus der Regioun Nippes. Aus der Ëmfro vu CARE gëtt nach ervir, datt 79% vun de Befroten uginn hunn, datt d‘Fraen onmëttelbar an aktiv un der Nouthëllef fir hir Gemenge bedeelegt sinn. Déi consultéiert Hëllefsorganisatioun ginn, dat kaum Fraen un den Hëllefsoperatioune bedeelegt sinn.

Haiti

„Ons Erhiewung weist däitlech, datt déi humanitär Hëllef hei vill méi inklusiv muss organiséiert ginn“, statuéiert de stellvertriedende Länner-Direkter Muhamed Bizimana. „Wann all Gruppen ee Matsproocherecht hunn, wéi d‘Hëllef soll organiséiert ginn, ass d‘Gefor manner, datt een iwwersi gëtt“. Dat wier awer elo emol, wat sech op der Plaz misst doen, firwat et dann nees Geld brauch.

An dann ass jo och nach déi sougenannte Prioriséierung vun den Urgencen. Dat spillt sech politesch of, woubäi och d‘Medien hei eng Roll Spillen. U Krisen huet dëse Summer net gefeelt, an all déi wou et virum Summer hat goufen och kenger zefriddestellender Léisung zougefouert. Haiti hätt keen Interessi, weder bei der Politik nach an der Ëffentlechkeet erwächt. Alles kuckt op Kabul…

CARE leescht op der Plaz ronderëm d‘Auer Nouthëllef. 120.000 Mënsche konnten esou scho mat Waasser, Hygiènesartikel an aneren Hëllefsgidder gehollef kréien. CARE huet sech virgeholl op Haiti mëttel- a laangfristeg engagéiert ze bleiwen.

mat CARE zu Lëtzebuerg Asbl

Illustratioun: © CARE Austria

Related topics Äerdbiewen, CARE zu Lëtzebuerg Asbl, Finanzéierung, Haiti, humanitär Hëllef
Next post Previous post