Search

You may also like

Eng erfollegräich Staffel mam Elmar Sprink a Sabrina Mockenhaupt beim Frankfurter Marathon
International Kultur Neiegkeeten

Eng erfollegräich Staffel mam Elmar Sprink a Sabrina Mockenhaupt beim Frankfurter Marathon

Beim Frankfurter Marathon konnten den pjuractive härztransplantéierten Ironman-Finisher Elmar Sprink

Käerjeng rifft zu Botzaktioun nom Tornado op!
International Kultur Neiegkeeten

Käerjeng rifft zu Botzaktioun nom Tornado op!

Déi verschidde Baueren aus der Gemeng Käerjeng hunn elo ee

Festival atlântico: Lusophon Diversitéit an der Philharmonie
International Kultur Neiegkeeten

Festival atlântico: Lusophon Diversitéit an der Philharmonie

De Festival atlântico feiert nees d’Musek vun de lusophone Länner

HALESTORM um 18. Juni am Atelier!

HALESTORM um 18. Juni am Atelier!

A manner wéi engem Mount wäert déi US-amerikanesch Hard-Rockband Halestorm mat hirer Sängerin a Gittaristin Lzzy Hale den Atelier besichen! Mat honnerte Shows pro Joer a weiblecher Frontfra gehéiert dës Band zu den erfollegräichste Gruppen aus dem 21. Joerhonnert. Elo sinn si mam Album „Vicious“ ënnerwee duerch déi ganz Welt. Als Fan vun der haarder Musek sollt ee sech dëse Concert also net entgoe loossen!

Mam Album „Into The Wild Life“ vum Joer 2015 hunn dës Talenter hir musikalesch Grenzen esou wäit gedréckt, wéi nach ni säit hirer Entstehung. Vun engem doucen Hauche steigeren sech d’Lidder vun Halestorm bis hin zum kräftege Jäizen, wouduerch ee kloer versteet, datt Kreativitéit wuel keng Grenze kennt. A kee wäert dës Museker an hir artistesch Visioun ophale kënnen.

Op eiser leschter Opnam hu mir all déi verréckt Meilesteng erreecht“, sou d’Lzzy. Mat „Freak Like Me“ a „Love Bites (So Do I)“ hu si d’Plaz 1 vun de Rock Charts erklommen, wouduerch sech Halestorm als éischt Band mat weiblecher Besetzung um Mikro ganz uewen areie konnt. Hir zuelräich Präisser – dorënner och ee Grammy fir déi bescht Hard Rock/Metal Performance fir „Love Bites“ – beweisen den enorme Succès!

Ouni déi eegen Identitéit vun der Band ze verléieren ass Halestorm sech trei bliwwen, an dat trotz hirer laanger Entwécklung an e puer musikaleschen Experimenter. Et gëtt dës staark Grupp nämlech scho säit 1997 an elo soll sech fir d’Freed un hirem musikalesche Stil agesat ginn.

D’Sängerin erkläert weider: „Dësen Album ze maachen huet eis drun erënnert, datt an enger Band ze sinn nach ëmmer magesch ass. A 4 Leit déi sech géigesäiteg gär hunn an zesummen ofrocke kënne léisst een déi erfrëschend Zort vu kreativem Fridden erliewen. „Um Enn vum Dag kënne mir laachen an eis zoueneen ëmdréien a soe Kuckt, mir sinn nach ëmmer do! Aus iergendengem Grond stëppele mir eis an hunn et gär zesumme Musek ze maachen. An elo kënne mir do eraus goen a maache wat zur Häll mir och ëmmer wëllen!“

Halestorm

© den Atelier

Weider Informatiounen

Puh, wann een dat liest steigt déi perséinlech Virfreed jo direkt nach méi un! A wien sech dat musikalescht kraaftvollt Spektakel ëm d’Lzzy Hale, den Arejay Hale, den Joe Hottinger an den Josh Smith net entgoe loosse, oder och dës Museker an hir ganz Léift zum Talent kenne léiere wëll, dee sollt sech den Dënschdeg, den 18. Juni fräi halen!

Zesumme mat Goodbye June kann een Halestorm am Atelier (54 Rue de Hollerich, 1741 Lëtzebuerg) erliewen. D’Diere ginn um 19:00 Auer op, den Ticket kascht 26,00 €. Mir wënsche vill Spaass!

Opmaacherbild: Coverbild vu “Vicious” – Halestorm © den Atelier

Related topics Atelier, Concert, Halestorm, Hardrock, Lzzy Hale, Musék, Vicious
Next post Previous post