Search

You may also like

Krautmaart: de Koalitiounsprogramm ëmfänglech Resuméiert
International Neiegkeeten

Krautmaart: de Koalitiounsprogramm ëmfänglech Resuméiert

D‘Parteie vun der Oppositioun hunn de Koalitiounsprogramm ëmfänglech studéiert an

Nach 2 Versich: Bitcoins am Wäert vun 181 Milliounen Euro stinn um Spill
International Neiegkeeten

Nach 2 Versich: Bitcoins am Wäert vun 181 Milliounen Euro stinn um Spill

Déi richteg Elementer zesummenzesetzen, fir den Jackpot ze knacken, ass

Wéini ass een eng vulnerabel Persoun?
International Neiegkeeten

Wéini ass een eng vulnerabel Persoun?

Moien, Jang. Moien, Marie-Gabrielle. Et freet mech, dech erëm ze

Halifax International Security Forum: D’EU a Groussbritannien am Fokus

Halifax International Security Forum: D’EU a Groussbritannien am Fokus

Leschte Samschdeg huet de Verdeedegungsminister François Bausch un der virtueller Konferenz vum sougenannten „Halifax International Security Forum“ deelgeholl. Beim Forum, deen all Joer e Schlësselevenement zur Sécherheet an der Verdeedegung vun Nordamerika duerstellt, goung et dës Kéier ëm déi zukünfteg Bezéiungen tëscht der EU a Groussbritannien.

De Minister Bausch huet de Fokus dorop geluecht fir ambitiéis an enk Relatiounen zum Vereente Kinnekräich opzebauen a bäizebehalen, esou wéi et déi fundamental Wäerter a gemeinsam strategesch Interessen, sou wéi déi geografesch Proximitéit an d’Wirtschaft fuerderen.

Fir béid Säiten – d’EU an dat Vereente Kinnekräich – komme weltwäit Erausfuerderungen duer, dorënner beispillsweis d’Emergenz vu China an déi global Ännerungen an der Ëmwelt.

De François Bausch hofft, datt nach en Accord ka fonnt ginn, bedauert awer gläichzäiteg, datt d’Sécherheet an d’Verdeedegung net Deel vun den aktuelle Verhandlunge sinn, dat duerch de feelenden Interessi säitens Groussbritannien. D’Hoffnung bleift, datt nom Austrëtt e méi rouegt Klima herrsche wäert an dann eng ambitiéis Partnerschaft a Saache Sécherheet a Verdeedegung ka geschloss ginn.

Opmaacherbild: Halifax International Security Forum / Facebook

Related topics Bezéiung, EU, Europäesch Unioun, François Bausch, Groussbritannien, Halifax International Security Forum, Nordamerika, Sécherheet, Verdeedegungsminister, Vereenegt Kinnekräich, Wirtschaft
Next post Previous post