Search

You may also like

Nach 2 Versich: Bitcoins am Wäert vun 181 Milliounen Euro stinn um Spill
Kultur Neiegkeeten

Nach 2 Versich: Bitcoins am Wäert vun 181 Milliounen Euro stinn um Spill

Déi richteg Elementer zesummenzesetzen, fir den Jackpot ze knacken, ass

Contournement vu Käerjeng: Inakzeptabel Kommentaren vu Bausch a Fox
Kultur Neiegkeeten

Contournement vu Käerjeng: Inakzeptabel Kommentaren vu Bausch a Fox

Opgrond vun de jéngste Reaktioune vu verschidde Politiker bezéiungsweis dem

Englesche Pubs geet de Béier aus
Kultur Neiegkeeten

Englesche Pubs geet de Béier aus

Zanter elo gutt véierzéng Deeg sinn d‘Terrassen an d‘Ausseberäicher vun

Halloween steet virun der Dier: Stellt de Popcorn scho prett!

Halloween steet virun der Dier: Stellt de Popcorn scho prett!

Op der Sich no engem gudden Horrorfilm? Zombien, Vampiren an Dämonen – Horrorfilmer loossen sou munche Bols an d‘Luucht goen. Mee e gudde Grujelfilm ze fannen ass guer net sou einfach, mëttlerweil ass d‘Auswal einfach ze grouss. Zemools d‘Streamingplattform Netflix huet eng grouss Offer virzeweisen an de Programm ännert sech stänneg. Vläicht ass hei jo eppes Passendes zu Halloween dobäi.

Jemand ist in deinem Haus (2021)

Seele baséiere sougenannte Slasher-Filmer op Romanen. Ma dëse kënnt aus der Fieder vum Stephanie Perkins an ass eigentlech ee Jugendbuch. Ee Fussballspiller gëtt ëmbruecht, et dauert net laang a weider Schüler stierwen. An dat nawell zimmlech brutal. Dës hunn eng Gemeinsamkeet – de Mäerder kennt hier däischter Geheimnisser. Mee wéi kann dat sinn?

D‘Makani huet och esou ee Geheimnis a genee dofir geréit hatt an de Fokus vum Killer. Ass et ee vu sengen (nach liewegen) Frënn?

Den Trailer fannt Dir HEI.

Halloween
Jemand ist in deinem Haus © Netflix

The Babysitter (2017)

Horror an Humor geet natierlech och ouni Zombien. An dëser Splatter-Komedie verwandelen dem Cole (12 Joer) seng fiicht Dreem sech an een Albdram. An dobäi fänkt alles gutt un. D‘Eltere sinn aus dem Haus, de Babysitter ass immens attraktiv.

Keen Wonner, datt et hien aus dem Bett zitt, fir ze kucken, wat dat attraktiv Bee mécht, wann hatt eleng ass. Ma wär en nëmmen ënnert senger waarmer Decke bliwwen – elo geet et ëm Liewen an Dout. D‘Fortsetzung „The Babysitter: Killer Queen“, déi villäicht souguer nach méi bluddeg ass, ass och bei Netflix ze gesinn.

Den Trailer fannt Dir HEI.

Halloween mat Netflix
The Babysitter © Netflix

Das Spiel (2017)

An dësem Psychothriller, deen op enger Buchvirlag vum Stephen King baséiert, geet et nawell hefteg hier. Eng Koppel wëll hiert Liibesliewen e bëssen opfrëschen an esou eventuell d‘Bezéiung retten. Dobäi sollen erotesch Fesselspillercher hëllefen.

Mee nodeems de Gérard seng Fra un d‘Bett gefesselt huet, kënnt et zum Sträit. An elo? Et ass tatsächlech ee fiesen Horrorfilm, bei deem engem d‘Schudderen de Réck eroflafen, dat Béist ass däitlech spierbar. An och wann een dem King säi Buch gelies huet – et erwaart een nach sou munch Iwwerraschung.

Den Trailer fannt Dir HEI.

Halloween mat Netflix
Das Spiel © Netflix

Bird Box (2018)

De Film Bird Box mam Sandra Bullock entwéckelt sech esou lues zum Kultfilm. Mee fir ze verstoe firwat, muss Dir d‘Aen ophalen – net wéi eis Protagonisten. Ee mysteriéist Phänomen huet dofir gesuergt, datt d‘Mënsche wéi d‘Mécke stierwen, soubal si d‘Aen opmaachen.

De Bléckkontakt mat eppes Grujelegem dreift se entweder an de Wansinn oder an de Suicide. Fir sech a seng Kanner ze schützen, geet d‘Malorie op eng geféierlech Rees. Soll dat eng gutt Iddi sinn?

Den Trailer fannt Dir HEI.

Halloween mat Netflix
Birdbox © Netflix

Veronica (2017)

Dësen Horror-Thriller kënnt aus Spuenien, et gëtt erzielt, et wär ee vun de grujelegste Filmer op Netflix. Anerer fannen dës Ausso iwwerdriwwen, d‘Meenunge sinn gespléckt. Egal, Veronica ass ee Schocker. Wärend enger Sonnendäischtert wëll dat jonkt Veronica mat zwou Frëndinnen eng Seance ofhalen.

Hatt wëll op dës Manéier säi verstuerwene Papp kontaktéieren. Ma no der Seance ass näischt méi wéi et war. D‘Veronica spiert eng iwwernatierlech Präsens, déi sech als Bedreeung erausstellt an eng grouss Gefor duerstellt. Eng blann Nonn (déi och grujeleg ass), soll de Meedercher hëllefen.

Den Trailer fannt Dir HEI.

Halloween mat Netflix
Veronica © Netflix

Opmaacherbild: © Thomas Willmott / unsplash

Related topics Birdbox, Das Spiel, Filmtipps, Halloween, Horror, Jemand ist in deinem Haus, Netflix, The Babysitter, Veronica
Next post Previous post