Search

You may also like

money
D‘Stad Lëtzebuerg ënnerstëtzt den Eenzelhandel
Neiegkeeten

D‘Stad Lëtzebuerg ënnerstëtzt den Eenzelhandel

Wéinst dem Confinement iwwert den Zäitraum vum Etat de Kris,

Gott huet sech seng Hand zeréckgeholl
Neiegkeeten

Gott huet sech seng Hand zeréckgeholl

Hien ass villen eelere Fussballfans als „Hand Gottes“ beschtens an

SHARKO – Um 21. Februar am klenge Sall vun der Kulturfabrik!
Neiegkeeten

SHARKO – Um 21. Februar am klenge Sall vun der Kulturfabrik!

Mam éischten Album Feuded huet alles ugefaangen. Elo verséisst de

Wann een d‘Häerz op der richteger Plaz huet

Asbl „Hand an Hand fir Afrika“ wot de Réckbléck a riicht d‘Aen op d‘Zukunft

Si ass kleng, d‘Asbl „Hand an Hand fir Afrika“ dofir gëtt wéineg diskutéiert a villes ënnerholl. Si setzen sech fir d‘Kanner, hunn eng Schoul (mat Kichen) gebaut, e Weesenheem opgeriicht a fir eng Krankestatioun ass et och duergaangen. Säit 2010 leeft de Projet an et gëtt nach villes ze dinn.

Elo, bal zéng Joer méi spéit, gëtt et ëmmer méi Hänn déi Hand an Hand fir Afrika op all erdenklech Aart a Weis ënnerstëtzen. Gëschter huet d‘Associatioun wéi all Joers, all dës „Hänn“ op ee gudde Maufel zu Helleng agelueden. No enger gudder „Pasta“ gouf eng super Tombola. Hei ginn allerdéngs keng Spendegelder am Teller verbëtzt, a mat der „Pasta“ gouf esou nach emol d‘Kees eppes weider gefëllt.

De President Paul Schroeder an seng riets Hand den André Wiesen, hunn dat ganzt Joer nach emol Revue passéiere gelooss. Si sinn op déi vill Aktivitéiten zu Lëtzebuerg an och an der Elfebeeküst agaangen. Wann zu Lëtzebuerg den Highlight déi international Autocross-Course zu Helleng war, esou huet sech Hand an Hand fir Afrika Beetebbuerg, och zu Beetebuerg um Chrëschtmaart gutt gewisen.

Mee och op der Plaz selwer ass dëst Joer nees villes beweegt an zum deel fäerdeggestallt ginn. A wéi de Paul Schroeder während sengem Openthalt am Oktober sech nees ëmgekuckt huet, krute mir e Message a vill Biller geschéckt. Hien huet eis do geschriwwen: „Haut sinn ech nees un d‘Grenz vu menge Gefiller a Kraaft komm. Ech hu scho vill hei an Afrika gesinn, mee dësen Ubléck vun den Däbbesse mat Handicap huet mir d‘Tréinen an d‘Ae geschoss. Ech hu missen den Zenter verloossen…“

Dat fir och emol däitlech ze maachen, datt Hand an Hand fir Afrika kee Selbstzweck ass, mee eng ganz essentiell Hëllef leescht, déi zuweilen och schwéier ze droen ass. Mee déi ganz Ekipp an all déi Fräiwëlleg déi sech fir eng besser Welt asetzen, stäipen sech wann et emol emotional gëtt a spéitstens wann déi zwee nees mat laachende „Biller“ do sinn, weess ee firwat een et mécht.

An esou war den Highlight vum Samschdegowend d‘Erkenntnis, datt et dobausse Mënsche gëtt, déi den Äifer an d‘Perspikassitéit vun dëser klenger Asbl unerkennen an tatkräfteg ënenrstëtzen. Et gëtt wuel ëmmer – an dat ass och begréissenswäert – hei an do ee grousse Schäin, mee gëschter gouf et och nach zwee Schecken: D‘Frëndinnen an der Gar Käl-Téiteng hunn nach emol 700 Euro, déi Hand an Hand Beetebuerger nach emol 12.000 Euro an d‘Spendendëppe geluecht. Et geet also virun…

Wëllt och dir dëser Asbl ënnert d‘Äerm gräifen? Da sidd verséchert datt et hei kee „Waasserkapp“ gëtt deen eppes vun ärem Geld ëmleet, all Cent, wierklech all Cent kënnt genee do un fir dat hie virgesinn ass. Maacht mat!

Spendekonto: CCRA LU62 0099 7800 0069 7961

D’Asbl “Hand an Hand fir Afrika” an Hand an Hand fir Afrika Beetebuerg wënschen hire Memberen, de Fräiwëllegen, den Donateuren an Sponsore schéi Feierdeeg an e Gudde Rutsch an Joer 2020.

Foto: Et gëtt kaum eppes méi Schéines, wéi deene Leit Geld unzevertraue vun deenen ee weess, datt si verantwortlech domatter ëmginn. © Hand an Hand fir Afrika Asbl

Related topics Elfebeeküst, Hand an Hand fir Afrika, Hëllefsorganisatioun, Krankestatioun, Schoul, Weesenheem
Next post Previous post