Search

You may also like

Dem Sultan seng reliéis Grenzen
International Neiegkeeten Stories

Dem Sultan seng reliéis Grenzen

Op sech den Ëmgang vun de Chinese mat den Uiguren,

De Koalitiounsprogramm fir d‘Stad Lëtzebuerg steet
International Neiegkeeten Stories

De Koalitiounsprogramm fir d‘Stad Lëtzebuerg steet

Et huet eppes gedauert bis de Koalitiounsaccord tëscht der DP

Fondatioun Josy Barthel: D’Athletin Vera Hoffmann huet iwwerzeegt
International Neiegkeeten Stories

Fondatioun Josy Barthel: D’Athletin Vera Hoffmann huet iwwerzeegt

Déi jonk Athletin Vera Hoffmann duerft viru kuerzem d’Bourse vun

Brexit-Showdown zu Bréissel

27 Länner Stellen sech hannert den Handelsaccord mat Groussbritannien

Brexit-Showdown zu Bréissel

Zu Bréissel hunn d‘Ambassadeure vun de 27 Partnerlänner dem Handelsaccord mat de Britten déi gréng Luucht erdeelt, an dat esouguer Eestëmmeg… woubäi anescht géif et jo net goen. Elo soll um haitegen Dënschdeg déi formal schrëftlech Zoustëmmung vun allen europäeschen Haaptstied virgeluecht ginn. Dat méiglechst viru 15 Auer, esou en héije Beamte vun der EU-Kommissioun.

Dat heescht also, dat haut eppes vun de Regierungen ugeholl gëtt, wat kaum an engem Parlament kann debattéiert gi sinn. De 24. Dezember hunn d‘Britten den „Text“ zum Handelsaccord an nach eng Rei weider Pabeier verëffentlecht, an esouvill steet fest: kee Staatschef – an schonn emol guer net de Premierminister Xavier Bettel – huet den Text gelies. Si hunn dee beschtefalls liese gelooss.

Elo ass et natierlech richteg, datt eis Chamber, also zumindest d‘Majoritéit an der Chamber a wuel och grouss Deeler vun der Oppositioun, dësen Handelsaccord – well ee jo fir d‘Finanzplaz wichteg ass – och blann ënnerschriwwen hätten, am Vertrauen dorops, datt se an der EU-Kommissioun jo wësse wat se maachen. Et geet net wierklech anescht an e bëssi Demokratieverloscht ass ëmmer.

Wien elo hofft, datt wa schonn déi eegen Deputéiert kee Matsproocherecht méi am Parlament hunn, et jo awer nach d‘EU-Parlament gëtt, an do jo awer mat Sécherheet den Text akribesch vun den EU-Deputéierte – oder zumindest hire Fraktiounen – ënnert d‘Lupp geholl gouf, hofft vergiewens. Den Text hunn si och um leschte Stëppel kritt, grad wéi d‘Uweisung dem Handelsaccord zouzestëmmen.

En europäescht Provisorium

Offiziell heescht et, datt et jo ee „virleefegt Akraafttrieden“ ass, also 2021 vill Zäit ass, sech mat den eenzele Punkten am Ofkommes ze befaassen. Sollt een do op Onstëmmegkeete stoussen, misst een den Text amendéieren. Dat ass jo ee Klacks, besonnesch wou d‘Britte ganz verstänneg Partner sinn, an ëmmer ganz séier Bereetschaft signaliséieren sech mat hire „Frënn“ ze concertéieren.

Dat alles ännert dann awer näischt um Fait, datt den ënner Schmäerzen ausgehandelten Accord déi wirtschaftlech Bezéiung tëscht der Insel an dem Kontinent reegele wäert, vu datt och zu London d‘Parlament schonn seng Zouso bestätegt huet. Et geet jo prinzipiell drëms Douanestaxen ze vermeiden an esou den Handel oprecht ze erhalen. Et geet grondsätzlech ëm Wirtschaftsinteressen.

Hei gëllt et awer uecht ze doen – firwat et scho wichteg gewiescht wier, dësen Handelsaccord an der Chamber ze debattéieren – datt wann d‘Politik de Kotau virun de Wirtschaftslobbyiste mécht (oder einfach d‘Hand ophält) och e ganze Pak aner Beräicher: Justiz, Police, Transport, Energie, asw. hei am Accord hir Plaz hunn. Interessant och datt et kaum intelligibel Kritik gëtt. Dat ass net erwënscht.

Anersäits ass eng virleefeg Uwennung vun dësem Handelsaccord zwéngend, well et zäitlech strikt net méiglech ass d‘Ratifizéierung duerch d‘EU-Parlament viru Mëtternuecht um 31. Dezember ze bewierkstellegen. Dat britescht Parlament sollt den Accord den 30. Dezember awer scho ratifizéiert hunn. Ob bis dohinner een déi ronn 1.250 Säite gelies a verstanen huet? Dat ass leider irrelevant…

Méi einfach gëtt et net

Wann ee sech scho freeë sollt, datt no enger gefillter Éiwegkeet déi bockeleg Verwandtschaft ënner der Féierung vun engem verlugene Polit-Clown, op d‘Fuerderung an d‘Virlag vun der EU, déi vum Team ronderëm de Michel Barnier ausgeschafft gouf agaange sinn, esou wäert d‘Bezéiung tëscht de Britten an den Europäer dauerhaft geschiedegt sinn. De Vertrag reegelt bei wäitem net alles.

Zwar ass ee sech eens ginn, keng Taxen oder soss Steieren op d‘Wueren ze erhiewen, egal a wéi eng Richtung d‘Wueren transportéiert ginn, mee et huet nees Grenzen a folgerichteg och administrativ Reegelen. Esou muss beispillsweis séchergestallt ginn, datt d‘Standarde bei Liewensmëttel an/oder technesche Produkter agehale ginn. Och de fräie „Persouneverkéier“ gëtt jo mam Accord gereegelt.

An et muss nach emol op ee vun de grousse Sträitpunkten am Accord higewise ginn. D‘Fëscherei – also dee Wirtschaftsberäich deen a Groussbirtannien fir 0,01% vum BIP verantwortlech ass – bleift eng haart Noss. De Boris Johnson, dee sech an de leschten zwee Joer ëmmer gäre mat engem Fësch „en Pose“ gestallt huet, huet seng Fëscher mat dësem Deal enttäuscht oder zumindest belunn.

Gutt Lige gehéieren zu Politik wéi Nitrater zum Drénkwaasser, mee den Andrew Locker, President vum national Verband vun der Fëschereiorganisatiounen (NFFO) ass siichtlech eppes enttäuscht: „De Boris Johnson hat eis d‘Rechter um ganze Fësch versprach, mee mir hunn nëmmen ee Brochdeel dovunner kritt. (…) Ech si rosen, enttäuscht a fille mech bedrunn“. Hie wollt de Brexit…

Fazit

Mat dësem Handelsaccord wäert ee sech wuel mussen offannen, an et ass et gutt beroden sech op eng ganz Well vu Streidereien anzestellen. Tëscht Lëtzebuerg an der Insel ass et dann och, verglach mat Däitschland, Frankräich an esouguer der Belsch, manner eng Fro vu „Wuerenaustausch“ wéi vu Finanzgeschäfter. De Lëtzebuerger Regierung geet et folgerichteg och genee ëm dëse Punkt.

Lëtzebuerg fëscht wuel och an dréiwe Gewässer, verzicht dobäi awer op den Asaz vu Booter, mee setzt op d‘Effizienz vu sengem Banken- an Assurancësecteur, wéi och d‘Fongen-Industrie, a well weider ongestéiert mat London zesummeschaffen. Net ze vergiessen, datt an dësem Kontext eisen Ausseminister sollt mat sengem Optimismus Recht behalen hunn. Wousst hie wat am Text stoung?

Bleift d‘Fro am Raum stoen, firwat de Lëtzebuerger Ambassadeur bei der EU, esou een Accord dierf unhuelen, ouni datt zumindest déi grouss Linnen an der Chamber berode goufen. Ass och dat alles der Covid19-Pandemie geschëlt? Méiglech… ëmmer hinn huet d‘Regierung zesumme mat de Parteie vun der Koalitioun och de CETA-Accord ouni grousst Gedeessems duerchgeboxt…

Den Handelsaccord beweist awer am grousse Ganzen, datt Politik net emol am Usaz fir d‘Bierger gemaach gëtt, net op EU-Niveau an national ënnert dëse Virgabe jo wuel och net. Et gëtt een – och am Covid19-Kontext – d‘Gefill net lass, datt alles un der Wirtschaft an där hire Leader ausgeriicht gëtt. Et geet ëm Geld a Muecht, an net nëmme Krimineller si bereet dofir iwwer Läichen ze goen.

mat indymedia/bru

Foto: Dës „brittesch“ Muschelen, vu brittesche Fëscher gefaangen, ginn zu Scheveningen (Holland) versteet. Mindestens 80% vum deem wat brittesch Fëscher Fänken/Sammelen ass fir Häfe vun der Unioun bestëmmt. Elo sollen awer déi franséisch Fëscher iwwert déi nächst 5 Joer op 25% vun hire Fangquote verzichten. Déi europäesch Allianz vun de Fëscher ass wéi NFFO eppes „enttäuscht“. © Paul Einerhand / unsplash

Related topics Bréissel, Brexit, Demokratie, gréng Luucht, Handelsaccord, London, Ratifikatioun
Next post Previous post