Search

You may also like

Kultur: Besser kulturell informéiert mat „Events in Luxembourg“
Money Neiegkeeten

Kultur: Besser kulturell informéiert mat „Events in Luxembourg“

Ënnerstëtzt vum Kulturministère, hunn sech déi Lëtzebuerger Agence fir kulturell

„Schmaacht et?“… en Event bei deem iech d‘Häerz opgeet
Money Neiegkeeten

„Schmaacht et?“… en Event bei deem iech d‘Häerz opgeet

Um Tennisterrain zu Sennengerbierg ass et schonn déi 8. Editioun

Beaufort Knights: Een intensiivt Spill mat déiereschem Besuch!
Money Neiegkeeten

Beaufort Knights: Een intensiivt Spill mat déiereschem Besuch!

Mat de Mechelen Golden Sharks haten d’Beaufort Knights sech ee

money

Verréckte Welt: CLC verdeedegt Salariatsfuerderungen

Verréckte Welt: CLC verdeedegt Salariatsfuerderungen

Op et wierklech esou Eescht gemengt ass wéi et formuléiert gëtt, oder et nees nëmmen drëms geet den Androck ze vermëttelen, et hätt een eppes fir déi Hongerleider iwwreg, déi ee soss iwwert de Leescht zitt?

D‘CLC, datt ass d‘Handelskonfederatioun, also dee Veräin deen d‘Aarbechtsrecht, d‘Bezuele vun Iwwerstonnen an der Sonndeg/Feierdagsaarbecht am léifsten ofschafe wéilt, firwat dann och rezent d‘Verhandlunge mat den Gewerkschaften an de Gënz gaange sinn. Si hunn natierlech duerch d‘Lach am Briet virum eegene Kapp, d‘Spläiter am Guckelche vun de Gewerkschaftsvertrieder gesinn…

Elo reegt sech dëse Veräin dann emol zur Ofwiesslung iwwert de Sozialversécherungsminister Romain Schmidt (LSAP) an déi desastréis Gestioun vun der CCSS op. Wourëms geet et? Ma de Groupement vun den Entreprisen aus dem Transport, wéi och de Groupement vun den Exploitante vun de Busser ass Deel vum Club, an déi wëllen elo eng Konventioun fir hir Beruffschaufferen.

Klengt no Engagement, woubäi schonn de 26. Mäerz, de LCGB mam Minister, nach emol op déi schonn am Abrëll 2020 däitlech formuléiert Revendicatioun: „Bilateral Accorde mat den Nopeschlänner, esou wéi am Artikel 16 vum EU-Reglement 883/2004 zur Koordinatioun vu der Sozialversécherung virgesinn, ofzeschléissen“, ze sprieche komm war. Leider nees ouni Resultat.

Elo wëll dann och d‘CLC vum Minister, datt et zu dëse Konventioune mat den Nopere kënnt, fir datt hir Chaufferen net, wann déi méi wéi 25% vun hirer Aarbechtszäit am „Ausland“ schaffen, hir Affiliatioun bei der CCSS verléieren. Laut dem Minister géif dat ronn 2-3% vun den zu Lëtzebuerg beschäftegten/agestallte betreffen. Also eng iwwersiichtlech Minoritéit déi vernoléissegt ka ginn?

Logistik a Persounentransport a stiermesche Gewässer

An den hei ugeschwate Secteuren, ass wéi an den allermeeschte Secteuren, d‘Mass Salariale kënnt zu zweedrëttel aus dem Ausland. Bei ronn 7.300 Camion- an nach emol gutt 3.750 Buschaufferen (hei ass et just ee Véierels vun de Leit déi betraff sinn), firwat een unhuele kéint, datt eng Regelung wéi am Kontext vum Télétravail, wou dat jo och komme muss, sollt zäitno kënne gekläert ginn.

Vun do aus awer dem Minister seng Agenda bestëmmen ze wëllen, ass wuel eppes gewot. Et ass iwwregens och net de Sozialminister seng Schold, datt et de genannte Secteuren net gutt geet. Net hien huet d‘CO²-Steier erfonnt an hat sengerzäit och net um Verhandlungsdësch Plaz geholl, wéi op EU-Niveau d‘Decisioune geholl goufen. D‘Reegele gëlle jo wuel och schonn zanter 17 Joer, oder?

Interessant ass et awer, datt et hei wierklech ëm d‘Interesse vun de Salariéeë gëtt, an dat ass engem Ëmstand geschëlt, deen ebe grad mat de Frontalieren zesummenhänkt. Ëmmer méi „Decideuren“ si selwer Grenzgänger, a wëllen net als „Schëlleg“ virun den eegene Leit stoen. Zudeem geet et och nach drëms dem Sproch „Responsabel Entreprise“ Rechnung ze droen. Also awer eng gutt Aktioun?

Deels Deels… et gëtt hei schon ëm „gemeinsam Interessen“ also och ëm dem Management säin Akommes, dee jo evidenterweis vun eben de Chauffere generéiert gëtt. Firwat dat Ganzt net esou gutt ass, erkläert sech duerch de Fait, datt sech d‘Vertrieder vun dëse Secteuren ze schéi sinn, Hand an Hand mat LCGB an ACAL/OGBL, déi wuel berechtegt Fuerderung ze droen. Nujee, ass esou…

Illustratioun: © Arno Senoner / unsplash

Related topics ACAL/OGBL, Buschaufferen, Camionschaufferen, CLC, Handelskonfederatioun, LCGB, Logistik, Sozialminister, Sozialversécherung
Next post Previous post