Search

You may also like

Fusioun vu Mental! a Moien.lu- Zesummen ass ee méi staark!
International Money Neiegkeeten WTF

Fusioun vu Mental! a Moien.lu- Zesummen ass ee méi staark!

Ugedriwwe vun engem fortschrëttleche Geescht, dee sech der Entwécklung vum

Aggressiivt Feier zu Gran Canaria: Dausende Mënsche goufen evakuéiert!
International Money Neiegkeeten WTF

Aggressiivt Feier zu Gran Canaria: Dausende Mënsche goufen evakuéiert!

De Bëschbrand op der Insel Gran Canaria ass weiderhin net

Coronavirus: De Viktor Orban wëll Vollmuechten
International Money Neiegkeeten WTF

Coronavirus: De Viktor Orban wëll Vollmuechten

Offiziell gëtt et zur Stonn an Ungarn eng 300 Infektiounsfäll

moneysurprise

Handelskrich tëscht China an USA: de séchere Wee an d‘Verdierwen

Handelskrich tëscht China an USA: de séchere Wee an d‘Verdierwen

E Freideg huet China d‘Welthandelsorganisatioun (WTO) saiséiert, fir d‘Akraafttriede vun den amerikaneschen Douanestaxen ze kontestéieren. D‘USA hunn entscheet chinesesch Importer am Wäert vu 34 Milliarden US-Dollar, mat 25% Steieren ze beleeën.

Fir Peking schéngt et zudeem erwisen, datt d‘Trump-Administratioun mat dëser Mesure, de „gréissten Handelskrich vun der Wirtschaftsgeschicht“ ausgeléist huet. A China hat versprach net als éischt „ze schéissen“, mee och gewarnt, datt fir déi fundamental Interesse vum Land a sengen Awunner, een duerchaus gezwonge wier, Géigemoossnamen ze ergräifen.

An dësem Kontext huet Peking dann och op ee gläiche Wuerewäert, Douanestaxen an héicht vu 25% op eng 540 US-Produkter ugekënnegt. De chinesesche Wirtschaftsministère huet sengersäits de Recours bei der WTO annoncéiert. Dat ass keng nei Plainte, mee en Zousaz zu där déi China schonn am Mäerz agereecht huet, wou et ëm de Stol an den Aluminium gaange war.

Déi e Freideg a Kraaft getrueden Erhiewung vun den Douanestaxen, betrëfft 818 chinesesch Produkter. Et soll dann och nach en zweet Lous un Douanestaxen op 16 Milliarden US-Dollar China-Importer agefouert ginn. Dat huet esou den Donald Trump um Donneschdeg ugekënnegt. Dës weider Mesure soll bannent zwou Wochen ëmgesat ginn.

Alles, näischt, oder?

Alles an allem entfalen déi amerikanesch Douanestaxen op chinesesch Importer am Wäert vu 50 Milliarden US-Dollar. Domatter gedenkt d‘Trump-Administratioun den Déifstall vun intellektueller Proprietéit an amerikaneschen Technologien ze kompenséieren. An d‘USA wäerten et net dobäi beloossen. Den US-President dréit domatter de Wuerewäert op 450 Milliarden ze erhéijen.

Elo ëmfaasst de China-Import an den USA e Wuerewäert vun iwwer 500 Milliarden (505,6 fir d‘Joer 2017). D‘Douanestaxe betreffen domatter bal d‘Integralitéit vun de Wueren. Paradox vum ganzen: et sinn déiselwecht Streidereien déi den amerikaneschen Handelsdefizit am Mee op 43,1 Milliarden erofgedréckt hunn, säin niddregsten Niveau zanter Oktober 2016.

Den Export vu Soja a Richtung China war kuerzfristeg „explodéiert“ (+89,6%), bis dëst Produkt och mat Douanestaxe beluecht ginn ass. Zanter Méint gëtt gefaart, datt dësen Handelskrich derzou kéint féieren, datt de Wuerenaustausch op der ganzer Welt kéint zesummebriechen. De chinesesche Premier Li Keqiang, op Besuch a Bulgarien, betount, datt en Handelskrich kengem e Notze bréngt.

An de Stroosse vu Peking sinn d‘Konsumente besuergt iwwer méiglech Präiserhéijungen, als Konsequenz op d‘Taxen déi fir US-Produkter erhuewe ginn. Et ass een als Chines awer solidaresch mat den Autoritéiten: „ech wäert mäi bescht maache fir chinesesch anzekafen“, erzielt eis de Client vun engem klenge Supermarché. An hien ass net deen eenzegen deen dat esou gesäit.

De „klenge Mann“ bezilt d‘Rechnung

Op amerikanescher Säit huet d‘Federatioun vum Eenzelhandel bemierkt, datt verschidde Produkter déi an den USA verkaf ginn, entspriechend méi deier wäerte ginn. „D‘Studente wäerten eppes méi Geld mussen an de Grapp huelen, wann si sech de Mini-Frigo fir d‘Universitéit am Hiecht leeschte wëllen“, heescht et säitens der NFIB.

Et ass jo dann och net nëmme China vum Donald Trump senge „Moossnamen“ betraff. Washington huet seng protektionistesch Mesuren op all seng Handelspartner ausgedehnt. E Fait dee besuergt an och fir zimlech Onmutt suergt. Esou falen zanter dem 1. Juni Douanestaxen op den Import vu Stol an Aluminium un, dat aus Mexiko, Kanada, Europa oder Russland ugeliwwert gëtt.

Länner déi sech och bei der WTO beschwéiert hunn, woubäi Russland e Freideg matgedeelt huet, och Douanestaxen op eng Partie US-Produkter erhiewen ze mussen. An d‘Experte sinn sech dann och eens: esou eng „Politik“ schued net nëmmen der US-Wirtschaft, mee bréngt de gesamte Welthandel a Gefor. D‘Aféiere vun esou Steieren, dréckt op de Wuesstem an d‘Vertrauen.

Et hunn dann och schonn US-Entreprise matgedeelt, datt et zu Entloossunge komme kéint, an esouguer Firme kéinten zoumaachen. Dat stéiert den US-President net, deen nach um Dënschdeg gemengt huet, et géif der US-Wirtschaft esou gutt goe wéi laang net méi. Peking schätzt datt den Handelskrich de Wuesstem vum chinesesche BIP ëm 0,2% bremse wäert.

mam Delphine Touitou an dem Ludovic Ehret/AFP

Related topics China, Douanestaxen, Handelskrich, USA
Next post Previous post