Search

You may also like

De „WG Projet“ bléckt op ee gelongent Joer zréck
International Neiegkeeten

De „WG Projet“ bléckt op ee gelongent Joer zréck

Nodeems virun engem Joer de Frenz, Gary, Luc, Nathalie, Marinella

De Mariano Rajoy géint d‘Demokratie a Katalounien
International Neiegkeeten

De Mariano Rajoy géint d‘Demokratie a Katalounien

Mat de Perquisitioune vun de Büroe vu sëlleche Volleksvertrieder a

D’Schoulen an de Coronavirus: D’Situatioun vum 18. Januar bis de 24. Januar
International Neiegkeeten

D’Schoulen an de Coronavirus: D’Situatioun vum 18. Januar bis de 24. Januar

Och an de Schoule kann een sech mam Coronavirus infizéieren.

Handelskrich mat den USA: d‘EU setzt sech zur Wier

Handelskrich mat den USA: d‘EU setzt sech zur Wier

Haut Freideg, leeft d‘Konteroffensiv vun der EU géint d‘USA un. Et geet ëm d‘Moossnamen déi ergraff musse ginn, fir sech deem vum Donald Trump ausgeléisten Handelskrich wierksam kënnen entgéintzestellen. Elo ginn dann och eng Dosen amerikanesch Produite mat Douanestaxe beluecht.

Taxen, beispillsweis op Bourbon, Jeans a Motorrieder, ginn zanter Mëtternuecht erhuewen. Et ass dat déi europäesch Äntwert op déi vun der US-Administratioun operluechten Douanestaxen op de Stol an den Aluminium. D‘EU-Kommissärin fir den Handel, Cecilia Malmström, huet betount: „déi unilateral an onjustifiéiert Entscheedung vun den USA, huet eis kee Choix gelooss“.

„D‘Reegele vum internationalen Handel kënnen net gebrach ginn, ouni datt mir dorops reagéieren“, esou d‘Cecilia Malmström, déi preziséiert: „wann d‘USA sech vun hiren Douanestaxen trennen, da ginn eis Mesuren och beendegt“. An et ass jo och net wei wann d‘EU eleng betraff wier.

Iert sech d‘Trump-Administratioun un der EU „vergraff“ huet, waren d‘Mexikaner genéidegt ginn, schonn Ufank Juni „Géigemoossnamen“ ze ergräifen, während Kanada entscheet huet Gläiches am Juli ze ënnerhuelen. An dësem Kontext, dee scho staark duerch de Konflikt USA-China gezeechent ass, muss ee sech wuel den Tatsaache stellen, an agesinn, datt den Handelskrich ausgebrach ass.

Schlag op Schlag

Datt deem esou ass, léisst dann och nach dorunner festmaachen, datt de Locataire aus dem Wäissen Haus och nach envisagéiert Douanestaxen op Autoen ze erhiewen. Dat wier eng batter Noss fir déi däitsch a japanesch Automobilindustrie, an hätt direkt Afloss och den Aarbechtsmaart.

Et erkläert, datt déi europäesch Bourssen an de „roude Beräich“ gedriwwe goufen. Den Ekonomist vun der schwedescher Bank SEB, Robert Bergqvist seet: „Mir hunn en Handelskrich! An et ass en Handelskrich dee sech intensivéiert“. Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker hält un enger „kloer awer bemoossen“ Äntwert op eng Entscheedung, déi aller Logik widdersprécht, fest.

An déi vun der EU operluechten Douanestaxe bezéien sech dann och op eng laang Lëscht vu Gidder déi an den USA hiergestallt ginn. Dorënner landwirtschaftlech Produiten (Räis, Mais, Tubak) awer och Gefierer (Motorrieder, Schëffer) an Textilien.

„Wa mir eis esou Produite wéi Harley-Davidson, Afennossbotter oder de Bourbon erausgesicht hunn, dann aus dem einfache Grond, datt et dofir um europäesche Maart alternative gëtt. Mir wëllen näischt ënnerhuelen, dat dem Konsument kéint schueden“, esou de Jyrki Katainen, Vizepresident vun der EU-Kommissioun. „Zudeem hunn dës Produiten en héije symbolesche Wäert“.

Gespréichsbedarf ?

Laang Zäit haten d‘Europäer d‘Hoffnung oprecht erhalen, datt een awer nach laanscht déi als Strof betruechten Douanestaxe kéint kommen. No 2 temporären Ausnameregelungen, an dem Versuch „Handelsgespréicher“ mat Washington ze féieren, muss een agesinn, datt keng Léisung fonnt gouf.

Säit dem 1. Juni ginn dës Douanestaxe vun den USA erhuewen. D‘EU huet als éischt Moossnam, eng Plainte bei der Welthandelsorganisatioun (WTO) agereecht. An enger zweeter Phas, huet d‘EU sech virgeholl e „Sécherungsmechanissem“ anzeriichten, fir den europäesche Maart virum bëllege Stol an Aluminium ze schützen, deen net méi um amerikanesche Maart kann ofgesat ginn.

Mat de Géigemoossnamen déi ab haut op US-Produiten ugewannt ginn, géif dem wirtschaftleche Schued entgéintgewierkt, deen déi amerikanesch Entscheedung mat sech bréngt. Eleng beim Stol an Aluminium, wou 2017 nach 6,4 Milliarden Euro ëmgesat goufen, ass den Asaz grouss.

An d‘EU huet sech virgeholl an engem éischte Mouvement, d‘Douanestaxen op US-Produiten am Wäert vun 2,8 Milliarden Euro ze erhiewen. Den Ausgläich fir déi 3,6 Milliarden déi iwwreg bleiwen, kann entweder an dräi Joer erfollegen, oder no enger eventueller Victoire vun den Europäer, wann hir Plainte bei der Welthandelsorganisatioun verhandelt ginn.

Kenger Schold bewosst

Wouhinner esou en Handelskrich féiere kann, doriwwer gëtt säit Méint vill spekuléiert. Gewosst ass awer, datt den Donald Trump déi transatlantesch Bezéiung op d‘Prouf stellt. Alles hannerléisst den Androck, datt den US-President, entscheet huet, sech géint jiddereen an alles an der Welt ze stellen.

Hien huet seng „Partner“ an „Alliéiert“ scho fierchterlech getouft, wéi hien sech aus dem Paräisser Klimaofkommes zréckgezunn huet. Och net „Gescheit“ d‘Entscheedung widder besserem Wëssen, d‘US-Ambassade vun Tel-Aviv op Jerusalem ze verleeën, wat de Konflikt tëscht Israel a Palestina nach weider opgehëtzt huet. An d‘Kënnegung vum Atomofkommes mam Iran, mécht et net besser.

Seng lescht grouss diplomatesch Leeschtung huet den Donald Trump beim G7-Sommet zu Malbaie (Kanada) vollbruecht. Hei hat de Milliardär, dee wéineg Zäit hat well hien nach e Rendez-vous mat engem Diktator hat, am leschte Moment der gemeinsamer Erklärung seng Zouso entzunn.

mam Clement Zampa/AFP

Foto: D‘EU-Kommissärin Cecilia Malmström huet bis zum leschten Ament gehofft, datt een zu Washington wäitsiichteg genuch wier, engem Handelskrich wëllen auszewäichen. Si weess et elo besser a muss sech, well hei eng ganz Rei international Reegele gebrach goufen, elo op laang Prozedure bei der Welthandelsorganisatioun astellen. © Emmanuel Dunand/AFP

Related topics Aluminium, EU, Handelskrich, Stol, USA, WTO
Next post Previous post