Search

You may also like

Oppene Bréif vum Astrid Lulling: 35 Joer SCHENGEN
Neiegkeeten

Oppene Bréif vum Astrid Lulling: 35 Joer SCHENGEN

Als laangjäreg Europadeputéiert (34 Joer) hunn ech mech immens gefreet,

Protest géint d‘Verschlechterung vun den Aarbechtskonditioune beim TICE
Neiegkeeten

Protest géint d‘Verschlechterung vun den Aarbechtskonditioune beim TICE

Bis ewell hunn sech déi politesch Verantwortlech beim TICE op

Laut BioG leit d’Biomëllech aus Lëtzebuerg ënnert dem Protektionismus vun de Nopeschlänner
Neiegkeeten

Laut BioG leit d’Biomëllech aus Lëtzebuerg ënnert dem Protektionismus vun de Nopeschlänner

D‘Ofschafe vun den EU-Mëllechquote setzt déi lëtzebuergesch Bio-Mëllech ënner Drock.

Eis Handelskummer stellt sech der Zukunft

Eis Handelskummer stellt sech der Zukunft

Et ass zur Traditioun ginn, datt sech d‘Handelskummer fir seng Generalversammlung all Joers e neie Lycée aussicht. Dëst Joer war et de Lënster Lycée, an hei huet de Comité dann och de Bilan vun der Formatiounspolitik virgestallt, wéi och dat wat fir d‘Sessioun 2018/19 Neies virgesinn ass.

De President, Michel Wurth, huet an dësem Kontext drop higewisen, datt d‘Handelskummer sech besonnesch beméit, fir d‘Schoul an den Handel méi no unenaner ze bréngen. De permanenten Dialog tëscht de Schoulen an den Entreprise gëtt vun der Handelskummer säit Jore gefërdert an dréit och entspriechend Friichten.

Mee et ass een an der Handelskummer och mat eegene Formatioune gutt beschäftegt. Dräi Domäne ginn hei besonnesch berécksiichtegt: eng Grondausbildung, d‘Weiderbildung an d‘Formatioun op der Universitéit. Sënn an Zweck heivunner ass et, de Besoine vun den Entreprisen ze entspriechen.

De Vizepresident, Fernand Ernster, erënnert drun, datt een an deene Beräicher wou een aktiv ass, eng qualitativ héichwäerteg Formatioun ubitt, déi entspriechend diversifiéiert ass. D‘Formatioune sinn esou ausgeluecht, datt si den Uspréch vun der Wirtschaft entspriechen. D‘Handelskummer ass och de Garant fir eng gutt Léier.

Eng gutt Ausbildung séchert d‘Zukunft

Fir d‘Schoulrentrée 2017/18 hat d‘Handelskummer iwwer 1.000 Léierverträg ausgestallt. Säit der Aféierung vum Projet „TalentCheck“ konnte méi wéi 3.000 jonk Leit begeeschtert ginn. A wat d‘Formatioun vun den Tuteuren an der Entreprise betrëfft, déi zanter 2010 ugebuede gëtt, esou hu bis ewell eppes iwwer 4.000 Leit dorunner Deel geholl.

Am „House of Training“, wou all Dag bis zu 200 Leit sech weiderbilden, gëllt och de Prinzip vun enger grousser Offer, déi natierlech op d‘Besoine vun den Entreprisen zougeschnidden ass. Dës Institutioun gëtt dann och als een vun den Haaptacteure vun der Weiderbildung bezeechent.

Hei ass dann nach festzehalen, datt déi berufflech Weiderbildung mat Diplom, vum “Institut Superieur de l‘Economie“ (ISEC), dee vum Educatiounsministère akkreditéiert ass, validéiert gëtt. Den ISEC bitt berufflech Formatiounen un, déi mat engem Diplom vum Niveau „Bachelor“ oder „Master“ zertifiéiert ginn. Et handelt sech bei dëse Formatiounen exklusiv ëm Owescoursen.

Eng Offer déi sech an de Projet „Lifelong learning“ aschreift, an Entwécklungschancen oder Perspektive fir déi berufflech Carrière fir Leit proposéiert, déi matten am Beruffsliewe sinn. Den ISEC ass iwwregens vun de Handels- an Handwierkerkummer 2015 gegrënnt ginn.

Wat et fir d‘Saison 2018/19 Neies gëtt

De Luc Henzig, Direkter fir d‘Formatioun an Handelskummer an CEO vum „House of Training“, huet dunn nach d‘Neiegkeete fir d‘Saison 2018/19 virgestallt. An hei ass eng vun de wichtegsten, den „e-learning“ Programm deen an Zesummenaarbecht mat „FUN-MOOC“ entwéckelt ginn ass. Dat ass eng Plattform, déi d‘Course vun iwwer 50 Héichschoulen, online ubitt.

Mat dësem Projet wëll d‘Handelskummer seng Offer verstäerkt digitaliséieren, an esou eng Äntwert op déi verännert Besoinen an enger Aarbechtswelt ginn. Eng Aarbechtswelt déi ëmmer méi vun den neien Technologie beaflosst a gesteiert gëtt.

Eng weider Neiegkeet: d‘Strukturatioun vun der Offer gëtt zukünfteg op der Basis vun enger Approche iwwert d‘Kompetenze gemaach. D‘Iddi ass et, an enger éischter Phas ze klären, wéi eng Kenntnisser néideg sinn fir „ee“ Beruff auszeüben, dann an enger zweeter Phas, eng zougeschnidde Formatioun fir de gewënschte Parcours auszeschaffen.

Bleift nach festzehalen, datt d‘ISEC an den „House of Training“, nach derbäi sinn nei akademesch Partenariater mat renomméierten Etablissementer ze schléissen. Zil heivunner ass et, kuerzfristeg nei Formatiounen, déi dem Lëtzebuerger Marché ugepasst sinn, ubidden ze kënnen.

Foto: (v.l.n.r) Luc Henzig (Direkter fir Formatioun a CEO vum House of Training), Fernand Ernster (Vizepresident vun der Handelskummer), Michel Wurth (President vun der Handelskummer), Carlo Thelen (Generaldirekter vun der Handelskummer). © Chambre de Commerce du Luxembourg

Related topics Carlo Thelen, Fernand Ernster, Handelskummer, Lënster Lycée, Lux Henzig, Michel Wurth
Next post Previous post