Search

You may also like

Europaparteidag vun „die Linke“ fuerdert d‘Reform vun der EU
Money Neiegkeeten Stories

Europaparteidag vun „die Linke“ fuerdert d‘Reform vun der EU

Zu Bonn geet et beim Europaparteidag vun „die Linke“ ëm

dislike
Syrien: Den Erdogan huet versprach d‘Offensiv weiderzeféieren
Money Neiegkeeten Stories

Syrien: Den Erdogan huet versprach d‘Offensiv weiderzeféieren

Den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan huet en Donneschdeg versprach,

Konschtverständnes vu polnescher Regierung hält bei der „Banann“ op
Money Neiegkeeten Stories

Konschtverständnes vu polnescher Regierung hält bei der „Banann“ op

Eng Damm ësst eng Banann, dat och nach siichtlech mat

money

De Versuch vun der Handelskummer d‘Panik ze kanaliséieren

Wärend Politik a Wëssenschaft mat enger kloer a Fro ze stelle Kommunikatioun fir schlecht Stëmmung beim Vollek suergt, setzen och elo d‘Wirtschaftsacteuren op de Prinzip „Panik“

De Versuch vun der Handelskummer d‘Panik ze kanaliséieren

Bei der Presentatioun vum „konjunkturelle“ Bilan vun der Handelskummer, war de Covid19-Vaccin ee wichtege Sujet. Ouni d‘Methodik vun der Entwécklung ze hannerfroen, oder sech de Bedenke vu kritesche Stëmmen unzehuelen, gëtt sech op de positiven Impakt fir d‘Reprise vun den Aktivitéite konzentréiert. Doriwwer kéint ee streiden, mee dat ass der Handelskummer hir Missioun.

Dat gewosst sollt een ee bessert Versteesdemech dofir entwéckelen, datt sech eng Handelskummer, wann et ëm Diskussiounen am Gesondheetsberäich geet, net neutral verhale kann. A wann de CEO Carlo Thelen vun engem „sinistréierte Joer 2020“ schwätzt, trëfft hien den Nol zimmlech mëtteg op de Kapp. An et ass jo net nëmmen dëst Joer dat sengem Enn entgéintgeet, mee och 2021 dat sech fir den Ament éischter duerch Perspektivlosegekeet um Horizont bemierkbar mécht. Dat sinn d‘Fakten.

De Jackpot gewënnt wien eng Léisung fir béid grouss gesellschaftlech Erausfuerderunge fënnt, an dat wäert net ouni Kompromësser, Arrangementer a schlussendlech engem sougenannte Sozialpakt ze maache sinn. Dovunner, och dat ergëtt sech duerch de Positionnement vun der Handelskummer, ass een zu Lëtzebuerg (wéi eigentlech an der ganzer Europäescher Unioun) awer Liichtjoren ewech.

Et dierf sech zudeem an dësem Kontext net op den eegene Nuebel konzentréiert ginn. Esou wéi et d‘Christel Chatelain (Head of Economic Affairs) vun der Handelskummer erkläert, ass den Ament den Impakt vun der sanitärer Kris op de wirtschaftleche Wuesstem zwar spierbar, mee och nach net wierklech an de Käpp vun de Leit ukomm. Ausser a China, wou d‘Reprise vun der Ekonomie sech ab dem drëtten Trimester nees ugedeit huet, leeft et op der ganzer Welt schlecht… ganz schlecht.

Rezessioun ass näischt woumat een de Geck maache sollt

Op der ganzer Welt mécht sech d‘Rezessioun breet: d‘Britten – déi jo sech jo zum Gléck aus der europäescher Geiselnam befreit hunn – verzeechne just wéinst dem Covid19 eng Baisse vum BIP an Héicht vun 10,3%, d‘Fransouse leien aktuell bei -9,4%, eis Belsch Noperen notéieren eng Baisse vun 8,4%. D‘Germanen (-5,6%) a mir (-4%) kommen, bezunn op 2020, nach eenegermoosse gutt ewech. Dat kléngt fir „eis“ net esou dramatesch, mee alles hänkt an der Globaliséierung Zesummen.

Wann et also eisen europäesche Partner schlecht geet, de groussen a wichtegen Handelspartner USA (-4,6%) och mat lappen ufänkt, sollt een sech gemittlech zeréckleeën an ofwaarden. Dofir war et gutt, datt d‘Christel Chatelain nach emol drun erënnert huet, wien zu Lëtzebuerg wirtschaftlech den Toun ugëtt: D‘Finanz an d‘Déngschtleeschtungen (25% vum BIP). Mee och do huet et Problemer.

Finanzhaiser, Assurancen a soss dubiéis wirtschaftlech Déngschtleeschtunge sinn tributär vun der Wirtschaftsleeschtung an der Industrie, dem Handel an esouguer der Kultur. Ginn Entreprisen déi spréchwiertlech „Baach an“, platze Kreditter an Zack kritt d‘Finanzplaz seng Existenzberechtegung entzunn. Woubäi an dësem Secteur net gewaart gouf, fir dëst Joer massiv Sozialpläng op de Wee ze bréngen. De Covid19 dierft och 2021 eng vill genotzten Excuse fir grouss Restrukturatioune sinn.

Alles sollt een dem Finanzsecteur dann elo och net ukräiden. Lëtzebuerg ass dat, wat allgemeng eng „oppen Ekonomie“ genannt gëtt, wat se maximal vun den Entwécklungen am Ausland ofhängeg mécht. Interessant an dësem Kontext – a wier et net batter eescht gemengt kéint en driwwer laachen – d‘Christel Chatelain statuéiert: „et besteet ee Risk“. Deen awer besteet net nëmmen, deen ass do!

Wann den Hond net geschass hätt, hätt hien den Hues erwëscht

A wann sech d‘Handelskummer dann op de STATEC berifft, besonnesch wa sech d‘Mataarbechter vum staatleche statisteschen Déngscht am Kaarten- an/oder dem Kaffissazliesen üben, gëtt de Risk op eemol offensichtlech. Esou huet de STATEC verlautbaart: „wann een d‘Pandemie an de Grëff kritt, sollt sech de Wuesstem 2021 nees astellen, dat awer ouni säin Niveau vu virun de Kris zeréck ze erlaangen“. D‘Betounung vun Handelskummer a STATEC leien hei gläichermoossen op „wann“.

Verständlech also, datt kee vun den Experten an der Handelskummer mat Zouversiicht opgetrueden ass. Et gëtt keng Perspektiven un deenen ee sech kéint festhalen, d‘Secteure sinn ënnerschiddlech impaktéiert an zuweilen eppes „kannibalistesch“ agestallt, an Effikass wéi novollzéibar Léisungen huet d‘Handelskummer, ganz dem politesche Beispill folgend, dann awer och net unzebidden.

Woubäi een dem CEO vun der Handelskummer, Carlo Thelen, scho muss de Réck stäipen, wann dëse feststellt, datt zum Ufank vun der Kris, d‘Hëllefe fir vill Secteuren déiselwecht waren. Eng schlecht Mesure, bezunn op de Fait, datt déi Entreprisen/Betriber, wou op jo awer Uerder vun der Verwaltung hir Aktivitéit hu misse roue loossen, mat ganz anere Problemer ze kämpfen haten an esou och vun Ufank hätte misse wesentlech besser begleet ginn. Dat gouf leider net korrigéiert.

Wéi schlëmm et ëm den Horesca-, Tourismus, a Kultursecteur bestallt ass, dozou ass scho bal alles gesot ginn. Wou et nach un Informatioune feelt, betrëfft déi „Selbststänneg“ vun deenen de Carlo Thelen behaapt, datt si engem duebel esou grousse Risk vun Aarmut ausgesat sinn, wéi Salariéeën. A jo, fir déi gëtt et kee Sozialplang a keng Gewerkschaft déi hir Rechter ze verdeedege weess…

Illustratioun: Wien elo der Meenung ass, datt Wirtschaft, an hei virun allem den ongebremste, well maximal profitabele, Wuesstem fir de Bestand vun eiser Gesellschaft grondleeënd ass; wien seng Opmierksamkeet méi de Kontenauszich wéi dem Befanne vu sengem sozialen Ëmfeld zouwennt, dee sollt an der éischter Rei stoen, wann d‘Impfungen ufänken. Fir all déi aner heescht et Verstand mat Vernonft ze verknäppen… © Rommel Davila / unsplash

Related topics Carlo Thelen, Christel Chatelain, Covid19, Finanzplaz, Handelskummer, Independante, konjunkturelle Bilan, Wirtschaftskris
Next post Previous post