Search

You may also like

Eng Woch Dauer-Opstand an de franséische Banlieuen
International Neiegkeeten

Eng Woch Dauer-Opstand an de franséische Banlieuen

Zanter dem 18. Abrëll herrscht an de Virstied vun der

Dëst Spill weist, datt de Mario sech bal an all Genre doheem fillt
International Neiegkeeten

Dëst Spill weist, datt de Mario sech bal an all Genre doheem fillt

Ëmmer wann s e mengt, datt Nintendo eng schlicht fuerchtbar

USA: Neien Infektiounshéchststand
International Neiegkeeten

USA: Neien Infektiounshéchststand

Den US-President hat am Fréijoer gemengt, datt wann d‘Wieder nees

Handelssträit am Grenzberäich

Den Eenzelhandel zu Tréier ass éischter net begeeschtert, dat Lëtzebuerg säi Wee geet

Handelssträit am Grenzberäich

Ee Konsens op europäeschem Niveau kann et net ginn, well weder Politik nach Wirtschaft esou eng Optioun wëllen an/oder wënschen. Datt et dann och net am klenge ka goen, also um Niveau vun der Groussregioun, muss net verwonneren. Dës Kéier sinn et awer net déi Lëtzebuerger déi sech iwwer de Beholl vum „Noper“ beschwéieren, nee et sinn déi Tréierer Geschäftsleit.

De Grond esou simpel wéi aliichtend: zanter de Moien huet de Lëtzebuerger Eenzelhandel an och d‘Déngschtleeschter nees d‘Recht hiren Aktivitéiten nozekommen. Just den Horesca-Secteur bleift bis op weideres vun den Erliichterungen ausgeschloss. Esou well et dat um Freideg an der Chamber mat de Stëmme vun der Majoritéit adoptéierte Covid19-Gesetz. Bei de Preise bleiwen d‘Dieren zou.

Fir de Patrick Sterzenbach, President vun der „City Initiativ Tréier“ ass dat eng riseg Sauerei, firwat hien d‘Leit vun Tréier an aus der Ëmgéigend opfuerdert: „Maacht kee Shopping-Tourismus zu Lëtzebuerg!“ an dat mat liicht verständlechen Argumenter esou erkläre kann, datt et – zumindest fir hien an d‘Kollege vum Geschäftsverband – ee Sënn ergëtt an ee gäre bereet ass matzemaachen.

Den Ament ass et jo och net einfach an iwwerall sinn d‘Infektiounszuelen immens héich, ausser bei eis zu Lëtzebuerg, wou ee grad eppes dovunner profitéiert, datt d‘Situatioun iwwert d‘Feierdeeg jo éischter stabil bliwwen ass an sech d‘Lag an de Spideeler däitlech verbessert huet. Et sollt een och net iwwersinn, datt vum 20. Januar bis 17. Februar zu Lëtzebuerg d‘Wantersolde stattfannen.

Iwwregens fänken an Däitschland d‘Wantersolden och den 20. Januar un… Déi sollten also elo net den eigentleche Grond fir den Dissens sinn. Woubäi een hei berécksiichtege muss, datt an dëser sanitärer Kris den Textilhandel Schonn eppes gelidden, dat awer béidersäits der Grenz. Villes an un den Onlinehandel verluer gaangen, a sollten d‘Leit feststelle wei bequem dat ass, kennt kee méi…

Virun Insolvenzen ze warnen, esou wéi et de Patrick Sterzenbach mécht, ass bestëmmt net aus der Loft gegraff, datt dorunner dat vun der Chamber gestëmmte Gesetz soll Schold hunn, dann awer nees mat den Hoer erbäigezunn. Dat verhënnert net, wann engem eppes u gudde Bezéiunge geleeën ass, dat ee sech op politeschen Niveau concertéiert. Hei gouf dat onglécklecherweis vergiess.

D‘Leit elo opzeruffen de Lëtzebuerger Handel esoulaang ze boykottéiere bis zu Tréier d‘Geschäfter nees dierfen opmaachen, dat ass jiddefalls net hëllefräich. Net fir d‘Geschäftsleit a schonn emol guer net fir d‘Zesummeliewen an der Groussregioun. A grad Tréier muss sech iwwert den Zoulaf aus Lëtzebuerg wierklech net beschwéieren, wann een emol vun dëser exzeptioneller Lag ofgesäit.

Illustratioun: Wann ee bedenkt wéi praktesch et ass, mat enger direkter Zuchverbindung bis bei eis an d‘Stad ze kommen (woubäi dat och an déi aner Richtung ganz gutt klappt) kann ee verstoen, datt se bei der City Initiativ Tréier eppes veriergert sinn, datt eise Geschäfter schonn nees ophunn. © Erich Westendarp

Related topics Boykott, City Initiative Trier, Eenzelhandel, Insolvenzen, Pandemie, Patrick Sterzenbach, Tréier
Next post Previous post