Search

You may also like

Hand an Hand fir Afrika: Net vill schwätzen, einfach maachen
Neiegkeeten

Hand an Hand fir Afrika: Net vill schwätzen, einfach maachen

Se ass kleng d‘Asbl Hand an Hand fir Afrika, mee

Covid19: D‘Zuel vun den Neiinfektiounen hëlt nees zou
Neiegkeeten

Covid19: D‘Zuel vun den Neiinfektiounen hëlt nees zou

Iwwer déi lescht Wochen hat sech d‘Lag am Kontext vun

Fest vun der Natur op der Kockelscheier
Neiegkeeten

Fest vun der Natur op der Kockelscheier

E Samschdeg an e Sonndeg war op der Kockelscheier beim

Lëtzebuerg engagéiert sech géint d‘Bombardéierung vun Zivilisten

Den 2. an 3. Oktober hate Vertrieder vun der ONG „Handicap International“ eng länger Entrevue mam Ausseminister Jean Asselborn an dem Minister fir Kooperatioun an humanitär Aktioun, Franz Fayot. Et ass an éischter Linn drëms gaangen sech eng Iwwersiicht zur Lag am Libanon ze ginn.

Bei der Vertrieder vun Handicap International (HI), huet et sech ëm de Generaldirekter Mehdi Magha an de President Pierre Delandmeter vun Handicap International Lëtzebuerg, wéi och d‘Physiotherapeutin Rana Abdel Al, déi fir Handicap International am Libanon aktiv ass, gehandelt.

De Rana Abdel Al war ageluede ginn, bei dëse Gespréicher vu sengen Erfarungen um Terrain ze beriichten. Hien ass de Verantwortleche fir d‘Supervisioun vun engem Programm zur Reeducatioun an der Inclusioun vun de vulnerabele Populatiounen am Libanon. Et ass dobäi och ëm d‘Situatioun vun de syresche Flüchtlingen am Libanon gaangen.

An dësem Kontext hunn d‘Gespréichspartner sech och mat de Fro betreffend d‘EWIPA (explosive weapons in populated areas) beschäftegt. Den Ausseminister huet hei déi wichteg Aarbecht an de Kampf vun HI géint dës EWIPA ënnerstrach a begréisst. Ee Kampf iwwregens dee Lëtzebuerg och finanziell ënnerstëtzt.

De Jean Asselborn huet nach emol drun erënnert, datt Lëtzebuerg d‘Elaboratioun an d‘Adoptioun vun enger – op internationalem Niveau – politescher Deklaratioun ënnerstëtzt. Den Ausseminister: „D‘Adoptioun vun dëser Deklaratioun wier ee wichtegt positiivt Signal a kéint derzou bäidroen, datt dat internationaalt humanitäert Recht besser respektéiert gëtt“.

Ee Samschdeg dunn, huet sech de Frang Fayot mam HI-Generaldirekter an der Physiotherapeutin ënnerhalen. Et dierf drop higewise ginn, datt Handicap International Lëtzebuerg, zanter 1999 ëmmer um éischter Weekend am Oktober, eng Schong-Pyramid an der Uewerstad opriicht.

Dës Schong sinn de Symbol vum Kampf géint d‘Antipersonell-Minnen, den Asaz vu Cluster-Bommen an d‘Mobiliséierung vun der Zivilgesellschaft géint d‘Bombardéierung vun der Zivilbevëlkerung. De Minister fir Kooperatioun an humanitär Aktioun huet Handicap International fir dëse wichtegen Asaz felicitéiert an der ONG d‘Ënnerstëtzung vu sengem Ministère verséchert.

Handicap International gëtt zanter 1998 vun der Lëtzebuerger Kooperatioun ënnerstëtzt. Dat virun allem am Bezuch op Entwécklungsprojeten, Campagnen an humanitär Aktiounen. Am Beräich vum Humanitären, ginn aktuell zéng Projete kofinanzéiert. Dorënner och ee Projet a Syrien, deen derzou bäidroe soll, datt d‘Menace duerch déi erwähnt EWIPA ka reduzéiert ginn.

Fotoen: © Ausseministère (MFA) – via Twitter

Related topics EWIPA, Franz Fayot, Handicap International, Jean Asselborn, Kooperatioun
Next post Previous post