Search

You may also like

Muer setzt d’Regierung, de Punkt op den i
Neiegkeeten

Muer setzt d’Regierung, de Punkt op den i

Ee Méindeg, setzt d’Regierung, de Punkt op den i. Ma ech

Fabrik Electronique – dëse Freideg an der Kulturfabrik!
Neiegkeeten

Fabrik Electronique – dëse Freideg an der Kulturfabrik!

ENG – Noc-Turn, TIPTIL a CCSA si stolz Iech Fabrik

NATO: E Rapport proposéiert en Artikel „5b“ géint den „Hybridkrich“
Neiegkeeten

NATO: E Rapport proposéiert en Artikel „5b“ géint den „Hybridkrich“

D’Parlamentarier vun der NATO, déi nach bis haut zu Warschau

Handicap International: Eng Ënnerschrëft, ee Mann dee Steet

Handicap International: Eng Ënnerschrëft, ee Mann dee Steet

Dëse Samschdeg kënnt et op der Plëss an der Stad, zur 19. Schong-Pyramid. Eng Aktioun vun der Lëtzebuerger Antenn vun Handicap International, déi eis soll an Erënnerung ruffen, datt et op der Welt net iwwerall esou friddlech zougeet, wéi bei eis. Dofir dot d‘Schong géint d‘Ongerechtegkeet aus… Wie seng Schong op d‘Pyramid leet, ënnerstëtzt en Affer, dat e Fouss, e Been verluer huet.

Am Virfeld zu dëser Aktioun hat Handicap International (HI), seng nei Petitioun-Campagne „Eng Ënnerschrëft, ee Mann dee steet“ lancéiert an de Medie virgestallt. Zil vun dëser Campagne ass et, d‘Welt zu engem neien internationalen Ofkommes ze bewegen, wat dann derzou féiere sollt, datt et trotz de Konflikter zu manner Affer ënner der Zivilbevëlkerung kënnt.

Den Direkter vun HI Lëtzebuerg, Martin Lagneau, weist drop hin, datt all Dag 90 Zivilisten uechtert d‘Welt, d‘Affer vun enger explodéierender Waff (vun der Bomm iwwert déi ballistesch Rakéit hin zu „improviséierte“ Sprengsätz) ginn. HI verlaangt dann och net, datt des „Waffen“ solle verbuede ginn, stellen awer kloer, datt wien Bommen op Ziviliste werft, et Verbrieche begeet.

Fir e Krich ouni Enn

„D‘Benotze vun explosive Waffen a bewunnten Zonen“, esou HI „huet dramatesch Konsequenze fir d‘Zivilbevëlkerung. Net nëmmen datt essentiell Infrastrukturen zerstéiert ginn, hei gi Joerzéngten net duer, fir nom Konflikt opzeraumen. Ongezünt Sprengsätz suerge fir en Krich ouni Enn“, betount de Martin Lagneau. Dee weess awer och, datt keng Natioun sech vun dëse Waffesystemer trennt.

Hir Campagne soll dann och derzou bäidroen, datt d‘Bombardéiere vu bewunnten Zonen ophält. Et gëtt zudeem, mat dësen Attacke géint d‘Zivilbevëlkerung, géint d‘Genfer Konventioune verstouss, déi sech op de Schutz vun der Zivilbevëlkerung bezéien. An esou wéi et aktuell ausgesäit, wier d‘Lag schlëmmer wéi nach 1939/1945, stellt den Direkter vun Handicap International fest.

„Fréier ware massiv Zerstéierunge punktuell Phänomener, de Krich huet sech gréisstendeels op oppenem Terrain ofgespillt, op deem sech d‘Truppen entspriechend bewege konnten. Haut spillen sech d‘Konflikter virzuchsweis an urbanen Zonen of. Mat den entspriechende Konsequenze fir d‘Zivilbevëlkerung“, erkläert de Martin Lagneau, dee sech vill vun der Petitioun erhofft.

Et ass e Rateschwanz

Vill Leit an Europa sinn sech, an dat ass engem laange Fridde geschëlt, net wierklech bewosst, wéi vill Bommen, Rakéiten, artisanal Sprengkierper an ähnlecht Gedrecks, a bewunnte Gebidder „erofginn“ ouni dat se hiert Wierk vollbréngen. Laut der ONG, huet dat dozou gefouert, dat 2017, uechtert d‘Welt, eng 43.000 Mënsche vu Sprengwaffe verletzt oder ëmbruecht goufen.

Um Beispill vum Irak, esou den Temoignage vum Sarah Sijjad Ali Kalbay, Verantwortlech vum Programm „Erzéiung zu de Risike vu Sprengwaffen“, léisst et sech erklären. Do liewen d‘Leit och haut nach an de bestänneger Angscht viru Bombardementer. D‘Mënsche sinn traumatiséiert, an dozou kommen all déi „verstoppte Sprengfalen“, déi et direkt op d‘Zivilbevëlkerung ofgesinn hunn.

Dat mécht dem Sarah Sijjad Ali Kalbay säin Optrag ëmsou méi wichteg. Hie bréngt de Leit op der Plaz bäi, wéi ee Bommen a Minnen erkennt. Hie beréit d‘Awunner wéi se sech ze verhalen hunn, wann si esou engem déidleche Géigestand begéinen. An dat sinn der net grad wéineg. Allgemeng ass dovunner auszegoen, datt bis zu engem Drëttel vun de Sprengwaffen net beim Impakt zünden.

(K)eng „einfach“ Fuerderung

Wann et och nëmme versicht sech virzestellen, datt fir e Land wéi Syrien d‘Experte vu op mannst 30 Joer ausginn, fir d‘Bommen ze entschäerfen a fort ze bréngen, mussen engem d‘Dronkenellen ausgoen. Handicap International wëll dann och d‘Politiker an d‘Bierger mobiliséiert kréien, fir esou en neien Traité (wéi dee vun Ottawa oder Oslo) opzestellen.

Hei mécht sech de Martin Lagneau dann och näischt vir: „Dat alles brauch seng Zäit, mee d‘Traitéë sinn effikass. Um Beispill vun den anti-Personal Minnen, wou 180 Länner den Traité ugeholl hunn, léisst sech haut behaapten, datt et keng „zoulässeg“ Fabrikatioun oder Handel méi gëtt. 12 Länner hunn eppes wéi eng Deklaratioun ausgeschafft, an déi soll och deemnächst virgestallt ginn.

„Fir eng reell Aussiicht op en Traité ze hunn, brauch et allerdéngs de politesche Wëllen an d‘Ënnerstëtzung vun der Zivilgesellschaft. Hei huet och Lëtzebuerg seng Roll ze spillen“, seet den Direkter vun HI Lëtzebuerg, Martin Lagneau.

Related topics Handicap International, Petitioun, Plëss, Schong-Pyramid, Zivilgesellschaft
Next post Previous post