Search

You may also like

Bei de Wahlen a Kanada leien déi Liberal vir
Geek Stories

Bei de Wahlen a Kanada leien déi Liberal vir

Bezitt ee sech op d‘Prognosen, da sinn dem Justin Trudeau

TDF: Italien am Gléck, de Froome a Giel
Geek Stories

TDF: Italien am Gléck, de Froome a Giel

Mat der Arrivée vun der 5. Etapp huet sech d‘Hierarchie

Normalitéit am saudesche Kinnekräich
Geek Stories

Normalitéit am saudesche Kinnekräich

Op den 1. Dezember 2020 huet Saudiarabien de Virsëtz un

geek

Handy ouni Batterie entwéckelt

Eng kleng Sensatioun

Handy ouni Batterie entwéckelt

Amerikanesch Wëssenschaftler hunn en Handy entwéckelt, dee ganz ouni Batterie auskënnt. Eng technesch Leeschtung déi eist Liewe kéint revolutionéieren. Well wie kann haut nach ouni Handy uechtert d‘Welt lafen?

Virun eppes Klenges méi wéi 20 Joer huet den Handy sech breet gemaach a schnell huet deen sech etabléiert. Haut gëtt et siwe Milliarden Notzer weltwäit, also bal esouvill wéi et Mënsche gëtt. En Apparat deen omnipräsent ass, och an deene Géigende wou een se vläicht net erwaart. Et ass eben net eleng Fro vu Geld, mee Besoin an deen erfëllt den Handy.

Den Handy ee Gebrauchsgéigestand vu besonnescher Aart. Kaum en aneren Apparat stécht voll Innovatiounen. Den Handy ass zum „Smartphone“ ginn, eng Verlängerung vum Computer souzesoen. Ëmmer méi performant an zum Deel och ëmmer méi deier. Als Géigeleeschtung kritt een Applikatiounen an aner Optiounen, wat dann awer nees zu laaschte vum Energieverbrauch geet.

Ëmgedréit ass och gefuer

Chercheure vun der Universitéit Washington hunn sech grad dem Problem „Energieverbrauch“ ugeholl. An hinnen ass d‘Konschtstéck dann zu gudder Läscht och gelongen: En Handy ouni Batterie. Dee muss net méi geluede ginn, och ouni, datt een e misst tëschenduerch ausmaachen.

Aus ekologescher a sozialer Siicht eng formidabel Reussite. Et muss ee sech just d‘Konditiounen ukucke wéi de Kobalt an Afrika ofgebaut gëtt. Dat ee noutwennegt Material fir d‘Hierstellung vun de Batterien. Fir allerdéngs dohinner ze kommen, huet missen um Energieverbrauch gespuert ginn.

Et ass „deen éischten Telefon dee bal keng Energie verbraucht“ set de Shyam Gollakota, ee vun den Initiatore vum Projet „dee consomméiert just ee puer Milliwatt“. Wéi awer gëtt elo, och déi ganz wéineg Energie an der „Maschinn“ gespäichert?

D‘Wëssenschaftler hunn zwou Methode gekräizt: fir unzefänken ass den Handy mat enger Fotodiod ausgerëscht, déi mëscht aus der Luucht Energie. Op där aner Säit hunn d‘Chercheuren en Statioun opgebaut, déi Radiossignaler ausstraalt. Dës Statioun ass d‘Häerzstéck vun der Innovatioun.

Performance huet säi Präis

Wéi een et dierf erwaarden, huet dës Ergonomie en héije Präis an Termë vu Performance. Besonnesch wann een et mat de klengen technesche Wonner vun haut vergläicht. D‘Ausgesi vum Telefon ass dann och Droleg. Net déi klengste Spuer vun engem Masseprodukt. Alles an allen besteet en aus engem Circuit, senger Fotodiod, engem Clavier, dem Haut-Parleur an engem Micro. Zimlech rustikal, mee wonnerbar effektiv.

Dat huet och seng Erklärung. Well och wann een all d‘Optiounen op esou engem Apparat ewech léisst, eleng d‘Telefonéiere verbrauch enorm Energie. Den „Trick“ war et also d‘Iwwerdroe vun de Signaler ze modifizéieren. Fir gewéinlech geet dat analog Signal vun der Stëmm an ee numerescht Format ëmgewandelt. Dat ass dat wou vill Energie verbraucht gëtt.

Dësen Telefon wandelt den Toun a Radiossignaler ëm, dank senger Antenne a Basis-Statioun. Wann ee schwätzt, wandelt d‘Statioun den Toun deen iwwert de Micro empfaange gëtt ëm. Fir ze lauschtere gëtt d‘Signal decodéiert an iwwer den Haut-Parleur geschéckt. Esou ass also ee Knäppche bäigeprafft ginn, wéi dat bei engem Walkietalkie de Fall ass. Bis ewell ass d‘Tounqualiteit nach net déi bescht.

Just den Ufank

Fir d‘Wëssenschaftler awer ass et een Ufank. Mat dësem Projet hu se nach vill wëlles. Fir unzefänke muss d‘Reechwäit erweidert ginn. Bis ewell geet alles gutt bis 10 Meter vun der Statioun an si wiere scho frou dat op 15 Meter ze steigeren. Dat wier dann nach ëmmer net ganz datselwecht wéi en Handy, mee d‘Chercheuren denken op laang Siicht.

Ugesicht de niddrege Käschte vun der Statioun, ass et fir si absolut plausibel déi an den Internet-Router ze integréieren. Op mannst theoretesch kéint dësen Handy ouni Batterien also eng equivalent Ofdeckung wéi seng energiefriessend Konkurrenz hunn. Et gëtt da schonn iwwerluecht eng ganz Rei Optiounen un den Telefon ze adaptéieren. Zum Beispill ee System fir d‘Konversatioun ze verschlësselen an en Ecran. Als nächst Zil wier dann d‘Notzung vum Video.

Wéi och ëmmer, de Projet suergt fir Opmierksamkeet a Google wéist Interessi. Hir Recherche gëtt schonn zum Deel iwwert ee vu Google finanzéierte Fong gestäipt. Mat all de Miniaturisatiounsméiglechkeeten, kéint den Telefon zum Beispill a Gezei integréiert ginn. Nach ass et wuel net esou wäit, mee hei sti mer um Ufank vun engem grousser technologescher Entwécklung am Beräich vun der Kommunikatioun.

Foto: Courtesy Washington University

Related topics Handy, Kommunikatioun, Technologie
Next post Previous post