Search

You may also like

money
US-Virschrëfte fir Handelsbezéiunge mam Iran
Kultur Neiegkeeten

US-Virschrëfte fir Handelsbezéiunge mam Iran

Um Sonndegowend huet den Donald Trump bestätegt, datt hie keen

Gemengewahlen: wéi se hannert de Kulissen organiséiert sinn
Kultur Neiegkeeten

Gemengewahlen: wéi se hannert de Kulissen organiséiert sinn

Wéi et sech bei de Gemengewahle verhält, wa bis all

Editorial: SUPER LEAGUE – Um Wee vum Doud vum Fussball?
Kultur Neiegkeeten

Editorial: SUPER LEAGUE – Um Wee vum Doud vum Fussball?

E Putsch. D’Wuert kléngt staark, ma dat ass gëschter Moie

Happy Together – Een Hommage un d’Hôpitaux Robert Schuman

Happy Together – Een Hommage un d’Hôpitaux Robert Schuman

Och Sultry, eng modern A-Capella-Grupp aus Lëtzebuerg, huet decidéiert mam Mëttel vun der Musek an dem Vokalensembel ee perséinleche Merci auszeschwätzen. Mam Lidd Happy Together riichte si sech dobäi un d’Mataarbechter vun den Hôpitaux Robert Schuman, déi an Zäite vun der Covid-19-Pandemie eng exzellent Aarbecht leeschten a sech fir eis Gesondheet asetzen.

Beim Ophuele vum Lidd huet ee sech natierlech un d’Reegele vun der sozialer Distanz gehalen. T’ass een Doheem bliwwen, wou dunn all Sänger säi Beitrag agesongen an opgeholl huet. Déi eenzel Videoen sinn uschléissend zesummegesat ginn.

De spannenden Aarbechtsprozess kann een dobäi am Ofspann vum Video beobachten. Fir d’Museker war dëst eng nei Erausfuerderung, déi mat enger gewësse Komik verbonne konnt ginn. D’Hoffnung vun de Membere vu Sultry ass et, an der Zäit vun der Isolatioun a Quarantaine e bësse Freed an d’Liewe vun der Bevëlkerung ze bréngen.

Ma, lauschtert ee sech Happy Together un, dann huet een d’Grinsen automatesch am Gesiicht. Hat Dir haut schonn Är Dosis Spaass, Oflenkung a Begeeschterung? Da gëtt et elo Zäit!

Sultry

© Sultry

Méi zu Sultry

Déi dynamesch A-Capella Grupp Sultry ass 2017 zu Lëtzebuerg gegrënnt ginn. D’Band setzt sech dobäi aus Sänger aus de verschiddenste Länner a Kulturen zesummen, déi all eng gemeinsam Passioun deelen: Sangen. Mat enger Diversitéit aus Jazz, Pop a Gospel gëtt esou eng intensiv a pur musikalesch Atmosphär geschaft.

Sultry léisst esou déi cool Eleganz vum Frank Sinatra an Ella Fitzgerald, dat melodescht Geschéck vum Stevie Wonder an de Spaass vun den Disney Filmer nees opliewen. Hei ass fir jiddwereen eppes dobäi!

Geleet gëtt de Grupp vum Karen MacDonald-Humphries. Den nächsten Optrëtt fënnt – hoffentlech – um 14. Oktober 2020 am Foyer Europeen statt.

Méi zu Sultry fannt Dir op hirer Internetsäit an op Facebook.

Related topics A-Capella, Coronavirus, Covid-19, Happy Together, Hommage, Hôpitaux Robert Schuman, Merci, Musék, Sultry
Next post Previous post