Basisformatioun gepackt: 48 Zaldoten hunn hiert Verspriechen ofginn

Ganzer 48 Zaldoten hunn déi 4 Méint Basisformatioun erfollegräich ofgeschloss an e Freideg hiert feierlecht Verspriechen ofginn.

Am klenge Kader huet déi offiziell Vereedegungszeremonie um Härebierg zu Dikrech stattfonnt. Bei dëser 41. Sessioun vun de Rekrutten goufen déi Zaldot geéiert, déi mat Succès wärend de leschte Méint op hir zukünfteg Aktivitéiten an der Arméi virbereet gi sinn.

Zaldoten
Uewen lénks: (1. Rei v.l.n.r.) Generol Steve Thull, Stabchef vun der Lëtzebuerger Arméi; François Bausch, Vize-Premier a Verdeedegungsminister; Colonel Yves Kalmes, Truppekommandant; (2. Rei v.l.n.r.) Adjudant-Major Steve Ries, Adjudant vun der Arméi; Adjudant-Major Marc Meyers, Adjudant vun der Arméi – weider Biller: Andréck vun der Zeremonie © Lëtzebuerger Arméi

An dësem Kader huet de François Bausch, Vize-Premier a Verdeedegungsminister op déi zuelräich Erausfuerderungen a Missioune vun der Arméi higewisen. Ab dem 15. Januar 2022 gi beispillsweis iwwer 200 Zaldoten an de 5 Testzenteren agesat.

Latest news
Related news