Search

You may also like

Concours „DiffMix“ geet an d‘Verlängerung
Kultur Neiegkeeten

Concours „DiffMix“ geet an d‘Verlängerung

Den DiffMix Projet ass geduecht d‘Konscht un den Uert vun

Alles verstanen? – Fréijoersmiddegkeet
Kultur Neiegkeeten

Alles verstanen? – Fréijoersmiddegkeet

Et ass Fréijoer an d‘Natur erwächt zu neie Liewen… just

Viru 35 Joer: Def Leppard verëffentlecht „Pyromania“
Kultur Neiegkeeten

Viru 35 Joer: Def Leppard verëffentlecht „Pyromania“

Haut viru 35 Joer koum den drëtten Album vun der

HARIKO – bis November 2019 am Tunnel Gronn

HARIKO – bis November 2019 am Tunnel Gronn

Scho säit Mëtt Juli luet den Tunnel am Gronn op seng Ausstellung mam Titel Hariko an. Heibäi ginn 18 Wierker presentéiert, déi mat verschiddensten Technike vun 11 jonke Kënschtler kreéiert gi sinn.

D’Acrylbiller, Collagen an ee grousse Graffiti-Panneau sinn wärend de Konschtcoursen, déi vum franséischen Artist Victor Tricar ugebuede gi sinn, entstanen. Nach bis November 2019 kann een dës Ausstellung kucke goen. Den Entrée ass natierlech gratis.

Méi zu Hariko

Dës Initiativ vum Lëtzebuerger Roude Kräiz ass am Joer 2015 eng éischt Kéier zu Bouneweg lancéiert ginn, fir uschléissend am Joer 2018 op Esch-Uelzecht ze plënneren. D’Zil ass et, Konscht-interesséierte Jonken tëscht 12 a 26 Joer professionell artistesch Coursen a Workshoppen unzebidden. Heibäi geet een an déi verschiddenst Beräicher eran: vu Musek, Bijouen a Molerei, iwwer Graffiti, Danz, Skulptur an Theater ass alles dobäi.

Zu de jonken Artisten, déi momentan hir Wierker ausstelle gehéieren:

  • ALI Zeeshan
  • ALVES DE ROSARIO Fanny Esther
  • BAH Aberrahman
  • DEDONNO Franko
  • DENIS Shanti Nora
  • HAILE Danay
  • JOCHEM-THEMATOOG Jeurissen
  • LEYERS Julien
  • SALMANE Mohammed
  • SERARCANGELI Liam
  • THOLL Wendy

Opmaacherbild: © Diana Difino / VDL

Related topics Acryl, Collage, Graffiti, Hariko, Konscht, Tunnel Gronn, Victor Tricar
Next post Previous post