Duerchbroch bei der Harmoniséierung vun den ënneschte staatleche Karriären

Bei der Ënnerzeechnung vum jéngsten Ofkommes vun de Salaire fir den ëffentlechen Déngscht hate sech d’CGFP an d’Regierung am vergaangene Joer am Mäerz ënnert anerem dorop gëeenegt, déi aus der Analys zur Harmoniséierung vun den ënneschte staatleche Karriäre gewonnen Erkenntnisser esou schnell wéi méiglech ze verwierklechen.

D’Zilsetzung huet dora bestanen, ganz am Zeeche vun der Transparenz eng däitlech méi gerecht Struktur ze kreéieren wéi déi aktuell. Jorelaang huet déi ongläich Bezuelung fir groussen Onmutt bei de Beschäftegte gesuergt.

Méintlaang huet eng CGFP-Aarbechtsgrupp ënnert dem Virsëtz vum CGFP-Vizepresident Gilbert Goergen mam Minister vum ëffentlechen Déngscht iwwert eng laang iwwerfälleg Upassung verhandelt. Dank hirer Haartnäckegkeet an hirem Verhandlungsgeschéckt ass et der CGFP-Delegatioun gelongen, dem Minister wichteg Zougeständnesser ofzeverlaangen. Dat entspriechend Ofkommes gouf e Freideg vu béide Säiten ënnerzeechent.

An Zukunft gi just zwou vun de véier Gehaltsgruppe bäibehalen (C1 an C2). All Staatsbedéngschteter, déi aktuell der Karriär D1 ugehéieren, ginn an d’C1 Karriär opgeholl. Déijéineg, déi d’D2 an d’D3 Karriär ageschloen hunn, ginn an d’C2 Karriär agegliddert.

Ëffentlech Bedéngschteter, déi op mannst fënnef Joer Lycée oder eng gläichwäerteg Ausbildung virweise kënnen, ginn der C1 Kategorie zougeuerdent, déi aner Mataarbechter ginn an d’C2 Karriär agefüügt.

Fir d’Bedéngschteter vun der Grupp C1 an C2 gëtt et um Enn vun der Karriär eng Upassung vum Salaire. Bei de Verhandlungen huet d’CGFP drop bestanen, datt keen am Kader vun der Harmoniséierung finanziell Aboussen a Kaf huele muss.

Vereinfachung vun der berufflecher Neiorientéierung

A bestëmmte Gehaltsgruppe stoussen aktuell esou esou munch Staatsbedéngschteter, déi e Wiessel an eng aner Verwaltung virgesinn, op onbezwéngbar Steng am Wee. Duerch déi elo bevirstoend Upassunge gëtt dëse Problem aus der Welt geschaaft, sou datt enger berufflecher Neiorientéierung – falls dës erwënscht ass – näischt méi am Wee steet.

D’Indexpunkten, déi fir Posten mat besonnescher Verantwortung („postes à responsailité particulière / PAP) garantéiert goufen, ginn net ugepaakt. An der C1 Karriär fale 15 Punkten un, an der C2 Karriär sinn et der 10. Fir déi wéineg Fäll, an deenen d’Harmoniséierung zu enger Benodeelegung féiere kéint, goufen Iwwergangsbestëmmungen vereenbaart. Bäibehale ginn zudeem och déi 10 Punkten, déi engem ëffentleche Bedéngschteten zoustinn, deen am Besëtz vun enger Meeschterprüfung („brevet de maîtrise“) ass.

Verbeamtung vun alle Staatsemployé elo méiglech

Fir datt déi ausgehandelt Harmoniséierung ganz verwierklecht ka ginn, musse bestoend Reglementer, wéi z.B. bei der Police sou wéi bei der Arméi, den neie Bestëmmungen ugepasst ginn.

D’Ofkommes, dat e Freideg ënnerschriwwe gouf, stellt zudeem en Novum duer: Elo erhale Staatsemployé an den ënneschte Karriären, ënnert Berécksiichtegung vu gewësse Viraussetzungen, d’Méiglechkeet vun enger Verbeamtung.

D’CGFP weist sech erfreet doriwwer, datt déi a Virzuch geroden Harmoniséierung vun de sougenannte „carrières inférieures“ no laangen an zéie Verhandlungen endlech ënnert Dach a Fach ass. Si äussert zugläich de Wonsch, datt geschwënn och d’Neiregelung vun der Lafbunn vum Fleegepersonal („aide-soignants“) zu engem erfollegräichen Ofschloss kënnt.

Un d’Regierung geet den dréngenden Appell, sech dorëm ze këmmeren, datt déi restlech Punkte vum Gehälterofkommes fristgerecht ëmgesat ginn.

Matgedeelt vun der CGFP


Annexe

Dernières nouvelles