Search

You may also like

D’App SANTE.lu ass a Betrib!
International Neiegkeeten

D’App SANTE.lu ass a Betrib!

Fir der Bevëlkerung den Informatiounszougang zur ëffentlecher Gesondheet ze erliichteren

Et gëtt eng „hot“ Rentrée
International Neiegkeeten

Et gëtt eng „hot“ Rentrée

Déi politesch Rentrée dierft, streng geholl, net onwiesentlech méi liicht

Fummelt mer net um Internet!
International Neiegkeeten

Fummelt mer net um Internet!

Nee, hei geet et net ëm Pornoen um Internet. Op

Récktrëtt & Verhaftung vum Hashim Thaci

Kosovaresche President vum Parquet zu Den Haag wéinst Krichsverbriechen ugeklot

Récktrëtt & Verhaftung vum Hashim Thaci

Am Juni hat de Parquet vum internationale Jugoslawien-Tribunal (ICTY) zu Den Haag géint den Hashim Thaci an eng Rei weider politesch Gréissten eng virleefeg Uklo wéinst Krichsverbriechen opgesat. Dës Klo gouf elo bestätegt an de President vum Kosovo huet d‘Konsequenze gezunn a säi Récktrëtt erkläert.

D‘Integritéit vum Staat ze schütze wier seng éischte Flicht, esou den Hashim Thaci, dee gëschter zu Pristina bestätegt huet vum Geriicht ënner Uklo gestallt ginn ze sinn. Dëst Geriicht gehéiert formal zum Kosovo, war allerdéngs wéinst dem internationalen Drock zu Den Haag installéiert ginn. Dëst Geriicht huet d‘Aufgab, déi vun der kosovaresch-albanescher Krichspartei begaange Verbriechen am Onofhängegkeetskrich vum Kosovo (1998/99) juristesch opzeschaffen.

Elo gëtt dem Hashim Thaci a senge Komplize virgeworf, wärend dem Konflikt mat Serbien, Mord, Folter a Verfolgung zumindest an Optrag oder ugeuerdent ze hunn. Zu hiren Affer gehéiere Kosovo-Albaner, Serben, Roma wéi och Membere vun aneren ethnesche Minoritéiten. Den Hashim Thaci war de grousse Chef a Kommandant vun der UCK, seng Kumpel „Offizéier“ vun dëser Miliz.

Hashim

Fir Schued vum Land Kosovo ofzewennen, wëll de supposéierte Krichsverbriecher Hashim Thaci, net als President viru Geriicht erschéngen. Do wäert hien a gudder Begleedung sinn. Och de Chef vun Demokratescher Partei (PDK) Kadri Veseli huet bestätegt, mat ugeklot ze sinn. Hie wär dann och schonn ënnerwee Richtung Den Haag, fir sech dëse Beschëllegungen ze erwieren. Den Hashim Thaci ass dogéint vun den zoustännegen Autoritéite verhaft ginn.

Am Kontext vum kosovareschen Onofhängegkeetskrich hat et sengerzäit iwwer 10.000 Doudeger an honnertdausende Verdriwwener ginn. Et gëllt als erwisen, datt déi meeschten Affer op de Kont vu serbesche „Sécherheetskräfte“ ginn. Elo, eppes méi wéi 20 Joer nodeems d‘Verbrieche stattfonnt hunn, soll den ICTY fir eppes Gerechtegkeet suergen. Mee wien ausser d‘Affer interesséiert dat?

mat indymedia/ams/mow

Foto: De fréiere President vum Kosovo an UCK-Kommandant Hashim Thaci (lénks am Bild) mat sengem grousse Frënd, dem tierkesche President a Sultan vun Ankara, Recep Tayyip Erdogan. Den Hashim Thaci, huet d‘Tierkei ëmmer als Alliéierten a Partner vum Kosovo betruecht. © Governement of Kosovo (29.10.20)

Related topics Den Haag, Hashim Thaci, ICTY, Kosovo, Krichsverbriechen, Onofhängegkeetskrich, Tribunal
Next post Previous post