Search

You may also like

Zu Réimech gouf geschoss – d‘Police sicht no Zeien
Money Neiegkeeten

Zu Réimech gouf geschoss – d‘Police sicht no Zeien

Wéi d‘Police de Moie matgedeelt huet, ass gëschter am spéiden

Jonkt Liewen: Een Owend fir Erënnerungen an Opbréch
Money Neiegkeeten

Jonkt Liewen: Een Owend fir Erënnerungen an Opbréch

Wéi loossen sech Kandheets- an Erwuessenenerënnerungen literaresch erfaassen? A wéi

Ofdreiwen, ass wéi sech engem bezuelte Killer ze bedéngen
Money Neiegkeeten

Ofdreiwen, ass wéi sech engem bezuelte Killer ze bedéngen

E Mëttwoch huet de Poopst Francis de Schwangerschaftsofbroch an senger

money

D‘Haus vun der Bio-Gesondheet wiisst weider

D‘Haus vun der Bio-Gesondheet wiisst weider

Um Belval sollen dem Haus vun der Bio-Gesondheet nach an dësem Fréijoer eng 350 Quadratmeter Laboratoire bäigeprafft ginn. Si sollen ausschliisslech fir d‘Gesondheetstechnologie genotzt, an nationale wéi internationale Start-ups oder Spin-offs zur Verfügung gestallt ginn.

Dës indirekt Subventioun vu privatem Entreprenariat betrëfft ronn eng Dose Wirtschaftsacteuren. Si kommen deels aus dem Lëtzebuerger Gesondheetsinstitut, ginn iwwert de Programm „Fit4Start“ ugelackelt, et gëtt och am Land usässeg privat Laboratoire déi vun dëse Raimlechkeete profitéieren dierfen. Interessant ass d‘Bedeelegung vu britteschen Entreprisen…

Et ass net manner Interessant, wéi de Generaldirekter vum Haus vun der Bio-Gesondheet, Jean-Paul Scheuren, erkläert firwat et wichteg ass, ëffentlecht Geld a Fuerschung ze stiechen, déi dann an éischter Linn de „private Profit“ vun enger privilegiéierter Elite maximéiert. De Verloscht gëtt hei bekanntlech „sozialiséiert“, also vun de Steierzueler gedroen.

Dat dierf net driwwer ewechtäuschen, datt et wichteg a sënnvoll ass, och weiderhin nei Therapien, Medikamenter ze entwéckelen. Laut dem Jean-Paul Scheuren géif zu Lëtzebuerg exklusiv u Projete geschafft déi der Bevëlkerung zerguttst kommen. Wien hei d‘Raimlechkeeten zur Fuerschung notzt, mécht datt jo och nëmme fir ee puer Méint, et géif jo och ëm den Echange.

Bio-GesondheetOch an dësem sougenannten „House of Biohealth“ geet et letztendlech nëmmen drëms, laangfristeg grousse Pharmakonzerner de maximale Profit zu Laaschte vun de sozial schwaache Mënschen ze assuréieren. Dës Konzerner, déi ganz lukrativ Posten am Verwaltungsrot verginn, ëmginn sech besonnesch gäre mat Wirtschafts- a Finanzministeren…

Esou ee Service ass besonnesch fir Start-up Entreprise eng grouss Hëllef, déi jo net op dat grousst Geld zréckgräife kënnen, an dës Flexibilitéit dierften ze appreciéiere wëssen. Dofir muss awer emol fir unzefänke Geld ënnert d‘Leit bruecht ginn. Laut dem Generaldirekter vum Haus vun der Bio-Gesondheet, kascht d‘Ariichtung esouvill wéi de Réibau.

Säitens dem Wirtschaftsministère, wou ee bekanntlech besonnesch grousszügeg ass, wann et drëms geet a Gesondheet ze investéieren, sollen an dësen drëtten (a viraussiichtlech leschten) Ausbau vum Haus fir Bio-Gesondheet, 850.000 Euro investéiert ginn. Zousätzlech gëtt dëst privat-ëffentlecht-Partenariat mat enger Loyer-Garantie substantiell ënnerstëtzt.

Wann alles fäerdeg, also den Ëm- an Ausbau vum Haus vun der Bio-Gesondheet ofgeschloss ass, stinn do 5.500 Quadratmeter Bürosflächen, an nach emol 9.500 Quadratmeter Laboratoire-Fläch bereet. Do sollten dann, esou de Generaldirekter vum Haus vun der Bio-Gesondheet, bis zu 600 Fuerscher kënnen ënnerbruecht ginn. En Datum fir d‘Aweiung gëtt et nach net.

Illustratioun: © Michael Longmire / unsplash

Related topics Haus vun der Bio-Gesondheet, House of BioHealth, Jean-Paul Scheuren, Pharmaindustrie, Wirtschaftsministère
Next post Previous post