Search

You may also like

Venezuela schéckt EU-Ambassadrice heem
Neiegkeeten

Venezuela schéckt EU-Ambassadrice heem

Nodeems Bréissel weider Sanktioune géint dat südamerikanescht Land verhaangen huet

De Prënz Guillaume gëtt neie Scoutechef
Neiegkeeten

De Prënz Guillaume gëtt neie Scoutechef

Nom dout vum Groussherzog Jean, deen zanter dem Enn vum

Wann d‘Leit net emol méi de Protokoll bezuelen
Neiegkeeten

Wann d‘Leit net emol méi de Protokoll bezuelen

Tëscht 2013 an 2019 sinn eng 700.000 Protokoller net bezuelt

Hausdéier oder net?

Hausdéier oder net?

Elo dauert et net méi laang a Chrëschtdag steet virun der Dier. Wat steet dann op de Wonschlëschten? E séissen Hond, eng Katz oder villäicht souguer e Kanéngchen sollt et éischter net sinn. En Hausdéier ass mat Verantwortung verbonnen. Kréien d’Kanner dat hin oder mussen d’Elteren déi ganz Aarbecht iwwerhuelen?

Hausdéiere sinn eng Beräicherung. Si erfëllen d’Wunneng mat Freed. Mir kënnen mat hinne kuschelen, ma se verléieren och e gudde Koup Hoer. Ech kennen der vill, déi sech als Kand en Hausdéier gewënscht hunn.

Och mäi Meedchen huet sech viru Joren en Hausdéier gewënscht. D’Famill krut schliisslech eng kleng Kaz, déi den Numm Charly kritt huet. Ufanks war d’Begeeschterung grouss. Mir hunn dem Charly beim spillen nogekuckt, e geheemelt an ëm voller Léift Leckerlie ginn.

Hausdéier© Paul Hanaoka / unsplash

Eng vun de Bedéngunge war, datt mäi Meedchen sech ëm “säin” Déier këmmert. Dat ass méi einfach gesot, wéi gemaach. Bemol war et meng Aufgab si ze fidderen an d’Toilette propper ze maachen. Drop oppassen, datt et hier un näischt feelt. Bis datt den Zauber verschwonnen ass.

Mat der Zäit sinn d’Aufgabe lästeg ginn, et huet net laang gedauert a mir hunn eis iwwer de ganzen Haushalt gestridden. Mä Déiere sinn ewéi Mënschen, si brauchen Opmierksamkeet a Fleeg. Een Déier kann een net ewechleeën, et ass e Liewewiesen. Si hunn hiren eegene Charakter.

Sech en Hausdéier unzeschafe soll wuel iwwerluecht ginn. Dofir loosst et Iech uerdentlech duerch de Kapp goen – a besuergt Iech keent, nëmme fir Äre Kanner eng Freed ze maachen oder wëll d’Déieren als Bebeën esou léif sinn!

Wien huet dann Hausdéieren? A wéi gitt Dir mat der Fleeg ëm? Gëtt se opgedeelt?

Opmaacherbild: © Chewy / Unsplash

Related topics Cadeau, Chrëschtdag, Fleeg, Hausdéier, Hond, Kaz, Léift, Verantwortung
Next post Previous post