Search

You may also like

De Grupp Saint Paul annoncéiert ee Sozialplang
Neiegkeeten

De Grupp Saint Paul annoncéiert ee Sozialplang

Um 17. September sinn den LCGB an d‘Personaldelegatioune vum Personal

money
De Pierre Gramegna stellt sech der Finanzkommissioun
Neiegkeeten

De Pierre Gramegna stellt sech der Finanzkommissioun

Et ass kengem entgaangen, datt mir 2020 hannert eis gelooss

Kand an der Wäschmaschinn ëmbruecht
Neiegkeeten

Kand an der Wäschmaschinn ëmbruecht

D‘Mamm vum klenge Bastien, deen 2011 an enger Wäschmaschinn ëmbruecht

Nei „Etiketten“ fir Haushaltsapparater

Ab dem 1. Mäerz ginn nei energetesch Etiketten op enger ganzer Panoplie vun Haushaltsapparater ubruecht, esou wëll et eng europäesch Direktiv

Nei „Etiketten“ fir Haushaltsapparater

Esou wéi et säitens dem Wirtschaftsministère an dem Lëtzebuerger Institut fir Normalisatioun, Accreditatioun an d‘Qualitéit vun de Produkter an Déngschtleeschtungen (ILNAS) matgedeelt gëtt, constituéiert den energeteschen Etiquettage vun der EU fir de grousse Public eng wäertvoll Hëllef, fir ee méi iwwerluechte Choix ze treffen, wann et drëms geet nei Haushaltsapparater unzeschafen.

An dësem Kontext weisen déi uewe genannten Acteuren drop hin, datt dës „Energie-Etikett“ wuel ee risege Succès erfuer huet, leider awer och selwer en Affer vun dësem Erfolleg ass. Erklärung: wat sech déi energetesch Effizienz vun den Haushaltsapparater ëmmer méi verbessert huet, wat logescherweis d‘Produkter ëmmer méi déi „iewescht“ Kategorie besat hunn. Ënner „D“ huet ee kaum nach Produkter fonnt, an den Ënnerscheet tëscht „A++“ an „A+++“ war net méi ersiichtlech.

Et soll also nees alles fir de Konsument „verständlech“ ginn, dat natierlech méiglechst op ee Bléck. Et ass jo och esou schwiereg an opwänneg, verantwortlech ze konsuméieren, an sech eventuell am Virfeld vun enger Acquisitioun ze informéieren. Mat den Etikette fält dat alles ewech, allerdéngs progressiv, well d‘Industrie muss sech och den neien Ufuerderungen emol upassen, dat brauch Zäit.

Méi verständlech ausgedréckt: der EU-Kommissioun geet et drëms d‘Hiersteller ze „motivéieren“ méi innovativ an energetesch spuersam Haushaltsapparater hierzestellen. Den Etiquettage vun aktuell A+++ bis D, soll also progressiv op d‘Klassifikatiounen „A bis G“ ëmgestallt ginn. Zudeem soll d‘Etikett, dank engem bäigepraffte QR-Code Zougang zu besseren Informatiounen, déi an der Datebank EPREL (European Product Dtabase for Energy Labelling) gespäichert sinn, erméiglechen.

Wat sech ännert

Vum 1. Mäerz un musse folgend Haushaltsapparater den neien Etiquettage opweisen:

  • Wäschmaschinnen
  • Wäschmaschinne mat Trockner-Funktioun
  • Televisiounen
  • Computerbildschiermer
  • Frigoen
  • Tiefkühler
  • Wäikeller
  • Spullmaschinnen

Ab dem 1. Mäerz hunn d‘Händler dann awer nach14 Schaffdeeg zur Verfügung, fir déi al Etikette vun den Apparater auszetauschen. Dat gëllt selbstverständlech och fir den Onlinehandel, an fir d‘Reklammebliedercher. An dat ass eréischt den Ufank, et geet ab dem Hierscht mat der Rentrée weider. Esou sinn ab dem 1. September d‘Etikette vun de Luuchten drun, an och dat ass net alles.

Mat dësem System gedenkt d‘EU-Kommissioun, d‘Hiersteller vun Haushaltsapparater dovunner ze iwwerzeegen, weider innovativ Produkter ze entwéckelen. Déi sollten dann awer net nëmme méi „nohalteg“ an „energetesch spuersam“ sinn. Hei hätt een och kënnen drun denken, wann ee schonn ee QR-Code asetzt, an der Datebank op d‘Reparaturfäegkeet vun de Produkter hinzeweisen.

Dat géif zumindest Sënn maachen, wann een esou Etiketten zum „Schutz vun Natur, Ëmwelt a Ressourcen“ an d‘Liewe rifft. Dat awer géif dem „stännege Wuesstem“ entgéintwierken. Well déi ganz Ekonomie jo op Konsum, an net op Nohaltegkeet fundéiert. Leider muss ee sech nach ëmmer mat klénge Schrëtt zefridde ginn, déi net emol éierlech gemengt sinn. Schued, hei war méi dran.

Illustratioun: © Nick Fewings / unsplash

Related topics energeteschen Etiquettage, Energie, Europäesch Direktiv, Haushaltsapparater, Klimawandel
Next post Previous post