Search

You may also like

Washington: Tëleerealitéit am Wäissen Haus
International Neiegkeeten

Washington: Tëleerealitéit am Wäissen Haus

E Méindeg huet sech den Donald Trump, mir näischt, dir

De Lëtzebuerger Hunnegbéier
International Neiegkeeten

De Lëtzebuerger Hunnegbéier

Wann den Hunnegbéier elo net direkt eng „Nouveautéit“ ass, esou

Weess zu Washington déi riets Hand wat déi lénk mécht?
International Neiegkeeten

Weess zu Washington déi riets Hand wat déi lénk mécht?

Den Donald Trump huet déi tierkesch Invasioun net nëmmen erméiglecht,

Haut geet et ëm de Brexit

Europäeschen Ënnerhändler Michael Barnier zouversiichtlech wéi scho laang net méi

Haut geet et ëm de Brexit

Den EU-Kommissär Michel Barnier soll laut diplomatesche Quellen, gëschter Owend erkläert hunn datt et ënnert den Experten, zu verschiddene Punkten esou eppes Eenegkeet gëtt. Et wier, esouguer eng Léisung fir Irland fonnt ginn, inklusive Matsproocherecht fir déi nordiresch Volleksvertrieder. D‘Brite sollen och zougesot hunn, europäesch Ëmwelt- an Sozialstandarden net ze ënnerbidden.

Wéi et am Beräich vun der Ëmsazsteier bezéiungsweis der TVA soll goen ass allerdéngs nach net ofschléissend gekläert. Et heescht weider, datt ee vun engem Accord, och dowéinst nach e gutt Stéck ewech wier. Si sinn also nach um Schaffen an d‘Hoffnung, déi gesaten Ziler ze erreechen, besteet nach. Ënnert de „Realisten“ ass ee méi pragmatesch, do geet et net vun enger Eenegung aus.

BrexitSchliisslech gëtt elo och vun den Ënnerhändler erwaart, datt si en Text opsetzen, deem d‘Staats- a Regierungscheffe beim EU-Sommet kéinten unhuelen. Deen huet gëschter nach net virgeleeën an deen dierft och haut, wann iwwerhaapt, eréischt méi spéit am Dag Sprochräif sinn. Woubäi dat fir dee Boris Johnson nëmmen en Detail ass. Hien huet de Briten de Brexit zum 31. Oktober versprach.

An et ass dann och net eleng domatter gedoen, d‘EU-Memberlänner ze iwwerzeegen – wat den Ament nach auszeschléissen ass – et muss uschléissend och d‘Parlament zu London iwwerzeegt ginn. Och do sollt een net dovunner ausgoen, datt déi „Beschlossfäeg“ wieren, do hätt ee jo gären, datt de Boris Johnson sech fir eng Fristverlängerung sollt asetzen, wat dëse garantéiert net mécht.

Fir d‘Brite wéi fir d‘Europäer wier et allerdéngs – an dat net eleng aus wirtschaftleche Grënn – eng gutt Saach, wann een dës Scheedung manéierlech a mat Anstand iwwert d‘Bühn géif bréngen. Hei geet et nieft perséinlech-politesche Wënsch an dem wirtschaftleche Suizid och ëm Mënschen an der Aart a Weis wéi déi an Zukunft matenaner ëmginn. Dat lescht Kapitel ass nach net geschriwwen.

mat indymedia/bru

Related topics Boris Johnson, Brexit, EU-Kommissioun, EU-Sommet, Michel Barnier, No Deal
Next post Previous post