Search

You may also like

De wichtegste Stopp vum Dag: Sensibiliséierungscampagne bei Barrièren
International Neiegkeeten Stories

De wichtegste Stopp vum Dag: Sensibiliséierungscampagne bei Barrièren

D’CFL deelt mat, datt een och dëst Joer nees um

D’geschloent Kand vun der Literatur
International Neiegkeeten Stories

D’geschloent Kand vun der Literatur

Wann et em Science Fiction geet, ass wuel keng Communautéit

Editorial: Vu politeschen Imperfektiounen a rhetoreschen Aussetzer
International Neiegkeeten Stories

Editorial: Vu politeschen Imperfektiounen a rhetoreschen Aussetzer

Iert een iwwert en hierfält, ass e gutt Beroden sech

Haut schonn der Iwwerwaachungskamera zougewonk?

Haut schonn der Iwwerwaachungskamera zougewonk?

Um haitege 16. August fënnt den internationalen Aktiounsdag, bei deem een Iwwerwaachungskameraen zouwénke soll, statt. De kuriéisen Dag gëllt als wuel faulste Protest géint déi iwwerwaachte Sécherheet.

De sougenannten International Wave At The Surveillance Cameras Day geet héchstwahrscheinlech op een/eng Anti-IwwerwaachungsaktivistIn zeréck, den/déi op de Pseudonym Zorbitor lauschtert. D’Initiative geet op d’Joer 2011 zeréck, mee esou richteg weess een net, wisou ee sech genau de 16. August erausgesicht huet an op d’Evenement wierklech vum Zorbitor gegrënnt ginn ass.

Mat ironescher Frëndlechkeet gëllt et haut frech an d’Iwwerwaachungskameraen ze grinsen an ze wénken. Schliisslech ginn et jo mëttlerweil an all Géigend an un all Eck genuch vun dëse Sécherheetsmoossnamen. D’Elektronik ass jo och méi bëlleg, wéi Polizisten anzestellen.

Trotz Kameraen herrscht Onsécherheet

Bei all Gare, Geschäft, Geldautomat an aneren ëffentleche Gebaier sinn Iwwerwaachungskamerae montéiert. D’Iwwerwaachung vum ëffentleche Raum soll dobäi hëllefen, schwéier Strofdote schnell opzeklären, fir Ofschreckung ze suergen a soumat ee séchert Gefill bei der Bevëlkerung entstoen ze loossen. De Problem gesinn allerdéngs vill Leit am Verschwanne vun der Anonymitéit, bezuelen doe mir mat eiser Fräiheet.

Iwwerwaachungskamera

Dateschutz bei private Kameraen

D’Direktiv zum Schutz vu perséinlechen Daten (95/46/EG) bezitt sech och op Videoopname vun Iwwerwaachungskameraen, déi vun enger Persoun um eegenen Eefamilljenhaus montéiert an op den ëffentleche Stroosseraum geriicht sinn.

Viru wéinege Joren huet den Europäesche Geriichtshaff dës Decisioun getraff, nodeems bei engem Tschech doheem agebrach ginn ass, hien awer eng Kamera um Haus ubruecht hat, déi d’Entrée vum Gebai, den ëffentleche Stroosseraum an d’Entrée vum Haus vis-à-vis gefilmt huet. Nodeems d’Fënster ageschloe ginn ass, konnt een déi zwee Verdächteg um Video identifizéieren.

Ee vun den Abriecher huet spéider op säi Recht vum Dateschutz zeréckgegraff, wouduerch herno den Tschech eng Geldstrof bezuele misst. Schliisslech hat den Abriecher net säin Averständnis ginn, an der Ëffentlechkeet gefilmt ze ginn.

Eleng déi eege Persoun, perséinlecht Eegentum, d’Gesondheet an d’Liewe vu sech an der Famill dierfen duerch eng Iwwerwaachungskamera geschützt ginn. Hëlt d’Technik méi, wéi just déi privat Sphär op, esou gëllen d’Daten net méi eleng dem perséinlechen oder familiäre Wuel.

Opmaacherbild: Courtesy Banksy

Related topics Aktiounsdag, Europäesche Geriichtshaff, faule Protest, Iwwerwaachungskamera, Sécherheet
Next post Previous post