Haut soll gespillt ginn

Um haitege Samschdeg fënnt den internationale Weltspilldag statt. Dësen Aktiounsdag, ass am Joer 1999 duerch d’ International Toy Library Association agefouert ginn.

Mat dësem Dag solle Kanner – an och Jugendlecher op hiert Recht op fräit Spillen opmierksam maachen.

An dësem Dag ginn dacks ënnerschiddlech Aktiounen an d’Liewe geruff. Si solle beim No- an Ëmdenken hëllefen. Dobäi gëtt keen Ënnerscheed tëscht Kanner, Elteren, Noperen oder aneren Autoritéite gemaach.

Bei all Kand ass d’Virwëtz an d’Loscht ze spillen net nëmmen ugebuer, mee grouss. Op dës Manéier fanne si sech mat der Zäit selwer a ginn erwuesse, sozial Mënschen. Dobäi soll d’Spillverhale vum Kand op kee Fall « erofgemaach » ginn. Et ass keng Langweil. Jiddweree spillt op seng Manéier. Gëtt dëst Verhalen net gestéiert, kann all gudden Kannerdokter erausfannen, ewéi wäit d’Kand schonn ass – ënnert anerem a senger Warnehmung, de motoresche Leeschtungen.

Mir brauchen Spill, Spaass a Beweegung. Sief dat dobannen, oder an enger selwer gebauter Buerg an der Stuff.

Dernières nouvelles